Am Dezember 2020 huet an der Victor Hugo Hall um Lampertsbierg deen éischten Centre de Vaccination seng Dieren opgemaach. An den Méint duerno sinn nach 5 Impfzentren duerch dat ganzt Land dobäi komm. Zousätzlech sinn mobil Équipen duerch Alters- an Fleegeheemer gefuer, fir hei d’ Bewunner lokal impfen ze kënnen. E grousse Merci geet hei esouwuel un déi fräiwëlleg a berufflech Pompjeeën, déi d’Postes de Secours besat hunn, awer och un dat administratiivt, logistescht an technescht Personal vum CGDIS wat vun der éischter Minutt un am Asaz ware fir ze hëllefen déi 6 Impfzenteren uechtert d’Land opzebauen an ze bedreiwen. Duerch hiren Asaz an hiert Engagement hunn si alleguer dozou bäigedroen, dass d’ Impfcampagne zu Lëtzebuerg een Erfolleg war an ass.
Et muss een betounen, dass den CGDIS während der Spëtzenzäit an deenen 6 Zentren den Poste de Secours besat huet an an 4 dovunner ofwiesselnd mat den Kollegen vun den Douanes & Accises resp. vun der Lëtzebuerger Arméi och den administrativen Posten op 2 Schichten besat huet. Bei Personalknappheet an den Postes de Secours konnten mer och kuerzfristeg op d’ Hëllef vum Organisme agréé LuxAmbulance zréckgräifen. Och hinnen gëllt een Merci fir d’ Flexibilitéit, déi den CGDIS erfueren konnt.
Zanter dem 21. August vun dësem Joër sinn elo just nach d’ Impfzenteren zu Esch/Belval an um Lampertsbierg operationell. D’Zenteren zu Ettelbréck, Mondorf, an der LUXEXPO esou wei bei der LAR sinn entweder vum 14. August resp. ab deem Datum an de Stand-by gesat ginn, kennen awer bei Bedarf reaktivéiert ginn. Och den CDV zu Esch mëscht ab dem 11. September seng Dieren zou, sou dass ab deem Zäitpunkt den Opwand fir d’ Membere vum CGDIS manner wäert ginn och wann een net duerf vergiessen dass de Virus nach ëmmer een Deel vun eisem Alldag ass an dass de CGDIS a seng Memberen och weiderhin an dëser Pandemie staark gefuerdert wäert bleiwen.