Krieps Bram

Candidat pour le représentant des pompiers volontaires au Conseil d'Administration au CGDIS

 

 

Virnumm: Bram
Familljennumm: Krieps
Matricule CGDIS: KRBR01
Cadre: Cadre supérieur des pompiers volontaires
Alter: 37

CIS: Moutfort
GIS: Humanitarian Intervention Team
Aktiv säit: 1997

 

 

Meng Motivatioun:

Well mech asetzen dass Scheier tëschent den Fräiwellegen an den Berufflechen Pompjeeën net ëmmer weider auserneen geet. Dei Fräiwëlleg Pompjeeën sollen vill méi mat agebonnen ginn an Prozesser an Décisiounen déi geholl ginn, an net dauernd virun Fait Accomplie gesat gin. Verpassten asetzen fir dei Fräiwelleg Pompjeeën vun der FNSP bei der Créatioun vum CGDIS nozehuelen.

 

Meng Kompetenzen:

Net opginn bis Ziel errescht ass. Een Oppent Ouer fir all Mënsch.

Keng Angscht virun Discussiounen op héijem Niveau mat Konstruktiver Kritik.

An fir dass endlech eppes ännert mussen och mol Persounen op Platz gesat gin an éierlech Aussoen kommen.

 

Meng Erfarungen fir dësen Posten:

Mei wei 1O Joer an enger Kader Funktioun bei den Fräiwellegen Pompjeeën wei och bei engem Groupe spécial vun der Protection civile an dëst bis haut. Duerch mäin Beruff schaffen ech am Alldag mat Leit aus der ganzer Welt mat verschidden Charakteren an Kulturen.

 

Firwat sollt Dir mech wielen:

Déi Leit déi mech kennen, wëssen dass ech ëmmer do sinn wann een mech brauch, an si gewellt falls ech gewielt wär, niewent dem Fräiwellëgen Vetrieder vum CA nach op zonalem Niveau Leit ze hunn déi och gewielt sinn fir Doléancen weider no uewen ze ginn.

 

3 Wierder déi mech am beschten Beschreiwen:

Fair, éierlech an koherent

 

Dernière mise à jour