Den Service données opérationnelles

Newsletter CGDIS - Septembre 2021

 

De Service «Données opérationnelles», besteet aus 4 Leit, zesumme mam Capitaine Michel Demuth, Chef vum Service.

Hier Haaptaufgab ass et den Einsatzleitsystem (ELS) à jour ze halen, mat all de wichtegen Informatiounen déi reegelméisseg changéieren.

Hiert Ziel ass et dem Operateur vum CSU-112, seng Arabescht esou einfach wéi nëmme méiglech ze gestalten, andeems si déi néideg Informatiounen a Ressourcë fir eng schnellst méiglech Alerte garantéieren. Ënnert anerem ginn dofir AAO (Alarm, und Ausrückordnung) souwéi och Stroossespären hannerluecht.

Des Weidere këmmeren si sech em d'Weiderbildung vun den Operateuren am Einsatzleitsystem.

Falls eng Salle de Débordement (SDD) aberuff gëtt sinn si och hei op der Platz fir ze hëllefen.

Am Groussen a Ganze kann een si als Schnëttstell tëschent dem CIS, GIS an dem CSU-112 souwéi dem ELS gesinn.

Programmer wéi den ELS an de LuxDok gi vun hinne propper gehale fir dass se ëmmer um selwechten Niveau sinn. Des Weidere gëtt och Gestioun vun den Alarmis Demandë bei hinnen traitéiert. Zousätzlech këmmeren si sech och nach em de Portail fir z.B. d’Opdeelung vun engem CIS oder weider Aufgaben.

Am CNIS setzt d’Equipe um 4. Stack, direkt nieft der SDD an dem CSU-112, fir eng besser Zesummenaarbecht ze erméiglechen. Virgesinn ass, dass de Service SDO am Oktober, zesumme mam CSU-112 an de CNIS plënnert.

Hire Büro um CNIS deelen si sech mam System Administrator Christophe Lemmer, an dem Support Administrativ DCO, Julien De Sousa an Isabel Hendriks.

D’Equipe setzt, wann een de Büro betrëtt, rietser Hand. Sie sinn ausgestatt mat 2 ELS Posten, selwecht opgebaut wéi um 112, fir déi néideg Tester ze maachen an Ufroen ze traitéieren.

Vun ufanks un dobäi an der Equipe vun de “Datenpfleger” sinn den Nuno Lopes an den Bartosz Chylinski. Säit dem 1 Mäerz 2021 hunn si mam Lena Bourscheid nach eng weider Verstäerkung kritt.

Ze erreechen sinn sie iwwer E-Mail :  data.els@cgdis.lu oder per Telefon um: +352 49771  2320.

Dernière mise à jour