Nodeems elo déi 3. Phase vum Déconfinement ufänkt, wäerten och am CGDIS ab dem Méindeg 1. Juni verschidden Mesuren, déi am Kader vum COVID-19 geholl ginn sinn, ugepasst musse ginn. An dëser Note fannt Dir all d’Ännerungen respektiv déi aktuell nach gülteg Mesuren:
NEI: Large Scale Testing
Am Kader vun der Strategie vun der Regierung fir d’Bevëlkerung ze testen, gouf festgehalen, dat déi fräiwëlleg an haaptberufflech Mataarbechter zu der Kategorie 1 zielen, also deene Beruffsgruppe wou den Infektiounsrisiko a Verbreedung vum Virus am Gréissten ass. D’Invitatioune fir sech testen ze loosse wäerten an de nächsten Deeg an 3 Phasen eraus goen: 1. All Persounen déi fräiwëlleg oder haaptberufflech am Beräich Secours à personne an den Asaz kommen. 2. All aner fräiwëlleg an haaptberufflech Pompjeeën. 3. Dat administrativ an technesch Personal. Bei de fräiwëllege Pompjeeë kann et sinn dat Dir, jee no ärer berufflecher Aktivitéit 2 Invitatioune kritt. Déi 2. Invitatioun ass dann einfach ze ignoréieren!
De Large Scale Testing ass fir de CGDIS e wichtegt Element fir fréizäiteg festzestellen, op et eventuell Infektiouns-Cluster an eise Reie gëtt, respektiv fir esou Cluster ze verhënneren. Dofir géife mir Iech bieden, un dëser Aktioun deelzehuelen, virun allem (awer net nëmme) wann Dir oft Kontakt mat Patienten huet. Falls Dir informéiert gitt, dat Dir positiv getest gouf, denkt drun, eis dat matzedeelen:
Telefon: 49771-9150 (tëschent 9:00 a 15:00 Auer an der Woch) oder iwwer Mail: absences@cgdis.lu
ÄNNERUNG: Reaktivatioun vum Service First Responder
De Service First Responder gëtt ënnert verschidden Conditiounen erëm aktivéiert. Heizou kritt Dir d’nächst Woch eng detailléiert Nott mat allen néidegen Erklärungen a Consignen.
ÄNNERUNG: Accès un d'CISen a Räimlechkeeten vum CGDIS (Nott 1)
Niewt de Léit déi Permanence hunn, däerfen alleguerten d’Memberen vum CGDIS erëm an de CIS, déi do eng wichteg Aktivitéit hunn (administrativ Aarbecht, Entretien, Maintien des acquis, etc.).
Dëst gëllt och fir d’Amicalen, déi hier Aktivitéiten am CIS awer w.e.g. sollen mam Chef CIS ofstëmmen, fir datt kee Risiko fir den opérationnellen Déngscht entsteet.
De CIS soll awer net als Openhaltsraum genotzt ginn an den Openthalt soll op den néidegen Minimum reduzéiert ginn. D’Hygiènemoossnaamen sinn strikt anzehalen.
Den Accès vun externen Léit ass och op den fir den Betrib vum CIS néidegen Minimum (z.B. Entretien, Reparatioun) ze beschränken. Visiteuren sinn aktuell nach keng erlaabt.
ÄNNERUNG: Quarantaine oder konfirméierte COVID Fäll a Suivi vun den Absencen (Nott 1, Nott 3)
All Member vum CGDIS, ob professionellen, administrativ/techneschen oder volontaire Member, muss sech (am Viraus) ofmelle wann hien net schaffe kommen oder um aktiven Déngscht deelhuele kann, wéinst Congé de maladie, Congé pour raison familiale, Isolement oder Quarantäne, an zwar op der Telefonsnummer:
Telefon: 49771-9150 (tëschent 9:00 a 15:00 Auer an der Woch) oder iwwer Mail: absences@cgdis.lu
Dëst ass besonnesch wichteg a Fäll wou Dir selwer positiv op COVID-19 getest gouft oder wéinst engem Kontakt a Quarantäne gesat gouft. Nëmmen esou kënne mir sécher stellen, datt sech de Virus net an de Réihen vum CGDIS verbreed.
