Note de service #4 du 18 mars 2020 - First Responder

Un all Pompjee vum CGDIS,  

Nodeems de Premier Minister gëschter an der Chamber annoncéiert huet zu Lëtzebuerg den Etat de Crise auszeruffen huet sech de Comité Directeur vum CGDIS am Owend via Telekonferenz zesumme gesat a folgend Decisioun getraff:

Well et momentan schwéier realisabel ass all First Responder vum Land individuell mat adaptéierten Schutzausrüstungen ze equipéieren a well déi komplett Schutzsetten fir #COVID an #I3 Asätz op der Ambulanz geduecht sinn, ass mat “Effet immédiat”  entscheet ginn de First Responder Déngscht temporär komplett anzestellen a soumat si ab elo a bis op Weideres keng FR Déngschtlëschten ze fleegen. First Responder ginn deementspriechend och net méi bei vitalen Urgencen alertéiert. Et geet drëms eist Personal kengem onnéidege Risiko auszesetzen an Asazbereetschaft vum CGDIS laangfristeg ze sécheren.           

Momentan besteet kee Mangel u Material mee well Nobestellungen net kënnen garantéiert ginn biede mir Iech drop opzepassen an déi néideg Moyen’en net ze verschwenden. D’Situatioun gët permanent evaluéiert a Consignen a Funktioun vun der Entwécklung ugepasst.

De Centre de Gestion des Opérations (CGO) bereet de CGDIS ob eng Montée en Puissance iwwer eng länger Period fir. Weider Missiounen kéinten op de CGDIS zoukommen wou d’Ënnerstëtzung an d’Energie vun all Pompjee am Land gebraucht géif ginn. Dofir maache mir den Opruff är Permanencen esou gutt wéi méiglech am Incendie/Sauvetage Beräich ze garantéieren an Leit déi sech op de SAP Beräich konzentréiert/spezialiséiert hunn an d’Richtung vum Ambulanzendéngscht ze orientéieren.

All CIS kritt kuerzfristeg iwwer d’Zonen eng kleng Quantitéit u Masques chirurgicaux fir all HLF/LF/TLF. Déi si geduecht fir am Fall vun engem Akzident/Asaz wou d’Ekipp als éischt ob der Plaz géif ukommen dem Patient unzedoen fir de Risiko vun eng potentiell Kontaminatioun ze miniméieren. De Material géif wéi beim Stiffneck nom Asaz duerch den RTW ersat ginn. Bei enger Aide Ambulance kréien selbstverständlech déi bedeelegt Pompjeeën dat néidegt Material vun der Equippe vum RTW zougestallt.

Allgemeng Informatioun

Urgence gi just nach am CHEM Esch, CHDN Ettelbréck an dat respektiv Déngschtspidol an der Stad (CHL oder HOKI) gefouert.

Dernière mise à jour