Note de service COVID #19

Am Kader vum aktuellen Ustieg vun den Infektiounszuelen, hu mir eng Adaptatioun vun de Schutzmoossnamen am CGDIS decidéiert.


Als éischt rappelléiere mir, dass am Asaz (vun der Alerte bis zum Retour an de CIS mat der remise en service vum Gefier) d’Droe vun enger chirurgescher Mask obligatoresch ass, esou wéi dat an der Note unifiée COVID vum 15 Juni 2021 geschriwwen ass!


Als weider Virsichtsmossnam recommandéiere mir dann fir am CIS, op der Garde esou wéi och an de Formatiounen a Reuniounen, d’Gestes barrière ze respektéieren. Dozou zielt virun allem 2 Meter Ofstand halen, Hänndesinfektioun a reegelméisseg Lëften. Weiderhin ass och Droë vun enger chirurgescher Mask am Zweifel eng wichteg Mesure fir d’Verbreeden vum Virus ze verhënneren.


D’Schnelltester, déi all 2ten Dag kënne gemaach ginn, bidden donieft eng zousätzlech Sécherheet.


Als CGDIS si mir verflicht onst Personal sou gutt wéi méiglech ze schützen. Mir maachen awer ausserdeem de Rappell, dat et och am Private wichteg ass déi sanitär Schutzmoossnamen ze respektéieren. Wann dir geschützt sidd, schützt dir och är Famill an är Matmënschen.

Dernière mise à jour