Schmit Jean-Luc

Candidat pour le représentant des pompiers volontaires au Conseil d'Administration au CGDIS

 

 

Virnumm: Jean-Luc
Familljennumm: SCHMIT
Matricule CGDIS: SCJE33
Cadre: fräiwëllegen Pompjee
Alter: 43
CIS: Sanem-Differdange
Aktiv säit: 1988

 

 

Meng Motivatioun:

Meng Motivatioun ass, datt ech mech fir déi Fraen an Männer, déi am fräiwëllegen Rettungsdéngscht täteg sin, wëll ansëtzen. Fannen et beonrouegend, wéll ech feststellen muss, datt emmer méi Fräiwëlleger d'Handduch geheien, wéll se sech an der neier Struktur vun de Rettungsdéngschter net méi gehéiert respektiv integréiert fillen.

 

Meng Kompetenzen:

Wann ech mech misst ob meng Kompetenzen festleen, denken ech, wieren hei nët genuch Zeilen do, fir daat schrëftlech festzehaalen. All Eenzelen vun Ons, deen am fräiwëllegen Rettungsdéngscht täteg ass, wees vun waat ech schwätzen. Nierft den normalen Formatiounen eegent een sech mat de Johren Kompetenzen un, déi an kengem Léierbuch stin, an  daat, well een jo meeschtens mat Menschen an Nout  ze dinn huet. 

 

Meng Erfarungen fir dësen Posten:

Mat 10 Joer sin ech bei d'Jugendwiehr bäigetrueden.Mat 16 Joer sin ech dann bei déi erwuessenen Pompjeen eriwergewiesselt. Zäitgläich sin ech och bei der deemoleger Protection Civile bäigetrueden. Mëttlerweil sin ech 43 Joer aal an sin nach emmer,mat enger gesonder Portioun Idéalismus an Begeeschterung, aktiv derbäi.

 

Firwat sollt Dir mech wielen:

Fir déi déi mech kennen, wëssen datt mir den fräiwellegen Rettungsdéngscht um Haerz läit an daat och nie wëll obgin esou laang meng Gesondheet maer daat erlaabt. Ech hun zwou Familljen. Eng dovunner hun ech selwer gegrënd :-).


3 Wierder déi mech am beschten Beschreiwen:

Hëllefsbereed, sin kritesch awer och selbstkritesch an Kompromessbereed.

 

 

Dernière mise à jour