Portzen Marc

Candidat pour le représentant des pompiers volontaires au Conseil d'Administration au CGDIS

 

 

Virnumm: Marc
Familljennumm: PORTZEN
Matricule CGDIS: POMA02
Cadre: supérieur
Alter: 47
CIS: Hosingen
Aktiv säit: 1990

 

 

Meng Motivatioun:

Am Conseil d'administration matschaffen. D'Meenung an d'Gefiller vun den Membren um Terrain mat anbrëngen an den politëschen Décideuren des Meenung erklären. Ech hun lang Erfahrung an den Hëllefsdëngschter an wëll derfir suergen dass die Freiwëlleg eng Stëmm hun, an net am groussen System vum CGDIS ënnergin.

 

Meng Kompetenzen:

Ech kann mech gudd an séier an Dossiers ranschaffen an se am Sënn vum Freiwëllegen analyséiren. Ech sin zënter ganz villen Joëren gewinnt un Versammlungen deelzehuelen an do ze schwätzen an meng Meenung ze soën an ze vertrieden. Wëll ech vun jonkem un an den Hëllefsdëngschter sin, kann ech d'Gefiller vun den Deenen verstoen, an riwwer brengen, di sech elo am CGDIS mussen rëmfannen.

 

Meng Erfarungen fir dësen Posten:

Seit ronn 30 Joër am Rettungswiesen aktiv. Zenter méi wi 20 Joër Instrukter fir Eischt-Hëllef an Ambulanz.

Vill Joëren Chef-Instrukter adjoint bei der ASS. Vun 2001 un Zenterchef bei der Protection Civile, der ASS an lo beim CGDIS.

 

Firwat sollt Dir mech wielen:

Ech weess waat um Terrain leeft an faerten net fir d'Meenung vun den Leit vum Terrain mat an den Conseil ze huelen. Ech kann d'Hëllefsdëngschter vun fréier an haut zësummenbrengen, fir dass se am CGDIS daat sin waat se verdingt hun.

 

3 Wierder déi mech am beschten Beschreiwen:

Erfahrung - Kompetenz - Diplomatie

 

Dernière mise à jour