Recrutement pour le groupe de support psychologique

 

Dëse Groupe d’intervention spécialisé (GIS) vum Corps grand-ducal d’incendie et de secours besteht aus fräiwëllege Memberen a garantéiert eng zäitno psychologesch Prise en charge vu Victimen, oder Hannerbliwwenen, no schwéieren Accidenter oder Katastrophen. Ausserdeem encadréieren si Ekippe vum CGDIS déi op schwéieren Asätz hu missen intervenéieren.

 

KONDITIOUNEN

Fir sech beim GSP ze bewerbe muss een:

  • Mindestens 22 Joer al sinn;
  • Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséich schwetzen;
  • En aktive Member beim Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) sinn, oder bereet sinn Member ze ginn;
  • Disponibel sinn déi ganz Formatiounen vun engem Joer matzemaachen, déi néideg sinn fir d'Memberen beim GSP ze ënnerstëtzen;
  • Disponibel sinn fir Déngscht ze maachen an de Missioune vum GSP no ze goen.

 

Groupe de support psychologique

SELEKTIOUN VUN DE KANDIDATEN

D'Kandidaten déi sech wellen mellen, mussen un enger vun deenen 2 Informatiounsversammelungen deelgeholl hunn. Dës fanne statt:

  • den 07. Februar 2026 vun 09:00 bis 11:00 Auer am CIS Nordstad um Site Diekirch
  • den 10. Februar 2026 vun 19:00 bis 21:00 Auer um CNIS (Centre National d'Incendie et de Secours)

Hei de Link fir d'Umeldung: https://gd.lu/71cQZs

D'Umeldungen fir d'Infoversammlung si bis den 31. Januar 2026 méiglech.


Dës weideren mussen d'Kandidaten noodems sie un enger vun den Infoversammlungen deel geholl hunn, hir definitiv Kandidatur per Online-Formulaire bestätegen a folgend Dokumenter mat areechen:

  • Curriculum vitae (CV)
  • Lettre de motivation
  • Casier judiciaire Nr. 3

Duerno fannen Enn Februar an Ufank Mäerz eenzel individuell Gespréicher statt.

D'Kandidatur muss bis spéitstens de 16. Februar 2026 erageschéckt ginn.

 

Déi Kandidaten déi zréck behale ginn a nach keng Membere vum CGDIS sinn, musse folgend intern Démarche maachen:

  • Sportstest an Examen d'aptitude médicale am Kader vun der journée du recrutement den 21. Mäerz, den 23. Abrëll oder den 21. Mee 2026 am CNIS
  • Den "Cours d'inititation commun" (CIC) I an II

 

FORMATIOUN

Wann d'Selektioun vun de Kandidate validéiert ginn ass, mussen dës u Formatiounen vum GSP deelhuelen, déi am Oktober 2026 ufänken, a reegelméissegen Ofstänn wärend engem Joer ofgehale ginn a mat engem Examen ofschléissen:

 

  • Samschdes, 3. Oktober 2026
  • Samschdes, 14. November 2026
  • Sonndes, 15. November 2026
  • Samschdes, 12. Dezember 2026
  • Samschdes, 16. Januar 2027
  • Sonndes, 17. Januar 2027
  • Samschdes, 27. Februar 2027
  • Sonndes, 28. Februar 2027
  • Samschdes, 20. Mäerz 2027
  • Sonndes, 21. Mäerz 2027
  • Samschdes, 17. Abrëll 2027
  • Sonndes, 18. Abrëll 2027
  • Samschdes, 19. Juni 2027
  • Samschdes, 3. Juli 2027
  • Samschdes, 25. September 2027 (Examen)

 

Fir weider Informatiounen kontaktéiert d'Département Pompiers volontaires:

Dernière mise à jour