Vergiesst och net ären Supérieur hiérarchique, Chef CIS, Chef GIS oder Chef de base SAMU ze informéieren!
KENG ÄNNERUNG: Rationale a Fachgerechte Gebrauch vun de Schutztenuen (Nott 1)
Mir bieden Iech weiderhin e rationellen a fachgerechte Gebrauch vun eise Schutztenuen ze maachen. Respektéiert dofir ëmmer eis intern Prozeduren déi op de Recommandatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) baséiert sinn.
ÄNNERUNG: CGDIS intern Manifestatiounen an Aktivitéiten
Versammlungen déi fir de Service wichteg sinn, sinn erëm erlaabt, wann déi vun der Regierung virgeschriwwen Reegelen agehalen ginn (fest Sëtzplazen mat 2m Distanz dertëscht, Droen vum Mask, etc.).
Gréisser Manifestatiounen (z.B. Generalversammlungen) a Rassemblementer vu Leit sinn weiderhin net erlaabt.
KENG ÄNNERUNG: Aktivitéiten vun der Jugend si suspendéiert (Nott 2)
D’Aktivitéite vun der Jugend bléiwen och bis op wéideres suspendéiert, fir och dem Konzept vun der Trennung vun de Jonken an der Schoul Rechnung ze droen an net eng Vermëschung innerhalb vun de Jugendgruppen entstoen ze loossen.
KENG ÄNNERUNG: Keng Begleetpersoun an der Ambulanz ausser bei Mannerjäreger (Nott 3)
Et däerfe keng Begleetpersoune méi an der Ambulanz matgeholl ginn (mat Ausnam vun Eltere vu Kanner an eventuell bei Persounen ënnert Tutelle). An deem Fall ass d’Begleetpersoun och mat enger Mask ze equipéieren d’nämmlecht wéi de Patient. D’Persoun soll no Méiglechkeet hannen dran an net bei de Chauffer.
KENG ÄNNERUNG: Pompjeeën déi zu der Kategorie "Personnes vulnerables"gehéieren därfen net mei op d’Ambulanzen agesat ginn (Nott 3)
Et solle keng Memberen, déi zu der Kategorie vun de «Personnes vulnérables» zielen, méi op den Ambulanzen agesat ginn. Et ass eis Aufgab, dës Léit prioritär ze protegéieren, wat net mat dem Déngscht op der Ambulanz vereenbar ass.
Pour rappel: les personnes vulnérables sont les personnes de plus de 65 ans ou celles qui souffrent déjà d’une des maladies listées ci-après. Les maladies concernées sont:
- Le diabète
- Les maladies cardio-vasculaires
- Les maladies chroniques des voies respiratoires
- Le cancer
- Une faiblesse immunitaire due à une maladie ou à une thérapie
ÄNNERUNG: Besatzung vun den Ambulanzen/RTW ass erëm zu 3 Pompjeeën méiglech. (Nott 3)
D’Ambulanzen/RTW däerfen erëm wéi am Règlement opérationnel définéiert mat 3 Pompjeeën besat ginn :
· 1 Chef d’agrès SAP hannen beim Patient,
· 1 Equipier SAP als Chauffer,
· 1 Equipier SAP stagiaire (optional).
(Dës Emplois opérationnels sinn als Mindestniveau ze verstoen, méi héiche Emplois sinn och erlaabt.)
ÄNNERUNG: Besatzung vun HLF/LF/DL erëm mat voller Besatzung (Conditioun: Droen vun Mondschutz)
Ënnert der Conditioun datt jidderzäit de Mondschutz (Chirurgesch Mask / Cagoule ) gedroen gëtt, däerfen d’Asazgefiirer erëm mat voller Besatzung besat ginn.
KENG ÄNNERUNG: All Patient kritt ee « Masque chirurgical » ugedoen (Nott 3)
Bei all SAP Asaz soll de Patient (an een eventuelle Begleeder) een «Masque chirurgical» ugedoe kréien.
KENG ÄNNERUNG: Medizinësch Rotschléi fir Memberen vum CGDIS (Nott 3)
De Service de Santé au Travail (STP) bitt weiderhin ee Service fir déi fräiwëlleg a berufflech Pompjeeë vum CGDIS un, fir medezinesch Rotschléi am Zesummenhang mam COVID-19 an dëst am Kader vun hirer Aktivitéit als Pompjee ze ginn (Symptomer, richtegt Verhalen no engem Kontakt, asw.). Dëse Service mécht keng medezinesch Consultatiounen (keng Krankeschäiner, keng Ordonnancen, asw.) an ass just fir d’Membere vum CGDIS.
