Léiw fräiwëlleg an haaptberufflech Pompjeeën,
Léiw Dokteren, Infirmieren an Apdikter,
Léiw administrativ an technesch Personal,
Ech hat haut déi grouss Éier, en Telefonsgespréich mat eisem Grand-Duc Henri ze féieren.
De Groussherzog wollt sech perséinlech iwwert d’Aarbecht vum CGDIS am Kader vun der COVID-19 Kris informéieren.
Hien huet sech beandrockt an zefridde gewisen iwwert déi vill Aarbecht déi bis elo scho geleescht gouf fir sech op d’Bewältegung vun dëser Kris virzebereeden.
Am Numm vum Grand-Duc a vun der Grand-Duchesse soll ech Iech d’Solidaritéit an d’Ënnerstëtzung vum Groussherzoglechen Haff zousécheren a Merci soe fir ären Asaz!
Passt op Iech op!
De Chef de corps
Paul SCHROEDER
Generaldirekter