Note unifiée COVID #18

15 juin 2021

Opgrond vun der Ëmsetzung vun de Gestes Barrières an Dank der Impfcampagne, bei der bis haut méi wei 260.000 Leit eng éischten Dosis kruten an 150.000 Leit komplett geimpft gi sinn, huet sech déi sanitär Situatioun vun der COVID-Krise an de leschte Woche bedeitend verbessert. Dës Entwécklung huet dozou gefouert, dass d’Regierung Mesurë fir den Déconfinement en place gesat huet, déi och en Afloss op déi intern Prozedure vum CGDIS hunn.

D’Zil vun dëser Note de service unifiée #18 ass et iech iwwert déi nei Adaptatiounen, souwéi iwwert Mesuren déi nach ze applizéiere sinn, ze informéieren.
Consignes hors opérations

Mat Ausnam vum operationelle Volet gëllt vun elo un den 3G Covid Check-Prinzip (geimpft, geheelt oder negativ getest). Fir all net operationell Aktivitéiten an deene verschiddenen Direktiounen, de Zones de secours an an de CIS’en, a soubal d’Reegel vum 3G applizéierbar an iwwerpréifbar ass, muss ee kee Mask méi unhunn.
Wann ee kee Beweis ka virleeën, dass d’Reegel vun den 3G’en respektéiert gëtt (zum Beispill bei externe Besicher), dann ass weiderhin d’Reegel vun 2 Meter Ofstand zesumme mam Droe vun enger Mask ze applizéieren.

Fir all Zweiwel ze vermeide kënnen d’Schnelltester genotzt ginn, déi an Direktiounen, an d’Zonen an an d’CIS’en/GIS’en geliwwert goufen.
Den Detail a vereinfachter Form fannt dir um Site vun der Santé.

Operationnell

Trotz dem Akraafttriede vun dem Gesetz zu dem 3G Covid Check-System, muss all Pompjee weiderhi bei Asätz eng chirurgesch Mask droen an dat ab dem Moment wou d’Ekipp am Gefier de CIS verléisst.
Wärend Asätz kënnen si zu all Moment op Persounen treffen, bei der si keng Garantie hunn op si ee vun deenen 3G’en erfëllt. Des Mesure garantéieren eng kloer Linn an domat dierft all Oubli verhënnert ginn.
Bei der Patientebetreiung muss de Patient ëmmer eng chirurgesch Mask unhunn. Dëst ass och de Fall wann hien ee vun deenen 3G’en vum Covid Check beweise kann.

D’Prozedure, no der keng Begleetpersoun am RTW ka matfuere bleift bestoen, Eltere vu Kanner ënner 18 Joer sinn hei d’Ausnam.

Zesummefaassung vun den Notten an de Visuellen déi ze applizéiere sinn :

- De Visuell « Hygiènemoosnahmen am CIS »                         gouf adapteiert !
- D’Virschrëften « Zusammenfassung Schutz bei COVID »     bleiwe bestoën.
- D’Virschrëften « RTW prise en charge patient (général) »   bleiwe bestoën.
- D’Virschrëften « RTW en cas de covid confirmé »                 bleiwe bestoën.
- De Visuell « Procédure à appliquer en cas de COVID »         bleiwt bestoën.
- De Visuell « Atemnot COVID-19 »                                             bleiwt bestoën.
- De Video « Schutzkleidung bei Infektionsstufe I3»                 bleiwt bestoën.
- Den FAQ DMS Coronavirus                                                         bleiwt bestoën.
- De Visuell « Reanimation COVID-19 »                                     bleiwt bestoën.
- De Flowchart « First responder »                                             bleiwt bestoën.


Notten déi net hei opgelëscht si, brauchen net méi applizéiert ze ginn.

Et gëtt drun erënnert, dass de CSU-112 keng First Responderen op Asätz schéckt, wou en Verdacht op #COVID oder #I3 besteet.
D’vulnerabel Memberen, déi geimpft sinn, dierfe vun elo un erëm um Déngscht deelhuelen.

Formatioun

Fir dierfen un de Cours’en vum INFS Deel ze huelen, muss een och een vun den 3G’en vum Covid Check erfëllen. Wann en Stagiaire dëst Konditiounen net ka beweisen, proposéiert den INFS en Schnelltest op der Platz ze maachen. Wann de Kandidat dësen Test net acceptéiert, kann him den Accès fir an d’Formatioun refuséiert ginn.
D’Reegel fir sech 48 Stonne virun enger Formatioun kënnen ofzemelle bleift weiderhi bestoen.
Betreffend dem maintien des acquis an de CIS’en, mussen d’Mesuren déi vum Gesetz virgesi ginn respektéiert ginn.

Télétravail

D’Reegele fir den Télétravail am CGDIS bleiwe weiderhi bestoen. De Supérieur hiérarchique ka soumat weiderhin deenen administrative Mataarbechter, déi ënnert seng Responsabilitéit falen, bis zu dräi Deeg Télétravail pro Woch geneemegen.

Absencen

De Fonctionnement vun der virtueller Maison médicale COVID vum CGDIS bleift onverännert. All Absence vun engem berufflechen Mataarbechter muss weiderhin op d’Mailadress absences@cgdis.lu geschéckt ginn.

Zonale Sport

De Programm vum zonale Sport gëtt eréischt mat der Rentrée am Hierscht erëm opgeholl, ënnert dem Virbehalt dat genuch Sportssäll zu Verfügung stinn.

Reesen an d’Ausland

Reesen a Missiounen an d’Ausland mussen ëmmer vum Generaldirekter accordéiert ginn.

Activités jeunes pompiers

Moossnamen déi an der Nott «Aktivitéite vun de Jugendpompjeeën» kommunizéiert goufe, bleiwe momentan bestoen. Wa bis de Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse nei Consignë verëffentlecht huet, wäert eng spezifesch Nott zu dësem Thema diffuséiert ginn.

Postes de Secours an den Impfzenteren

An den Impfzenteren huet de CGDIS nieft der Hëllef am administrative Beräich déi ganz wichteg Aufgab d’Postes de secours ze besetzen. Net manner wei 200 Pompjeeë waren hei an de leschte Wochen a Méint am Asaz an hunn esou e ganz wichtege Beitrag an der Impfcampagne geleescht. Och wann déi aktuell Situatioun et erlaabt dass mir lues a lues zur Normalitéit zeréck komme kënnen, sou duerfe mir net aus den Ae verléieren, dass mir och nach an de kommende Méint des wichteg Charge an den Impfzenteren iwwerhuele mussen. Fir des Missioun am Interêt vun eise Matbierger erfëllen ze kënnen, si mir op är wäertvoll Mathëllef an äert Engagement ugewise fir och weiderhin eis Poste de secours besetzen ze kënnen. Gesicht ginn dohier Pompjeeë mam minimalen Emploi vum Equipier SAP.
Am Unhang fann dir de Flyer mat allen wichtegen Informatiounen. Fir all weider Informatioun : centres.vaccination@cgdis.lu

Allgemeng Informatioun

Nach emol ee grousse Merci fir äert Engagement an dass dir déi hei ernimmte Mesure respektéiert.
Aktualiséiert operationell Informatioune ronderëm de COVID-19 bléiwen a gebündelter Form um Site vum CGDIS (https://112.public.lu/fr/Coronavirus.html) ze fannen

Dernière mise à jour