Note de service Covid #24

Opgrond vun den Ännerunge vum neie COVID-Gesetz, schécke mir Iech mat dëser Nott och en Update zu de Mesuren am CGDIS. Dës Nott unifiée #24 ersetzt dowéinst alleguerten d’Notte vu virdrun an et ass just nach dës Nott ze berécksiichtegen ausser do wou nach ee spezifesche Verweis op eng al Nott gemaach gëtt.

Covidcheck

Den 3G-COVID-Check-Prinzip fällt am gesamte CGDIS (Asätz, Übungen, Versammlungen, etc.) souwéi an alle Gebaier vum CGDIS ewech.

 

Operationelle Volet

Am operationelle Volet soll Droe vum Mask bäibehale ginn, esou wéi dat fir z.B. d’Spideeler de Fall ass Esou muss weiderhin eng chirurgesch Mask bei all Asaz mat Kontakt mat engem Patient a manner wéi 2 Meter Ofstand (SAP + INCSA), a FFP2 fir all Asaz laut Infektiounsstufen (#I2, #I3, #COVID) gedroe ginn.

First Responder

Bis op Weideres engagéiert de CSU-112 kee First Responder bei Verdacht op #I3 respektiv #COVID.

Als Rappell fannt dir d’Consignen déi bei engem potentielle Covid Patient am Fall vun enger Reanimatioun ze applizéiere sinn.

Asäz mat Covid-Patienten

D’Situatioun ronderëm de Covid ass am Gang sech ze entspanen, dowéinst gëtt d’Ofwécklung vun den Asäz mat Covid-Patienten adaptéiert. An Zukunft gëtt en Asaz mat engem Covid-positive Patient just nach als #I3 ofgewéckelt wann de Patient déi typesch Symptomer wéi Féiwer, Houscht an infektbedëngten Otemweeproblemer opwéist D’Asazstéchwuert gëtt duerch de CSU 112 festgeluecht. Dëse kann adaptéiert ginn am Fall wou d’Equippe op der Plaz eng aner Situatioun feststellt wéi beim Appell gemëllt gouf.

Den Oflaf fannt Dir an der Annexe «Ofwécklung vun Asäz mat COVID+ Patienten».

 

Télétravail fir haaptberufflëch Matarbechter

Déi an der Note #21 vum 1. Dezember 2021 matgedeelte Reegelen zum Télétravail si wéiderhi gëlteg.

Absencen

Wann d’Absencen duerch de COVID een negativen Impakt op de POJ vun ärem CIS/GIS hunn, esou ass dëst fréizäiteg fir d’CIS bei ärer Zone respektiv fir d’GIS der DCO (dco-gis@cgdis.lu) ze mellen, fir datt déi noutwendeg Mesuren kënnen geholl ginn.

Prozedur am Fall vun engem Contact à Risque / positive Fall / Symptomer

Am Fall vun engem Contact à Risque ass keng Quarantän méi noutwendeg. Wann Dir wësst, datt Dir sou ee Kontakt hat, sollt Dir awer:

·         6 Deeg laang nom läschte Kontakt mat der positiver Persoun eng Mask droen;

·         mindestens den 2. a 4. Dag nom läschten Kontakt ee Schnelltest maachen;

·         d’Geste-Barrièren sou gutt wéi méiglech respektéieren;

·         d’sozial Kontakter aschränken;

·         wa méiglech vun Doheem aus schaffen.

Am Fall vun engem Kontakt à Risque, positive Fall oder Symptomer ass weiderhin d’Prozedur an der Annexe vun dëser Nott ze berécksiichtegen.

Bei Onkloerheeten, Froen oder Problemer an dësem Zesummenhang kann den Officier Santé um CSU 112 24/7 iwwert d’Telefonsnummer 8002-3900 areecht ginn.

 

Precautiounsmesuren

Obwuel d’Mesure ronderëm de Covid allegéiert gi sinn däerf ee net definitiv dovunner ausgoen datt d’Pandemie eriwwer ass. Dofir den Opruff weiderhi virsiichteg ze bleiwen a folgend Precautiounsmesure wa méiglech ze applizéieren.

v  Beim Beweegen a Gebaier oder enkem Kontakt mat anere Leit däerf weiderhin eng Mask gedroe ginn.

v  Déi grondsätzlech Hygiènesmoossnahme solle weiderhinn agehale ginn:

o    Hänn reegelméisseg wäschen/desinfizéieren

o    Wa méiglech Distanz zu anere Persounen halen

o    An den Ielebou houschten/néitschen

o    Reegelméisseg lëften

o    asw.

 

Aktualiséiert Dokumenter

·         Hygiènesmoossnamen am CIS / Info COVID (Versioun Mäerz 2022)

·         Ofwécklung vun Asäz mat COVID+ Patienten

·         Reanimatioun COVID19 (Versioun 26 Mee 2020)

 

Aktualiséiert operationell Informatioune ronderëm de COVID-19 bleiwen a gebündelter Form um Site vum CGDIS (https://112.public.lu/fr/Coronavirus.html) ze fannen.   

Dernière mise à jour