FAQ sur les indemnités des pompiers volontaires

 

FAQ – Meescht gestallten Froen – Indemnisatioun an den Unitéiten.

 

 

 

Wat ass d’ Zil vum néie System un Indemnitéiten an den Unitéiten?

 

De néie System fir d’ Indemnisatioun an den Unitéiten ass an Zesummenaarbecht vun de betraffenen Direktioune an dem Aarbechtsgrupp aus Fräiwëllegen deen sech Gedanken iwwer néi Indemnisatioun gemaach huet opgestallt, an dono vum Verwaltungsrot validéiert ginn. Et geet dorëms fir een pragmateschen a ëmsetzbare System ze hunn deen et erlaabt, net nëmme Zäit déi ee Fräiwëllegen dem Lëtzebuerger Land mat senge Garden a Permanencen zur Verfügung stellt ze indemniséieren, mee och déi kleng Aarbechten déi lenks a riets an engem CIS oder GIS ufalen. Hei gouf d’ Iddi vun Enveloppen zeréckbehalen. Ass et de perfekte System? Vläit net zu 100%. Mee no villen Diskussiounen an Analysen ass dee System zeréck behale ginn, dëst well en einfach ëmzesetzen ass, dem CIS/GIS eng grouss Autonomie gëtt fir sech selwer ze organiséieren wéi si hier Punkten verdeele wëllen, an et och ganz einfach fir de Moment déi eenzeg Méiglechkeet ass déi séier kann ëmgesat ginn a fir all CIS a GIS funktionéiert. De CGDIS stellt all CIS/GIS déi Enveloppen zur Verfügung, an et ass an der lokaler Verantwortung fir dëst méiglecht gerecht tëschent de Fräiwëllegen ze verdeelen.

 

Ewéi ginn déi Enveloppen festgeluegt?

 

Net am CIS oder GIS selwer, mee et ass den Département Finance deen all Joer d’ Donnéeën vun den eenzelen Parameter déi am Reglement stinn an déi gebraucht ginn fir d’ Enveloppen ze rechen nosicht, an eng Base de Donnée fëllt déi et erlaabt dass herno d’ Indemnitéiten ausbezuelt kënne ginn. Am CIS oder GIS musse just d’ Punkten, op 100 gerëschten, verdeelt ginn, dëst iwwert den Tableau. D’ Opdeelung vun der Enveloppe tëschent de Memberen a Form vun Euro, geschitt herno automatesch op Basis hunn de Punkten. Et ka net méi verdeelt ginn ewéi an der Enveloppe fir déi Unitéit an dee CIS/GIS dran ass. Wëll all Semester ausbezuelt gëtt, ass de Montant deen am éischte Semester ausbezuelt gëtt d’ Halschent vun der gesamter Enveloppe, déi aner Halschent bleift esou disponibel fir dat zweet Semester.

 

Sinn d’ Indemnitéite vum Chef CIS/GIS an déi vum Chef d’Unité cumulabel?

 

D’ Chef CIS/GIS Chef an hier Adjointen solle jo an enger Rei CIS/GIS eng Unitéit mat iwwerhuelen, si kënnen sech mat un der Enveloppe vun den Aarbechten an der Unitéit bedeelegen, mee d’Gestioun vun där Unitéit déi si iwwerhuelen gehéiere regulären Tâchen als Chef CIS/GIS/Adj, an dofir get et keng zousätzlech forfaitaire Indemnitéit. Wann déi managerial Aufgaben an enger Unitéit ze grouss ginn, kann iwwert d’Chef de Zone / DCO, gudd argumentéiert ugefrot ginn fir een zousätleche Chef d’Unité, esou verléiert an deem Fall de Chef CIS/GIS/Adj och keng Indemnitéit wann dee Fall géing antrieden.

Et ass net virgesinn dass eng Persoun méi ewéi eng Unitéit leede soll, et geet bei dëser Mesure jo dorëms dass d’ Verantwortungen un eis vill kompetent Memberen opgedeelt ginn, esou eng Équipe u Chef entsteet. D’ Direktioun wäert zesumme mat de Zonechef kucken dass d’ Nominatiounen bei de Chef d’ Unité u méiglechst vill Leit verdeelt ginn.

 

Kritt de Chef d’ Unité och eppes aus der Enveloppe ?

 

Fir seng Aarbechten als Manager vun der Unitéit kritt de Chef d’ Unité saï Forfait, fir all Aarbechten déi hien do dernieft an der Unitéit matschafft, kann hien natierlech och saïn Deel aus der Enveloppe kréien. D’ Ziel soll et awer op kee Fall sinn dass de Chef d ’Unité alles alleng mëscht, et geet dorëms eng Équipe opzebauen, déi zesummen an der Unitéit schaffen.

 

Wéi leeft et wann een aus engem anere CIS an enger Unitéit vu mengem CIS hëlleft?

