Note de service #10 du 30 avril 2020

Reprise STP

Un all Pompjee vum CGDIS,

Nodeems vum Ministère vun der Santé am Kader vum Deconfinement COVID-19 eng Ouverture vun den Cabinet médicaux erlaabt gouf, freeë mir eis iech matdeelen ze kënnen, datt och de Service santé au travail des pompiers (STP) d’medezinesch Ënnersichungen vum 4. Mee 2020 un nees kann duerchféieren. Fir di entstanen Retarden séier kënnen opgeholl ginn, goufen fir d’Consultatiounszaiten staark eropgesat.

Op Basis vun enger Décisioun vum Verwaltungsrot ass all Certificat médical d’aptitude (CMA) deen tëscht dem 1. März an 4. Mee 2020 ofglaaf ass ëm 6 Méint verlängert gin.

Vun haut un kënnen nees Rendez-vous’en fir Ënnersichungen am STP gefrot gin (49771-2411). Hei sollen prioritär déi Leit sech mellen deenen hiren CMA gläich ofleeft well si net méi vun deene 6 Méint Verlängerung profitéiere kënnen. Duerch di grouss Demande u Rendez-vous’en kann et eventuell zu Schwieregkeete kommen fir d’Sekretariat telefonesch ze erreechen. An deem Fall kënnt dir och e Mail op dms-sante@cgdis.lu, mat ärer Matricule national, Numm, Virnumm an eng Telefonsnummer, wo dir am beschten ze erreechen sidd, maachen an dann gitt dir vum Sekretariat so séier wéi méiglech zréckgeruff.

 

D’Ënnersichungen mussen allerdéngs am Aklang mat den aktuellen Bestëmmungen duerchgefouert ginn an dofir gëllen bis op Weideres folgend Reegelen fir e RDV am STP:

  • Nëmme gesond Persounen ouni Krankheetssymptomer an deene läschten 7 Deeg, virun allem mat Verdacht op COVID-19 (Temperatur > 37.5°C; Houscht, Otemschwieregkeeten) dierfen ee RDV huelen respektiv zur Ënnersichung an den STP kommen.
  • Pro Stonn ass d’Zuel vun den Ënnersichungen staark reduzéiert ginn fir genuch Zéit fir Hygienesmoossnamen am Ufank an tëscht den Ënnersichungen ze hunn an fir dat sech och so wéineg wéi méiglech Persounen an de Waardezonen ophalen
  • Et dierfen nëmmen déi Persounen, déi zur Ënnersichung kommen an den STP kommen, eenzeg Ausnam sinn Mannerjäreger, déi zur Ënnersichung kommen an wou den STP freet, datt d’Elteren oder den Tuteur bei der Ënnersichung dobäi sinn. Hei dierf 1 Elterendeel/Tuteur ënner deene selwechte Konditiounen wéi déi Mannerjäreg mat an d’Gebai kommen.
  • All Pompjee, deen zur Ënnersichung kënnt, muss am Agang ee Froebou ausfëllen, Temperatur moossen an eng chirurgesch Mask undoen. Réischt duerno kann d’Gebai Stümper zesummen mat der Infirmier/ière vum STP betratt ginn.
  • Hat ee Pompjee e positiven COVID-19 Test, schwéier Symptomer vun der Krankheet oder wor hien hospitaliséiert (mat oder ouni Beootmung), ass eng Ënnersichung fréistens 2 Méint nom positiven Test Ergebnis an mat Noweis vun engem negativen Test COVID-19 méiglech. Bei Onsécherheeten soll sech de Pompjee am Sekretariat STP 49771-2493 mellen an dann kann mam Dokter vum STP gekuckt ginn, ob an wéini d’Ënnersichung stattfannen kann.
  • Bis op Weideres kënnen am STP keng Longenfunktionstester (Spirometrie) gemaach ginn, dofir fannen zur Zäit och keng Eischt/Astellungs-Ënnersichungen (Examen initial) fir Otemschutzgerätetrager (AGT/CSA) oder Taucher statt, egal ob professionellen oder fräiwëllegen Pompjee. Fir d’Examens périodiques vun den Otemschutzgerätetrager an den Taucher trëfft den Dokter seng Entscheedung opgrond den virdrun gemaachten Longentester an der aktueller Ënnersichung vum Pompjee.
  • Bis op Weideres kennen keng Ënnersichungen vun den Jugendpompjeeën an den Zentren (Site mobile) duerchgefouert ginn. D’Jugendpompjeeën kennen awer am STP Rue Stümper ënner deene selwechten Konditiounen wéi all aner Pompjee e RDV froen an ënnersicht ginn.

Mir iwwerwaachen reegelméisseg Situatioun an soubal néi Erkenntnisser oder Consignen virleien, gëtt den Oflaf natierlech ugepasst.

 

Merci fir äert Versteesdemech.

Dernière mise à jour