Note de service #1 du 10 mars 2020

Opgrond vun der Entwécklung ronderëm de Coronavirus an Europa an zu Lëtzebuerg, biede mir Iech ärem Personal di folgend Informatiounen a Rotschléi zoukommen ze loossen. Zil ass et, eist Personal ze sensibiliséieren an d’Kontinuitéit vum CGDIS ze garantéiere falls d’Zuel vun den Infektiounen hei zu Lëtzebuerg eropgeet.
D’Symptomer vun der Erkrankung mam Coronavirus sinn änlech wéi bei enger Gripp an d'Infektioun COVID-19 verleeft an 80 % vun de Fäll harmlos. Allerdéngs ass et wichteg fir verschidde Virkéierunge ze treffe fir datt de Virus sech net an der Populatioun, a besonnesch bei ufällegen a geschwächte Persoune verbreede kann.


Fir eng Ausbreedung ze verhënneren, ass et wichteg eng Rei vu Precautiounen ze treffen:
1.    Dat Allerwichtegst: Wäscht Iech reegelméisseg a richteg d'Hänn. Dir fannt déi beschten Aart a Weis fir sech d'Hänn ze wäschen online op sante.lu/coronavirus.
2.    Dir houscht oder néitscht? Maacht dat an een Nuesschnappech aus Pabeier oder an den Ielebou a geheit d'Nuesschnappech nom Gebrauch an eng Dreckskëscht mat engem Deckel.
3.    Verzicht drop anere Leit d'Hand ze ginn oder se op de Bak ze këssen.
4.    Bleift doheem wann Dir krank sidd! Gidd net schaffen!
5.    Evitéiert den noe Kontakt zu kranke Leit (haalt een Ofstand vun op d'mannst 2 Meter)
6.    Vermeit et esouvill wéi méiglech fir Äert Gesiicht mat Ären Hänn ze beréieren.
Consultéiert weg. d’Websäit vun der Regierung  www.gouvernement.lu/coronavirus fir nëtzlech Informatiounen zum Coronavirus, inklusiv déi preventiv Moossnamen déi ze respektéiere sinn.


Allgemeng Informatiounen


•    Bei Verdacht op de Coronavirus (an Infektiounskrankheeten am allgemengen) gin am Prinzip keng  First Responder alarméiert.
•    Limitéiert am Fall vun engem Asaz mat engem Verdachtsfall respektiv bestätegtem Fall, d’Personal daat mam Patient a Kontakt kënnt op e strikte Minimum. Wann dir strikt d’Schutzmoossnamen vum CGDIS applizéiert sidd dir beschtméiglech geschützt.
•    Limitéiert den Accès zum CIS op d’Personal vun der garde/astreinte.
•    Bei engem Fall vu Quarantaine oder konfirméierte Fall vu Coronavirus (nodeems d’Inspection sanitaire informéiert ginn ass) an äre Reien oder an ärem CIS/GIS/SAMU ass et wichteg, ärem Virgesetzten (Chef CIS/GIS/ base SAMU) Bescheed ze soen. Dëse gëtt dann des Informatiounen un de CGO via Mail weider (cgo@cgdis.lu) an informéiert parallel den CSU-112 telefonesch iwwer de Fall.


Zousätzlech Informatiounen fir d’Equippen vun den Ambulanzen


•    Fir e rationellen a sachgerechte Gebrauch vun eise Schutztenuen ze garantéieren, hu mir eis Prozeduren no de Recommandatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) adaptéiert. De visuelle Rappell fannt dir an der Annexe.
•    Di néideg Schutzkleeder (Tyvek, FFP2-Mask, Schutzbrëll) fir Asätz mam Coronavirus, ginn iech eenzel iwwer äre Stock Zonal zur Verfügung gestallt.
Di bestoend Infektionsschutz-Set’er mat den FFP3-Maske solle fir aner Asäz mat Infektionsstufe #I3 (TBC, Meningite etc.) geholl ginn.
•    Ass de Patient net an enger akuter Situatioun sou geet et duer dat just een (1) vun eise Leit di komplett Schutztenue dréit. De Chauffeur deet eng FFP2 Mask an Händschen un. Seng normal Asaztenue geet als Schutz duer, wann se richteg a komplett zou gedroe gëtt. Dëst setzt och viraus dat de Chauffeur op kee Fall mam Patient a Kontakt kommen dierf. Dëst zielt och fir den Openthalt/Iwwergab am Spidol.
•    Mer bieden Iech all Ambulanz-Equippen e Rappell zu den Hygiènesmesuren, de Schutzstufen an de Schutztenuen ze maachen. Heizou huet d’DMS e Film gedréit, de visualiséiert, wéi en d’Schutztenue richteg an ouni Kontaminatiounsgefor un- a virun allem ausdeet. Dëse fannt Dir ënner folgendem link

•    No engem Coronavirus-Asaz, wou de Patient am CHL ofgeliwwert ginn ass, besteet d’Méiglechkeet, an de CIS Luxembourg ze fueren, wou d’Ambulanz mat Hëllef vun den Desinfektore kann desinfizéiert ginn. Éier d’Equippe am CHL fortfiert soll se sech iwwer den CSU 112 am CIS Luxembourg umelle loossen.
•    All déi aktuell Informatiounen zum Coronavirus an all relevant Dokumenter fannt Dir och um Sharepoint DMS an um 112.lu


Mir behalen d’Situatioun natierlech ganz eng am Aa, a wann néideg, wäerten nach weider Update nokomme fir iech sou gutt wéi méiglech ze schützen an ze informéieren.

Dernière mise à jour