08/03/2023 Journée internationale de la femme

Den 8. Mäerz ass Weltfraendag!

 

D’Thema vun der Gläichberechtegung vun de Geschlechter ass nët just fir eis als Service développement RH vun héijer Relevanz, mee concernéiert eis alleguer am CGDIS. All Mënsch soll sech op senger Aarbechtsplaz oder am Kader vu sengem Volontariat sécher a fair behandelt spiere kënnen, onofhängeg vun Aspekter wéi dem Geschlecht, den Originen oder der sexueller Orientéierung.

 

Aus dësem Grond engagéiert sech de CGDIS zanter 2021 am Kader vum Programm “Actions positives” vum Ministère de l'égalité entre les femmes et les hommes (MEGA). Dëst vun Ufank un ënner aktiver Bedeelegung vun eisem Service.

Gläichberechtegung geet eis alleguerten eppes un! Wat fir Iddien hues du, fir dech dofir z’engagéieren?

 

Mir freeën eis zu all Moment iwwer är Froen an ären Input zu dësem Thema. Maacht eis einfach e Mail op dev.rh@cgdis.lu!

08.03.2023 - Weltfraendag

Dernière mise à jour