Telefon: 49771-2493 (an der Woch vun 9-12 an 13-17 Auer)
ÄNNERUNG: Embargo op Auslandsreesen an Auslandmissiounen (Nott 3)
Auslandsreesen am Kader vu CGDIS Missiounen oder fir Formatiounszwecker sinn spezifesch ze motivéieren an just mam Accord vum Generaldirekter erlaabt.
ÄNNERUNG: Urgencen an Ännerung vum Gardeplang vun de Spideler an der Stad. (Nott 4 & Nott 7)
Urgence gi just nach am CHEM Esch, CHDN Ettelbréck an dat respektiv Déngschtspidol an der Stad (CHL oder HOKI) gefouert.
Opgepasst: Ab dem 1. Juni 2020 wiesselt och erëm den Déngschtplang vun den Déngschtspideeler (CHL & HOKI) an der Stad.
ÄNNERUNG: Desinfektioun no engem #I3 Asaz (Nott 5 & Nott 7)
Nom Ofliwwere vum Patient schéckt de CSU-112 den RTW oder eventuell de SAMU fir Desinfektioun an e vun de folgende CIS’en:
· CIS Esch-sur-Alzette
· CIS Ettelbrück
· CIS Luxembourg
· CIS Mertert (net méi opérationnel)
· CIS Redange (net méi opérationnel)
Hei gëtt d’Equippe bei der Desinfektioun vun hirem Won encadréiert, si kënnen duschen a kréie frësch Kleeder. Wichteg ass dat nom Ofliwwere vum Patient op direktem Wee an den designéierte CIS gefuer gëtt. Do soll d’Equippe am Woon sëtze bleiwen an op d’Uweisunge vum Desinfektor waarden. Uschléissend kritt d’Equipe vum RTW oder SAMU och dat verbrauchte Material (Tyvek, Masken, Brëll etc.) ersat. Bei enger #COVID Alertéierung sollen direkt nom Ofliwwere vum Patient Kontaktfläche mat Wipes desinfizéiert ginn. Dat heescht all Plazen wou entweder d’Equipe oder de Patient dermadder a Kontakt komm sinn.
KENG ÄNNERUNG: Wäschen vu Schutzbrëller (Nott 7)
No Gebrauch mat engem Wipe uerdentlech desinfizéieren an minimum 1x / 24 Stonne mat Seef a waarmem Waasser wäschen.
ÄNNERUNG: Recyclage vun Désinfektiounsfläschen
Déi eidel Désinfektiounsfläschen ginn eng läschte Kéier den 2. Juni vun der DMS agesammelt fir erëm opzefëllen. No dëser läschter Collecte kënnen déi eidel Fläschen erëm wéi gewinnt entsuergt ginn.
ÄNNERUNG: Schutzmoossname bei der Reanimatioun Covid-19 (Nott 5)
Et ginn adaptéiert Verhaalensreegelen fir bei der Reanimatioun. Dës fannt Dir an der Annexe vun dëser Nott.
KENG ÄNNERUNG: Interventioune wou d’Präsenz/Ënnerstëtzung vun der Police néideg ass (Nott 5)
Bei Asätz wou d’Police mat derbäi ass fir d’Sécherheet vun eise Leit ze garantéieren, soll wa méiglech just 1 Police-Beamte mat an d’Ambulanz eran. Dëse Beamte soll déi néideg Schutztenue vun der Ambulanz zur Verfügung gestallt kréien a vum Ambulanzepersonal gewise kréie wéi en se korrekt uleet an och erëm ausdoe muss.
KENG ÄNNERUNG: Consignen iwwer d’Hygiène an den ARI Atelier’en (Nott 5)
Keng Ännerungen par rapport zu de läschten Consignen.
ÄNNERUNG: Astellen vum Dispatching vun de Patienten op déi verschidde Spideeler (Nott 6)
Bedéngt duerch déi faalend Unzuel vun COVID 19 infizéierte Leit zu Lëtzebuerg fänkt d’Aktivitéit vun de Spideeler nees un lues a lues normal ze fonktionnéieren. Doduerch ass den Dispatching an der aktueller Form net méi noutwendeg.
