Note COVID #16 continuité formation

Note de service « COVID-19 » #16 : continuité des activités de formation de l’INFS

Nodeems den INFS zënter dem 4. Mee 2020 seng Ausbildungsaktivitéiten nees opgeholl huet, goufen op allen Schoulen an awer och an den Zonen kloer Reegelen en Place gesat fir eng gréisst méiglech Sécherheet vun eise Membere wärend de Formatiounen ze garantéieren. Dëst ass eises Wëssens no bis op ee Fall an engem Cours absolut gelongen. Aus der Analyse vun deem Cours ass Recommandatioun entstane exklusiv op chirurgesch Masken an net méi op aner Zorte vun Mond-Nueseschutz zeréckzegräifen.

Elo wou Chamber gëschter néi Restriktiounen decidéiert huet, huet och den INFS nach eemol eng komplett Analyse gemaach an ass zesumme mam Comité directeur zum Entschloss komm, dat ënnert den uewe genannte Konditiounen och weiderhin eng maximal Sécherheet garantéiert ass, natierlech virausgesat et hält sech och all eenzelen un Reegelen. Mir sinn all en Deel vun der Léisung!

Dofir leeft de Formatiounsprogramm op de Schoulen, an de Zonen och normal weider sou wéi geplangt. Mir brauchen an de Rettungsdéngschter Memberen mat enger gudder Ausbildung fir dat se am Asaz hiert Handwierk am Sënn vun de Patienten awer och am Sënn vun hirer eegener Sécherheet beherrschen. Mir sinn systemrelevant an hu an dëser Kris schonn oft gewisen wéi wichteg den CGDIS mat sengen Memberen ass.

Ofmellen un enger Formatioun

Ab elo an bis op Weideres ass et dann och exzeptionell méiglech, sech ouni Konsequenzen bis 48 Stonnen virun enger Formatioun ofzemellen, wann een sech net sécher ass dat Konditiounen déi mer en Place gesat hunn engem duer gi. Dofir MUSS een awer an deem Délais e Mail un den infs@cgdis.lu maachen mat enger Copie u säin CUF an/oder CIS/GIS Chef jee nodeems wéi bei Iech intern Reegelen am CIS/GIS sinn.

Maintien des Acquis

Den maintien des acquis (MDA) leeft prinzipiell autonom an den CIS/GIS'en ënnert der Responsabilitéit vum CIS/GIS Chef zesummen mat sengem CUF. Dëst virun allem well eng generell Reegel "vun Uewen erof" net op all Platz selwecht ëmsetzbar, voir néideg ass vu déi komplett ënnerschiddlech lokal Situatioun, déi mir als INFS net all kennen a kennen beurteelen. Dofir wëlle mir Iech awer eng kleng Recommandatioun mat op den Wee gi, wou een sech dann kann orientéieren, wann ee Froen huet.

 

 

Wéi schonn an der Note #COVID19 Nr 9 geschriwwen:

·       MDA soll ënnert der Konditioun lafen dat net méi wéi 1 Sektioun zesummen schafft. Wann ee méi Leit muss an den MDA ruffen kann alternativ mat méi Sektioune geschafft gi, déi dann awer zu ALL MOMENT (och virun an no dem MDA - bsp. virun allem am Vestiär etc..) sech sou organiséieren dat se sech net kräizen. Déi Sektioune sollen dann och als Grupp bestoen bleiwen an ëmmer an der selwechter Sektioun geschafft ginn, d.h. keen Wiessel vun eenzelen Leit an de Sektiounen;

·       Zu all Moment MUSS eng chirurgesch Mask gedroen ginn, an wann ëmmer méiglech den Ofstand vun 2 Meter zousätzlech respektéiert ginn;

·       NET an engem zouenen Sall schaffen, Theorie kann een och um Terrain maachen fir den Deel den am MDA gebraucht gëtt;

·       Wann ee Besoin un Vermëttlung vun theoreteschen Inhalter besteet, kann een do och op déi vill flott modern Medien zeréckgräifen. Den INFS huet eng ganz Rei un Workshoppe fir Instrukter an CUF'en ugebueden, sollt do en CUF oder CIS/GIS nach Besoin hunn, soll ee sech beim Chef de Service Formation Zonal mellen, deen em gären kann weiderhëllefen;

·       Last but not least recommandéieren mir vum 14.12.2020 bis den 10.01.2021 eng Paus am MDA anzehalen, dëst well historesch an där Zäit souwisou manner Leit disponibel sinn, mee virun allem och fir dat mer virun den Feierdeeg den Leit eng Méiglechkeet ginn eng Aart Auto-quarantän ze maachen, fir roueg an besënnlech Fester an der Famill ze feieren (sollt dat mat den Restriktiounen vun der Regierung bis dohinner méiglech sinn).

1. Hëllefscours'en oder Sécherheet an Onfallverhütung am Alldag

Recommandatiounen déi vum INFS ausgeschafft goufen sinn nach ëmmer à jour, an respektéieren och déi aktuell Recommandatiounen vun der Santé. Wichteg ass och hei dat den Instrukter an den Organisateur lokal seng Analyse maachen, well mir net all Sall am Land am Detail kennen an ëmmer en vue vun den Recommandatiounen Analyse maachen ob den Sall adaptéiert ass. Sollt een zur Decisioun kommen dat dëst NET de Fall ass, soll den Instrukter sou direkt dem INFS ee Mail maachen, fir den Cours dann ofzesoen. Héi wäert et dann sou sinn wéi an der éischter Well, dat Cours'en déi schonn ugefaangen hunn net nogeholl gi, mee Leit mussen dann nees an ee komplett neie Cours aschreiwen.

Dernière mise à jour