Fonctionnement de la Maison médicale virtuelle Covid du CGDIS (MMVC)

Léif CIS/GIS Chefen a Supérieurs hiérarchiques
 

Als Ergänzung zu de Notte COVID 15 a Covid 15 CADRES vum 23/10/2020 betreffend d’Gestioun vum COVID innerhalb vum CGDIS, gi mir iech e puer weider Informatiounen iwwer d’Fonctionnement vun der Maison médicale virtuelle COVID (MMVC).
 

De CIS/GIS Chef respektiv de Supérieur hiérarchique, ass ëmmer di lokal Ulafstell fir all Froe betreffend Pompjeeën oder Mataarbechter, di Kontakt zu COVID+ Patienten haten, respektiv am Fall vu positiv geteste Pompjeeën/Mataarbechter. Hien ass den eenzegen deen en Iwwerbléck iwwert d’Aktivitéit vu sengem CIS/Service huet an och den Impakt aschätze kann (z.B Maintien vum POJ). Dofir ass de Kader dat zentraalt Element an der Gestioun vun der COVID Problematik um Niveau vun de CIS/GIS an de Servicer. Dofir sollen d’Flowchart’en wéi se an den uewegenannten Notten ugehaange waren strikt applizéiert ginn.
 

Wichteg ass symptomatesch oder positiv geteste Persoune respektiv Persoune mat engem héijen[1] Expositiounsrisiko sou séier wéi méiglech vun den Aktivitéite vum CGDIS auszeschléissen. Wann de CIS Chef Froen zu enger konkreter COVID-Situatioun huet, kann hien sech bei der MMVC (cf. Note Covid 15 CADRES) mëllen. Hei kritt hien dann esou gutt wéi méiglech gehollef fir Risiko Persounen ze identifizéieren respektiv dat weidert Virgoen erkläert.
 

All Leit déi positiv getest ginn oder an Auto-Quarantän mussen, well si Kontakt mat enger positiv getester Persoun haten, mussen zousätzlech ëmmer och den Online Formulaire vun der Direction de la Santé op www.COVID19.lu ausfëllen. Déi Leit kréien dann normalerweis vun der Santé hier Ordonnance fir e PCR Test um Dag 6 nom Kontakt an och hire Certificat d’incapacité de travail. Den Test nom Kontakt mécht virum Dag 6 kee Sënn, dofir besteet hei och keng Urgence fir déi Ordonnance virdrun ze kréien.
 

Sollten Leit hier Ordonnance fir den Test vun der Direction de la Santé bis de 6. Dag net krit hunn, kann och den Dokter vun der MMVC eng Ordonnance ausstellen. D’ Equipe aus der MMVC steet iech, als Chef CIS/GIS/Supérieur hiérarchique zur Verfügung. Fir eng koordinéiert Virgoensweis och no de Virgaben vun der Santé ze garantéieren ass et essentiell dat nëmme Chef CIS/GIS/Supérieur an net all eenzele Pompjee an der MMVC uruffe sollen.
 

Alain Di Genova
Directeur de garde

                                                                                                                               

[1] Definitions types contact avec personne COVID-19 positif confirmée:

Héije Risiko
1.         vivant sous le même toit, contact intime: ënnert engem Dach wunnen, intime Kontakt haten oder déi am CIS fir eng länger Zäit an engem Raum etc. waren ( Beispill: Zesummen am nämmlechten Dortoir geschlof)
2.         Contact étroit : Ongeschützt > 15 min +/- < 2m

Niddrege Risiko – keen Auto-Quarantän oder Test néideg
3.         Contact occasionnel: < 15 min +/- > 2 m oder geschützt waren

Dernière mise à jour