17 nei Kommando- an Déngschtween fir de CGDIS

Newsletter CGDIS - Septembre 2021

 

No enger europäescher Ausschreiwung Enn 2020 huet Département charroi et logistique vun der Direction des moyens logistiques am Juli an August vun dësem Joer insgesamt 17 Kommando- an Déngschtween fir verschidden Direktiounen, Zonen an CIS’en am Empfang geholl, kontrolléiert an un hir néi Benotzer ausgeliwwert.

Et handelen sech hei bei dësem Lous ëm 17 SEAT ATECA Style 2.0 TDI mat enger Leeschtung vun 110 kW, automatescher Boîte an intelligenten Allradundriff.

Vun dëse 17 Gefierer goufen 11 Stk. an banaliséierter Form ausgeliwwert , déi aner 6 Stk. si mat fester Sondersignalanlage an CGDIS-Design geuerdert ginn.

Déi ganz Aquisitiounsprozedur gouf an Zesummenaarbëcht mat der Firma Losch Import vum Houwald gemaach, de Gesamtmarché fir déi 17 Ween beleeft sech op een Total vu ronn 770.000,00 € TTC.

Dernière mise à jour