
Le CGDIS recrute des pompiers professionnels
Fonctionnaires de l’Etat dans le groupe de traitement C1
Mir hëllefen an allen Noutlagen! Vun Ambulanz an techneschen Hëllefsleeschtungen, bis op d’Interventioune bei Feier a Katastrophen. Iwwerall do wou Mënschen, Déieren oder Proprietéiten a Gefor sinn.
Ons Hëllef fänkt do un, wou Mënschen an Nout sinn an net méi weider kommen. Fills Du dech vun esou enger Aarbecht ugesprach?
Wann’s Du...
- Freed drun hues fir anere Leit ze hëllefen;
- bereet bass fir Responsabilitéit ze iwwerhuelen;
- Courage hues an awer iwwerluecht handele kanns;
- Loscht hues an enger Equipe ze schaffen;
- am Lifelong Learning kee Schreckgespenst gesäis.
...da bass Du dee richtege Kandidat!