[Renfort luxembourgeois dans les Fagnes] 🇱🇺 Zënter e Samschdeg Nomëtteg ass eng Ekipp vun 11 fräiwëllege Pompjeeën vum CGDIS dobäi, d'belsch an international Ekippen ze verstäerken, déi säit méi wéi 48 Stonnen op der Plaz sinn, fir e grousse Vegetatiounsbrand an de Fagnes, an der Belsch, ze bekämpfen. D'Feier huet sech schonn op bal 3.000 Hektar ausgedeent. Zënter hirer Arrivée op der Plaz sinn d'Lëtzebuerger Pompjeeën aktiv un de Operatiounen bedeelegt, hunn iwwer Nuecht nach aktiv Brandplazen bekämpft, ier si haut de Moien eng Paus konnten aleeen. Haut gëtt eng Ofléisung organiséiert, fir datt d'Lëtzebuerger Ekippen hiren Engagement zesumme mat hiren belschen Kolleege weiderféiere kënnen. Aktuell ass hiren Asaz bis e Méindeg Nomëtteg geplangt, a Funktioun dovun, wéi d'Situatioun sech entwéckelt. 🤝 E weidere Beispill fir d'Solidaritéit an d'Zesummenaarbecht tëscht de Lëtzebuerger a Belsche Rettungsdéngschter bei der Bekämpfung vu Vegetatiounsbränn. 🇫🇷 Depuis samedi après-midi, une équipe de 11 pompiers volontaires du CGDIS est engagée en renfort des équipes belges et internationales mobilisées depuis plus de 48 heures pour lutter contre un important feu de végétation dans les Fagnes, en Belgique. Le feu a déjà parcouru près de 3 000 hectares. Depuis leur arrivée sur le terrain, les pompiers luxembourgeois ont participé activement aux opérations, combattant des foyers encore actifs durant toute la nuit, avant de pouvoir prendre un temps de repos ce matin. Une relève sera organisée aujourd’hui afin de permettre aux équipes luxembourgeoises de poursuivre leur engagement aux côtés de leurs homologues belges. À ce stade, leur intervention est prévue jusqu’à lundi en journée, en fonction de l’évolution de la situation. 🤝 Une nouvelle illustration de la solidarité et de la coopération entre les services de secours luxembourgeois et belges face aux feux de végétation.