Doerfel David

Candidat pour le représentant des pompiers volontaires au Conseil d'Administration au CGDIS

 

 

Virnumm: David
Familljennumm: DOERFEL
Matricule CGDIS: DODA02
Cadre: Cadre de base, Brigadier
Alter: 33
CIS: Echternach, Berdorf

GIS: Sauvetage aquatique
Aktiv säit: 1995

 

 

 

Meng Motivatioun:

Ech gesinn et als grouss Éier un fir déi fräiwëlleg Pompjeeën am CA vum CGDIS ze representéieren.

De fräiwëllege Pompjee ass Basis an den Ursprong vum lëtzebuergesche Rettungsdéngscht, seng Besoinen dierfen net aus den Ae verluer ginn a musse verdeedegt ginn.

Ech perséinlech hunn Gefill wei wann de Benevole säit aféiere vum CGDIS oft widder de Kapp gestouss ginn ass. Meckeren hëlleft net, dofir maachen!

 

Meng Kompetenzen:

Authentizitéit, ech verstelle mech net vis à vis vun anere Leit.
Loyalitéit, ech trieden ëmmer fir Interesse vu mengem Entourage an a stellen hier Besoinen iwwer meng eegen.
Beurdeelungsvermeigen, ech ka Situatiounen a Persoune gutt aschätzen an dann deementspriechend op Problemer reagéieren.
Frustresistent, ech mengen dat ass eng ganz wichteg Kompetenz an engem CA.

 

Meng Erfarungen fir dësen Posten:

Ech si säit 1995 an de Rettungsdéngschter aktiv, dobäi engagéieren ech mech virun allem am techneschen Beräich.

Ech hunn ASBL cgdis.it matgegrënnt, déi Pompjeescorpsen en Asaatzmonitor zur Verfügung stellt.

Momentan si mer zu puer Kollegen umgaang den Dronen a Robotik-Beräich vum CGDIS opzebauen.

 

Fierwat sollt Dir mech wielen:

Ech well mech fir de Benevolat am CGDIS asetzen, ech hoffen dass ech duech meng Präsenz an Aarbecht dozou bäidroe kann, dass de fräiwëllege Pompjee sou valoriséiert gëtt wei en et verdéngt huet.

 

3 Wierder déi mech am beschten Beschreiwen:

Korrekt, Frëndlech, Éierlech

 

 

Dernière mise à jour