 

An der Reegel sollen d’Aufgabe vun den Unitéiten am CIS vun de Memberen aus dem CIS ausgefouert ginn, allerdéngs kann et Ausname ginn déi Sënn maachen. Z.b. e CIS freet e Pompjee aus engem anere CIS fir bei enger bestëmmter Übung bei engem Maintien des Acquis auszehëllefe wëll déi Persoun doranner vill Erfarung huet, oder e Member fiert mam Camion vun engem anere CIS op d’ Kontrollstatioun well do keen deen Dag Zäit huet. An deem Fall kann déi Persoun, déi an deem anere CIS affektéiert ass, och iwwert d’ Enveloppe vum CIS bei där si ausgehollef huet indemniséierte ginn, d’Persoun muss just Enn vum Semester op de Relevé vun deem CIS an deem si ausgehollef huet mat agedroe ginn.

 

Ween validéiert d’ Punkten déi verdeelt ginn fir d’ Enveloppe ?

 

De Chef d’ Unité soll no beschtem Wëssen a Gewëssen kucken dass a senger Unitéit d’ Enveloppe fair a gerëscht verdeelt gëtt. Hei huet all CIS d’ Autonomie ewéi si hier Punkte verdeelen. Dëst ka geschéien an deem d’ Unzuel u Stonnen opgeschriwwe gëtt, et kann een zesummen een Schlëssel definéieren, et kann och pro Dossier opgedeelt ginn. De Chef d’ Unité gëtt dëst u saï Chef CIS um Enn vun all Semester (31/12 an 30/6) weider, dëse validéiert et, a schéckt et un d’ Zone. Et ass kloer dass weder an der Zone nach an den Direktioune kann novollzu zu ginn, ween wéivill geschafft huet. Et gëtt allerdéngs gekuckt fir ze encouragéieren dass d’ Unitéite keng One-Man-Show sinn wou just de Chef d’ Unité sech d’ Enveloppe fir sech hellt, mee dass kompetent Équipe opgebaut ginn, déi zesummeschaffen.

 

Wéini ginn d’Chef d’Unité genannt?

 

Fir déi Unitéiten wou nach keng Chef genannt sinn, gëtt aktuell un der Job Description geschafft, dono gëtt iwwert d’ Zonen een Opruff gemaach fir Persounen ze nennen. Hei gëtt dann och nach kontrolléiert op d’ Persounen déi solle genannt sinn och déi richteg Kompetenzen hunn an op net ze vill Mandater cumuléiert ginn. An deem Fall gëtt mam Chef CIS/GIS geschwat. D’ Ziel ass et das fir spéitstens den 1 Juli all Unitéiten hier Chef hunn.

 

Kréie mir och d’ Enveloppe wa mir nach keen Chef d’ Unité hunn?

 

Bei den Unitéiten Formation, der Planifikatioun, dem Administratif & Financier oder och nach Logisitique ass et esou dass jo ëmmer Aarbecht ufält am CIS oder GIS, och wa mol keen Chef d’ Unité do ass, an deem Fall kennen d’ Enveloppen awer verdeelt ginn, et gëtt ebe just keen Forfait fir de Management. Bei der Jugend oder der Präventioun ass et e bëssen anescht, do ginn et CIS ouni Jungendpompjeeën, an och där di keng eegen Dossieren an der Präventioun kenne aviséieren, hei kann déi Enveloppe natierlech net ausbezuelt ginn.

 

Ewéi leeft dat an der Präventioun?

 

Déi fräiwëlleg Pompjeeën déi een Dossier de Präventioun am Numm vum CGDIS mat hirer delegéierter Ënnerschrëft a mat Verantwortung aviséieren, kréie pro Dossier e Betrag vun € 1/100m3 – déi Zäit an déi Dossieren sinn also net mat ze rechnen wann et ëm d’ Opdeelung vun de Punkte an der Unité Planification et Prévention geet.

 

Ewéi funktionéiert d’ Zesummespill vu Fräiwëllegen a Berufflechen béi den Unitéiten?

 

Hei spillt de Chef CIS mat sengen anere Chef am CIS eng wichteg Roll, si sinn déi Responsabel vun alle Memberen am CIS, a si verantwortlech fir eng gutt a fair Opdeelung vun den Aabeschten. Et gehéiert zu engem gudden Zesummeliewen a féiert zu enger beschtméiglecher Kompetenzuneegenung fir all eis Memberen wann d’ Aarbechten an den Unitéiten (mat Ausnam vun der Jugend) vun fräiwëllegen a berufflechen Memberen ausgefouert ginn. Esou soll et am CIS mat béide Stauten och eng Réi Chef d’ Unité aus de Réie vun de berufflech Membere ginn, bei der Nominatioune gëtt dorops opgepasst. Fir dass et net virkënnt dass Fräiwëlleger sech d’ Enveloppe opdeelen, an déi berufflech ugestallt ginn all d’ Aarbechten ze maachen, ginn d’ Enveloppen an hirem Montant prorata ugepasst un d’ Unzuel vu berufflechen am CIS. Fir et einfach ze maachen verdeelen déi Fräiwëlleg an deem Fall weider hier 100 Punkten, de Montant deen gedeelt gëtt ass awer ugepasst.

 

 

Dernière mise à jour