Deemno gëtt den Dispatching op den 29. Mee 2020 24h00 suspendéiert.
Vum 30. Mee um 00h00 un, wäert nees en Zielkrankenhaus op der Alarmdepesche matgedeelt gin an d’AMB/RTW kënnen hiere Patient direkt an daat indizéiert Spidol féieren ouni dem CSU 112 Bescheed ze soën.
E Bilan no ABCDE-Schema mat de Symptomer vum Patient muss awer och weiderhinn gemaach ginn, wann nach weider Mëttelen op der Plaz gebraucht ginn (zB .Nobestellen vun engem SAMU) oder nach ënnerwee sinn (zB. First Responder ier eng AMB/RTW op der Plaz ass). All Präzisiounen heizou fannt dir an der neier Nott „Kommunikation im Einsatz“ déi den 27. Mee verschéckt gouf.
Weiderhinn muss den CSU och kontaktéiert gin fir déi Fäll déi an der Note NDS_DCO_20190003 vum 18.07.2019 opgelëscht sinn (Kannerklinik, AVC, Maternité,…).
ÄNNERUNG: Centres de soins avancés an Centre de traitement (Nott 7)
Dës ginn an de nächsten Deeg a Wochen ausser Betrib geholl, d ‘Struktur vum CSA Luxexpo bleiwt awer stoen fir au Besoin erëm reaktivéiert ze ginn:
· 01.06.2020: CSA Ettelbrück & Grevenmacher ginn zou.
· 15.06.2020: CSA Esch Rockhal geet zou
· 15.06.2020: CSA Lëtzebuerg Luxexpo geet zou.
Ënner dem Hyperlink fannt Dir déi aktualiséiert Versioun vum Dokument « Notaufnahmen, Centres de soins avancés (CSA) und Centre de Traitement (CT) ».
KENG ÄNNERUNG: Krisekommunikatioun (Nott 7)
CISen a GISen solle bis op Weideres all Aart vun opérationneller Kommunikatioun ënnerlossen. Sief et op sozial Medien, Internet oder soss aner Kanäl. Asazrelevant Informatioune kënnen un comops@cgdis.lu an 112@cgdis.lu geschéckt ginn. Déi Informatioune ginn dann zentral traitéiert an eventuell verëffentlecht. Weiderleeden oder Deele vun offiziell Informatioune vum CGDIS ass erlaabt.
KENG ÄNNERUNG: Droen vun engem Otemweeschutz (Nott 8)
Eng «Mesure barrière» déi säit dem 20. Abrëll landeswäit obligatoresch ass, ass d’Droe vun engem Otemweeschutz, wann een d’Sécherheetsdistanz vun 2m tëscht zwou Persounen net kann anhalen. Mir erënneren dofir och nach eemol speziell drun, datt den Otemweeschutz just eng zousätzlech Sécherheetsbarrière ass, an déi aner Gesten, virun allem den Ofstand vun 2m an d’reegelméissegt Hännwäsche weiderhi strikt a konsequent ze applizéiere sinn.
KENG ÄNNERUNG: Progressiv Reprise vun den Activitéiten vum INFS (Nott 9)
Den Institut National de Formation des Secours huet ab dem 5. Mee etappeweis nees mat de Formatiounen ugefaangen. Ab dem 1. Juni kann de Maintien des Acquis och an de CIS'en a GIS'en nees ulafen, ënnert der Konditioun, datt net méi wéi eng Sektioun zesumme schafft an d’Hygiènereegelen beuecht ginn.
KENG ÄNNERUNG: Wiederopnam vun den medezinischen Ennersichungen am Service santé au travail des pompiers (Nott 10)
Medezinesch Ënnersichunge vum Service santé au travail des pompiers (STP) hunn den 4. Mee nees normal ugefaangen.
KENG ÄNNERUNG: Allgemeng Informatioun
Aktualiséiert operationell Informatiounen ronderëm de COVID-19 bléiwen a gebündelter Form um Site vum CGDIS (https://112.public.lu/fr/Coronavirus.html) ze fannen