Reklamatioun / Merci

Wéini kréien ech eng Äntwert?

Innerhalb vu 5 Deeg nom Empfang vun engem Message gëtt eng Empfangsbestätegung verschéckt. Wéinst der individueller Natur vu jidder Reklamatioun, déi méiglecherweis méi Direktioune betrëfft, gëtt grousse Wäert op eng grëndlech Analyse geluecht. Allgemeng kann ee mat enger Beaarbechtungszäit vu bis zu 40 Deeg rechnen.

Wéi laang kann ech eng Reklamatioun oder ee Remerciement areechen?

Reklamatioune kënne bis zu engem Maximum vu 6 Méint no dem Virfall agereecht ginn. Fir Remerciementer gëtt et keng zäitlech Begrenzung.

Wéi gëtt meng Reklamatioun beaarbecht?

De Qualitéitsmanagement vum CGDIS setzt sech fir déi héchstméiglech Qualitéit bei der Analyse vu gemellten Evenementer an. Intern Prozesser mat spezifesche Richtlinne garantéieren eng effizient Beaarbechtung vu Reklamatiounen. D'Aarbecht vum Qualitéitsmanagement ass direktiounsiwergräifend an ëmfaasst den Austausch mat der Persoun, déi d'Meldung gemaach huet. Souwuel Remerciementer wéi och Reklamatioune gi mat de betraffenen Acteure bannent dem CGDIS diskutéiert, fir Verbesserungspotentialer z'identifizéieren an an der Zukunft ëmzesetzen.

Aktualiséiert