Gales Laurent

Candidat pour le représentant des pompiers volontaires au Conseil d'Administration au CGDIS

 

 

Virnumm: Laurent
Familljennumm: GALES
Matricule CGDIS: GALA01
Cadre: Fräiwellege Pompjee
Alter: 38
CIS: Wincrange
Aktiv säit: 1995

 

 

 

 

Meng Motivatioun:

Wei ech héieren hunn, dat dëse Posten ausgeschriwwe gi géif, hunn ech geduecht, dat et eng gutt Geleeënheet wär, mäin Deel zum Volontariat bäizedroen an och dofir ze kämpfen, dat och an Zukunft de CGDIS fir déi Fräiwëlleg attraktiv bleift. An dësem héiche Gremium (Verwaltungsrot) kann een d’Wäerter vun de fräiwëlleg Pompjeeë verdeedegen .

 

Meng Kompetenzen:

Ech si flexibel, kann Initiative ergräifen, sinn Entscheedungsfäeg a bereet fir ëmmer eppes bei ze léieren.

Ausserdeem sinn ech ganz tolerant, objektiv a ka Kritik astiechen, mee awer och kritiséieren.

 

Meng Erfarungen fir dësen Posten:

Ech war a sinn a Komiteeë vun e puer Clibb. De CGDIS ass e bësse méi grousse Club wou Komerodinnen a Komeroden hirem Beruff, a virun allem am Volontariat, hirem gemeinsamen Hobby noginn. Ausserdeem huelen ech a mengem Job u verschiddene Aarbechtsgruppen deel, wou grad sou vill diskutéiert gëtt wei an engem CA...

 

Firwat sollt Dir mech wielen:

Séit 1995 sinn ech fräiwëllege Pompjee. Vum Jugendpompjee, iwwert den Equipier bis zum Chef de Peloton a Chef de Centre adjoint a mengem Heemecht CIS, hunn ech bei all dëse Poste meng Erfarunge sammele kënnen. Dës Erfarunge géif ech als consultative Vetrieder vun de volontaire Pompjeeën am Verwaltungsrot vum CGDIS mathuelen a probéieren dës Wäerter ze verdeedegen.

 

3 Wierder déi mech am beschten Beschreiwen:

Hëllefsbereet, Kontaktfreedeg, Selbstironesch

 

Dernière mise à jour