Note de service #2 du 12 mars 2020

En vue vun den aktuellen Entwécklungen ronderëm de Coronavirus zu Lëtzebuerg an op Grond vun den Decisioune vun der Regierung huet de CGDIS de Plang fir d’Kontinuitéit vun de Rettungsdéngschter aktivéiert a folgend preventiv Mesure getraff:

-          Adaptatioun vun der Alertéierung vu First Responder-Unitéiten

-          Arrêt vun den Ënnersichungen beim Service Santé au Travail

-          Annulatioun vu sämtlechen Formatiounen an Exercicer (vum 14/03 un)

Dës sollen de Schutz vun eisem Personal garantéieren, eng Iwwerdroung an eise Reien limitéieren esou dat mir eis Haaptmissiounen weiderhin kënnen absolvéieren.

Mir bieden Iech deemtenspriechend är Leit alleguer doriwwer ze informéieren.

 

First Responder Eenheeten

De CGDIS huet eng adaptéiert Regulatioun fir d’First Responder agefouert déi d’Asätz vun de First Responder just nach op vital Urgencen limitéiert. Heizou ass ze widderhuelen dat bei Situatiounen wou e Verdacht op eng Infektioun besteet, de CSU 112 souwisou kee First Responder schéckt.

Fir d’RTW Besatzungen as et d’Informatioun, dat d’Alarmstéchwieder nach kënnen den Zousaz «FR» beinhalten, woubäi déi jeeweils zoustänneg First Responder Unitéit momentan eventuell net méi mat alarméiert ginn.

 

Arrêt vun den Ënnersichungen vum Service Santé au Travail

D’Ënnersichungen vum STP (Medico) ginn mat «effet immédiat» a bis op weideres gestoppt. Ee Certificat Medical d’Aptitude den an der Periode ofleeft bleift « jusqu’à nouvel ordre » gëlteg.

 

Annulatioun vu sämtlechen INFS Coursen am Kader vum COVID-19

 

Den INFS setzt an enger éischter Phase vum Samschden 14 Mäerz un a bis den 31 Mäerz sämtlech Course vum CGDIS aus, vir eng weider Verbreedung vum Virus anzedämmen.

Vir méigleche Mëssverständnesser aus dem Wee ze goen, héi eng Kéier den Detail vu Coursen, déi net stattfannen:

- Éischt-Hëllef-Coursen

- Léiergäng op den ënnerschiddleche Site vum INFS

- Léiergäng déi op zonalem Niveau am Numm vum INFS ofgehale ginn

- Ausbildung vun de «Pompiers Professionnels» (theoretesch Léiergäng a Stagen an den CIS’en)

- Ausbildung vun de «Pompiers Professionnels Stagiaires-Officiers »

- Stagen am Kader vum SAP 2

- « Maintien des Acquis » (Übungen um Niveau vum CIS/GIS)

Nëmmen esou kann eng Iwwerdroung innerhalb vun der Equipe méiglechst effizient verhënnert ginn an de Fonctionnement vun de Rettungsdéngschter an hirem jeeweilegen Zoustännegkeetsberäich garantéiert bleiwen.  

Pompiers Professionnels aus dem zweete Joer, déi den Ament am Kader vun hirem Stage de Perfectionnement vir e puer Méint an CIS’en zougedeelt sinn, sti weiderhin ënnert der Koordinatioun vun der jeeweileger Zone de Secours. Soumat sinn hier Stagen net ofgesot a si kënne weiderhin do hiren Déngscht verriichten.

All déi Léit, déi als Participant’en vun den ofgesotene Coursen betraff sinn, wäerte vum INFS kontaktéiert ginn, soubal d’Situatioun et erlaabt. Et wäerten hei och Léisunge vir déi Leit fonnt ginn, déi am Moment am Kader vun engem Upgrade (SAP 2 oder FIS 2/3) un engem Cours deelhuelen.

D’Instrukteren an Éischt-Hëllef-Moniteuren kréien an enger separater Note weider Informatiounen am Hibléck op dat weidert Virgoen vum INFS.

           

Allgemeng Rotschléi

De Flux vu Persounen, déi an den CIS’en an an aus ginn, soll sech an dëser Period och just op Léit beschränken, déi am Kader vun enger asatzrelevanter Missioun do sinn. Hei drënner falen Asätz, gardes casernées sou wéi d’Sécherstelle vum Fonctionnement vun den Asatzmettel a vun der administrativer Aarbecht.   

Wat d’Activiéiten vun den Amicalen an de Jugendpomjeeën ugeet, follegt de Recommandatiounen vun der Regierung. Dat heescht annuléiert gréisser Manifestatiounen (z.B. Generalversammlungen) a Rassemblemente vu Leit a suspendéiert d’Activitéite vun der Jugend.

Besonnesch am Beräich vum Rettungswiesen sief nach eng Kéier dorun erënnert, dass Léit, déi Symptomer bei sech feststellen, déi op eng Infektioun mam Virus hindeiten, net sollen op d’Aarbecht oder Garden beim CGDIS kommen.

(Weider Informatiounen ennert www.gouvernement.lu/coronavirus).

 

Weiderentwécklung

All déi aktuell Informatiounen zum Coronavirus an all relevant Dokumenter fannt Dir um https://112.public.lu/fr/Coronavirus.html

De Centre de Gestion des Opérations as aktivéiert, behält d’Situatioun natierlech ganz genee am Aa, a wäert Iech reegelméisseg iwwer weider Update a Mossnamen informéiert halen.

Mir schaffen u weider Consigen déi mir Iech an dene nächsten Deeg zouschécke waërten.

Dernière mise à jour