
NOTE
Säit Ufank Juli klammen d ‘Zuelen vun Nei-Infektiounen erëm zu Lëtzebuerg. An dësem Kontext, an am Aklang mat den erëm méi strikten Mesuren déi den 19. Juli vun der Regierung annoncéiert goufen ass et néideg eis all an domat och eis Familljen an d ‘Patienten weider ze schützen.
D’Gestes barrières sinn an bleiwen fir déi nächst Méint den “A an O” fir eis géint Infektiounen ze schützen an deem Sënn sinn an dëser Note d ‘Regelen an d ‘Prozeduren opgelëscht déi aktuell am CGDIS gëllen an ersetzen d’Note vu virdrun déi am Kader vum Covid-19 geschriwwe goufen, mat folgenden Ausnamen :
Ateliers ARI (30.04.20)
Remise en Service First Responder (28.05.20)
Reprise des activités pour les unités des jeunes pompiers (25.06.20)
Aktuell gëllen folgend Regelen an Prozeduren:
Gestes barrières an Hygiènemoossnamen
Allgemeng mussen d’Gestes barrières weiderhin strikt agehale ginn, sief op den Asätz, am CIS an um Buro,:
- Wa méiglech 2 m Ofstand halen, soss e chirurgesche Mask /Mondschutz droen an d’Hännhygiène duerchféieren.
- Évitéiert vill Persounen an zouenen Reim.
- Gidd keng Hand oder Kuss fir Moien/Äddi ze soen.
- Wäscht oder desinfizéiert iech regelméisseg d ‘Hänn.
- Wann der Houscht oder néitscht, maacht dat an den Ielebou oder an en Nueschnappech an wäscht iech direkt duerno d ‘Hänn.
Di allgemeng Hygiène Moosnamen, sou wéi se am Visuell Hygienemoossnamane am CIS/INFO COVID vum 16.04.20 (Annexe 1) opgelëscht sinn onbedengt anzehaalen. D’Droe enger chirurgeschee Mask, wann den 2m Ofstand net agehale ka ginn (am Won, an der Formatioun, …), ass obligatoresch.
Den Accès zum CIS an d’Réuniounen, am Respekt vun den Gestes barrière, sinn op déi absolut noutwendeg Unzuel u Leit ze beschränken.
Schützen vum Personal
Mam Ziel jidder Infizéierten schnell ze isoléieren an weider Kontakter ze vermeiden gëllen Folgend Regelen:
All Mataarbechter oder Pompjee deen Symptomer huet déi op eng COVID Infektioun hindeiten, ënnerbrécht all weideren Kontakt an kontaktéiert saïn Dokter fir Uweisungen ze kréien wei en sech verhalen soll. Bis zu Resultat vum Test ass all Kontakt ze vermeiden an net méi un Asaz deelzehuelen oder schaffen ze goen . Am Fall vun engem positiven Test Resultat ass den Uweisung vum Tracing vum Ministère vun der Santé an dem Dokter nozekommen.
All Mataarbechter oder Pompjee deen an Quarantän oder an Isolement ass, ob en COVID + ass oder net mëllt dëst direkt bei sengem Chef CIS/GIS oder bei sengem Virgesetzten fir Administrativ/Technescht Personal. Dës informéieren dann an der Woch iwwert Mail un absences@cgdis.lu schécken.
All Berufflech Mataarbecht mellt sech zousätzlech iwwert den bekannten Wee beim Personal Büro krank andeems en bannen 3 Deeg de Krankeschäin eraschéckt.
Den Tracing vun den Kontakter gëtt ausschliessleg vum Ministère vun der Santé gemat. Fir dass den Tracing funktionéiert ass et wichteg dass jiddereen verhält mat weem en enke Kontakt déi leschten 48 Stonnen. Och am Fall wou en Pompjee/Mataarbechter vum Tracing Service vum Ministère vun der Santé kontaktéiert gitt an opgefuerdert gëtt an Quarantän ze goen, gëllt d ‘Prozedur hei driwwer.
Stellt den Chef CIS/GIS fest, dass duerch Quarantän, Isolementer oder soss Absencen esou den POJ net méi assuréiert ass, esou ass den Chef de Zone ze informéieren an no Léisungen ze sichen.
Operationell Aktivitéiten
All operationell Tätegkeet gëtt weiderhin no de Bestëmmunge vun der Hygiène am Kader vum Covid duerchgefouert. De Resumé vun de Moosname fannt dir am Visuell: Zusammenfassung Schutz während COVID-19 Phase. (Annex 2).
All Pompjee an all Patient muss weiderhin e chirurgesche Mask /Mundscutz un hunn.
Am Fall wou en Pompjee am Kader vun engem Asaz Kontakt hat mat enger Persoun welch COVID + ass ouni dass d’Gestes barrières konnten respektéiert ginn, esou ass den Officier Santé iwwert den CSU 112 ze kontaktéieren. Dësen bereit dann iwwert déi weider néideg Suiten.
Secours à personnes - First Responder an RTW
D’First Responder fueren no de Bestëmmunge vun der Nott vum 28.05.20 eraus. Ofwäichend zu dëser Not, an am Aklang mat den aktuelle Recommandatioune fir den Dekonfinement vun der Regierung, soll de First Responder op der Plaz déi jeeweileg Situatioun ofschätzen, ob et néideg ass de Schutzkittel an de Brëll unzedoen. De Schutzkittel an de Brëll bleiwen awer Bestanddeel vun der Schutzausrüstung déi fir all First Responder Asaz zur Dispositioun vum Pompjee muss sinn.
All SAP Asätz ginn no de Bestëmmunge vum Visuell Zusammenfassung Schutz während COVID-19 Phase. (Annex 2) ausgefouert. D’Droë vun der engem chirurgesche Mask am Won ass obligatoresch.
D’Desinfektioun vun den RTW’en (#I3) geschitt weiderhin an engem vun deenen 3 Desinfektiounszenteren (CIS Ettelbruck, CIS Luxembourg an CIS Esch/Alzette, no Ofsprooch mam CSU 112).
D’Duerchféire vun der Reanimatioun am Fall vun enger Suspicioun/konfirméierte Covid-19 Fall geschitt weiderhin no de Recommandatioune vum CGDIS 20200527_Flowchart Reanimatioun – COVID 19 (Annex 3). Eng Otemnout gett weiderhin nom 20200331_Visuel Atemnot COVID-19 (Annex 4) behandelt.
Mir bieden Iech weiderhin e rationellen a fachgerechte Gebrauch vun de Schutztenuen ze maachen. Benotzt d’Schutzbrëller weider no der Desinfektioun.
INCSA
Fir INCSA Asätz ass d’Droe vun der chirurgescher Mask oder Mondschutz am Won obligatoresch.
Personnes vulnérables
Mam Ziel d’Personnes vulnérables beschtméiglech ze schützen, dierfen dës bis op Weideres net um SAP Déngscht deelhuelen.
Formatiounen, maintien des acquis, Reuniounen
Fir de Maintien des acquis an d’Formation continue gëllen d’Regelen wéi um Asaaz. Wann den Ofstand vun 2 m net kann agehale ginn ass en masque chirurgical/Mondschutz ze droen. Ausserdeem sollen dës Aktivitéite souwäit wéi méiglech dobaussen ofgehale gin.
Auslandsmissioune musse beim Generaldirekter ugefrot a vun him autoriséiert ginn.