Consignes hygiène Ateliers ARI

Consignes hygiène ateliers ARI

 

Note de service « COVID – 19 » sur les mesures préventives mises en place dans les ateliers d’entretien dédiés aux équipements de protection respiratoire

 

Fir eventuell Risike bei der Wartung vun Otemschutzmaterial ze evitéieren, géifen mir hei nach eng Kéier e Rappell vun de bestoende Prozedure maachen, souwéi zousätzlech Moossname matdeelen:

  • Am Schwarz-Beräich soll den Otemschutzgerätewart weiderhin déi perséinlech Schutzausrüstung notzen, déi no den aktuelle Prozeduren ze verwenden ass:
    • Schutzkittel
    • Schutzbrëll
    • Händschen
    • FFP2-Mask

Weiderhi sollen Aarbechtsfläche wéi bis elo och no engem Aarbechtsprozess desinfizéiert ginn. Dëst ass fir ze verhënneren dat kontaminéiert Material verschleeft gëtt respektiv den Otemschutzgerätewart sech domadder kéint ustiechen.

  • Virum Schaffen am Wäiss-Beräich sollen dann och weiderhin d’Hänn gewäsch ginn. Als zousätzlech Mesure, fir ze verhënneren dat déi propper Geräter duerch den Otemschutzgerätewart kéinte kontaminéiert ginn, soll hien e „Mask chirurgical“ (oder FFP2-Mask) droen. No der Préiwung sollen déi verpaakte Geräter dann fir 72 Stonnen a “Quarantän” geluecht ginn.
  • Den Otemschutzgerätewart notéiert weiderhi wéi eng Geräter hie wei een Dag gepréift huet, fir dat falls hie positiv getest géif ginn, ka retracéiert ginn, mat wei enge Geräter hien a Kontakt war. Des weidere soll hie virum Schaffen am Otemschutzatelier Féiwer moossen an dëse Wäert mat op de Kontrollprotokoll notéiere.
  • Sollte méi Otemschutzgeräteträger an engem CIS aktiv sinn, sou sollt e Roulement pro Woch agefouert ginn a jeeweils ëmmer nëmmen 1 Persoun pro Woch am Atelier schaffe fir de Persounekrees anzegrenzen.
  • Wann dës Aarbechte vun enger Persoun ausgeféiert ginn, kann déi benotzte Mask och e puer mol gedroe ginn, VIRAUSGESAAT, de Mask ass mam Numm vun der jeeweileger Persoun beschreift, tëschent den Aarbechten am Atelier ass séchergestallt dat en op enger sécherer Platz gelagert gëtt, keen aneren dermat a Kontakt kënnt an dat e selwer oppasst dat en sech net domat kontaminéiert. Esoubal een Zweiwel huet, soll en ausgetosch ginn.
  • Fir eventuell Riske weider ze reduzéieren, wäert als zousätzlech Moossnam aktuell just nach folgend Atelieren aktiv bleiwen:

 

o    Zone Centre: Hesperange, Lintgen, Luxembourg, Mamer, Mersch

o    Zone Est: Echternach, Junglinster, Mertert, Remich

o    Zone Nord: Clervaux, Ettelbruck, Redange

o    Zone Sud: Dudelange, Esch, Sanem-Differdange

Logistik an deenen eenzelnen Zonen gëtt duerch Bureau Zonal koordinéiert.

Dernière mise à jour