Wohl Fränky

Candidat pour le représentant des pompiers volontaires au Conseil d'Administration au CGDIS

 

 

Virnumm: Fränky
Familljennumm: WOHL
Matricule CGDIS: WOFR02
Cadre: CIS Pétange
Alter: 47
CIS: Pétange
Aktiv säit: 1982

 

 

 

Meng Motivatioun:

Ech sinn zënter 1982 Member bei de Pompjeeën, an hunn an därer Zäit eng ganz Partie klenger a grousser Asätz erlieft, och wann ech zënter enger Zäitche net méi bei Asätz vir mat dobäi sinn, mee et éischter aus der 2. Reih erliewen, denken ech dat ech mat menger Vue vun 2 Säiten (administrativ&operationell) e wichtegen Apport fir d'Rettungswiese brénge kann.

 

Meng Kompetenzen:

Ech ka relativ gutt mat legislativen Texter ëmgoen a si fäeg "Out-of-the-box" ze denken; ech hunn eng gewësse redaktionnell Fäegkeet, mat därer ech meng Iwwerleeungen och ganz gutt schrëftlech matdeele kann; ech sinn informatesch gudd gerüst; ech si fäheg eng konstruktif Kritik ze maachen a stinn hannert menge Wierder.

 

Meng Erfarungen fir dësen Posten:

Sekretär vum Corps vun de fräiwellege Pompjëen vun der Gemeng Péiteng zenter 1995, Generalsekretär vun der Pompjeesfederatioun an de Joeren 1999-2001, Membre vum Bureau exécutif élargi vun der FGFC, Präsident vun der Elternvereenegung Gemeng Dippech, Fonctionnaire am Innenministère vun 2000-2012.

 

Fierwat sollt Dir mech wielen:

Ech setze mech net fir mech eleng an, mee fir d'Kollegen a fir d'Zukunft vum Rettungswiesen

Déi fräiwelleg Pompjeeën brauchen e Vertrieder deen hir Sproch schwätzt, deen si versteet, mat hinne schwätzt an een dee wees waat Benevolat heescht.


3 Wierder déi mech am beschten Beschreiwen:

Engagement, Motivatioun, Eierlechkeet

 

Dernière mise à jour