Fleming David

Candidat pour le représentant des pompiers volontaires au Conseil d'Administration au CGDIS

 

 

Virnumm: David
Familljennumm: FLEMING
Matricule CGDIS: FLDA01
Cadre: Cadre de base, Sergent
Alter: 41
CIS: Mamer
Aktiv säit: 1993

 

 

 

 

Meng Motivatioun:

Ech hu mech décidéiert fir Kandidat fir de Vertrieder vun de fräiwëllege Pompjeeën am Verwaltungsrot vum CGDIS ze sinn, fir ze hëllefen eng Hand mat unzepaken a fir dat déi Fräiwëlleg net ze kuerz kommen.

Beim CGDIS ginn et nach eng ganz Rei vun Sujeten déi mussen ugepaakt ginn, sou z.B. muss d ‘Zesummenaarbecht zwëschen de Fräiwëllege an den Haaptberufflechen nach gefördert ginn.

 

Meng Kompetenzen:

Ech si Gemengebeamten, maache quasi all Dag Déngscht an fueren regelméisseg mat raus. Duerch mäi Beruff hunn ech och eng gewëssen Disponibilitéit. Ech hunn deen alen Inspekter-Examen fir d ‘Pompjeeën gemaach an och gepackt. Hunn och Coursen am Ausland gemaach. Ech well zum geléngen vum Projet CGDIS mäi Bäitrag leeschten.

 

Meng Erfarungen fir dësen Posten:

Member an den Pompjeeë säit 1993 a Member an der Protection Civile säit 1995

Ambulancier, BAT3 a Präventiounscours, IFIS3 - Instrukter, Fire Protection Manager (CFPA-E), ...

Ech sinn Feier a Flam fir mäin Hobby an am Asaz fir eis Matbierger.

 

Firwat sollt Dir mech wielen:

Ech hunn eng laangjäreg Erfahrung am Rettungsdéngscht an kommen aus engem Zenter wou et Fräiwëlleger an Haaptberufflecher ginn. Mäin Urgrousspapp war vun 1919-1944 Chef de Corps zou Konsdref an och am Kantonalverband. Déi 3 Funck‘en, déi President vun der FNSP waren an ech hu gemeinsam Virfare.

 

3 Wierder déi mech am beschten Beschreiwen:

Jonk, dynamesch an sportlech (gi vill lafen, fir mech fit ze halen)

Dernière mise à jour