Note de service #3 du 13 mars 2020

Nach 2 Ajouten zu der Note #3 déi virdrun erausgangen ass, dëst ass doran léider net sou kloer erwähnt ginn, och wann et amfong logesch Konsequenzen vun der Upassung vun der Procédure sinn. Dës 2 Saachen stinn méi explizit an der Gesamt-Procédure, déi de Pascal Stammet iech muer wäert zoukomme lossen an erklären (wéi um Telefon mat deenen 4 Zonencheffen beschwat virdrun), mä et ass wichteg datt dir och dës 2 Messagen muer un d’Zentercheffen wéidergitt:

 

1.       Ab direkt däerfen keng Begleedpersounen méi an der Ambulanz matgeholl ginn (ausgenomm Elteren vun Kanner an eventuell bei Persounen ënnert Tutelle). An deem Fall ass d’Begleedpersoun och mat enger Mask ze équipéieren d’nämlecht wéi de Patient an d’Persoun soll no Méiglechkeet hannen dran an net bei de Chauffer.

2.       Ab direkt sollen keng Memberen déi zu der Kategorie vun de «Personnes vulnérables» zielen, méi op den Ambulanzen agesat ginn. Et ass eis Aufgab, dës Léit prioritär ze protégéieren, wat net mat dem Déngscht op der Ambulanz vereinbar ass. Pour rappel:

Les personnes vulnérables sont les personnes de plus de 65 ans ou celles qui souffrent déjà d’une des maladies listées ci-après. Les maladies concernées sont :

  • Le diabète
  • Les maladies cardio-vasculaires
  • Les maladies chroniques des voies respiratoires
  • Le cancer
  • Une faiblesse immunitaire due à une maladie ou à une thérapie

Léif Membere vum CGDIS,

Déi verschidden Mesuren am Kader vum COVID-19 hunn natierlech och een Impakt op de Fonctionnement vum CGDIS. Heizou hu mir iech scho gëschter verschidden Informatiounen zoukomme gelooss. Aus dem Grond wäerten och am CGDIS verschidden Prozeduren mussen reegelméisseg an eventuell och kuerzfristeg je no Verlaf vun der Situatioun adaptéiert ginn. Dës Informatiounen wäerten iech ab elo reegelméisseg – außer am Fall vun enger Urgence – a gebündelter Form per Nott an um Site vum CGDIS (https://112.public.lu/fr/Coronavirus.html) zur Verfügung gestallt ginn.

Aktuell Situation am CGDIS

Am Moment funktionéieren déi administrativ a logistesch Servicer vum CGDIS normal weider a si wéi gewinnt erreechbar. Vu datt verschidden Mataarbechter sech awer primär och op operationnell Missioune musse konzentréieren, biede mir ëm Verständnis, datt d’Ufroen no der Prioritéit ofgeschaft ginn an et eventuell zu längeren Beaarbechtungszäiten wéi soss ka kommen. Reuniounen a Versammlungen sinn allerdéngs wéi aus der Nott vum 12. Mäerz ze enthuelen komplett ofgesot oder op de strikte Minimum limitéiert ginn.

 

Folgend Procéduren sinn ab elo geännert an dementspriechend ze berücksichtegen:

1)      Upassungen vun der Regulatioun vum CSU 112, der Besatzung vun den Ambulanzen/RTW’en a vun der Prozedur vun der Prise en charge vun Patienten mat Symptomer.

Vu d’Evolutioun vun der COVID-19 Situatioun zu Lëtzebuerg, hunn déi aktuell Prozeduren missten ugepasst ginn.

Fir d’Expositioun vun eise Pompjeeën op e minimum ze reduzéieren an d’Schutztenuen esou mann wéi méiglech ze brauchen sinn d’Ambulanzen/RTW’en just nach mat 2 Pompjeeën ze besetzen, dëst no den Dispositiounen vum Règlement operationell.

Den CSU 112 freet bei all Noutruff op d’Patienten Symptomer vun Otemweeinfektiounen hunn, spréch op e Risiko vun enge COVID-19 Infektioun besteet. Ass dat de Fall, gett mam Zousaz #COVID alarméiert, fir op eng méiglech Infektioun hinzeweisen. Onofhängeg dovunn ass bei all SAP Asaz duerch den Equipage vun der Ambulanz/RTW ze préiwen op e Verdacht op eng méiglech COVID-19 Infektioun virläit. Besteet e Verdacht sinn déi nei COVID Schutzmoossnamen ze huelen:

  • Limitéiert den enke Kontakt mam Patient op e Minimum.
  • Dot dem Patient en «Masque chirurgical» (FFP2 als Alternative) un.
  • Déi Pompjeeën déi um Patient schaffen, bei him hannen an der Ambulanz bleiwen doen e Schutzkittel (Tyvek als Alternative), e Schutzbrëll, Händchen an eng FFP2 Mask un.
  • Den Chauffeur vun der Ambulanz/RTW geet de Patient an den Accueil vun den Urgencen ukënnegen a kritt gesoot wou den Patient hikënnt. Eréischt dann gëtt de Patient ausgelueden an op déi entspriechend Plaz geleed.
  • Als Desinfektioun vun der Ambulanz/RTW ginn d’Kontaktflächen mat Wipes ofgemaach.

Nëmmen nach Patienten déi vun der Inspection sanitaire confirméiert mam COVID-19 infizéiert sinn, ginn nach no der Prozedur #I3 en Charge geholl.

Am Résumé:      - Verdachtsfall        -> Alerte a Prozedur (Schutztenue an Desinfektioun) #COVID

- confirméierte Fall -> Alerte a Prozedur #I3

 

2)      Suivi vun den Absencen vu professionnel, administrativ/technesch a volontaire Membere vum CGDIS.

All Member vum CGDIS, ob professionell, administrativ/technesch oder volontaire Member muss sech (am Viraus) ofmellen wann hien net kann schaffen kommen oder um aktiven Déngscht deelhuelen kann, wéinst Congé de maladie, Congé pour raison familiale, Auto-Isolement oder Auto-Quarantaine, an zwar op der Telefonsnummer:

49771-9150 (9:00 an 15:00 Auer 7/7) oder iwwer Mail: absences@cgdis.lu

Wann dir d’RHen iwwer dës Mailadresse kontaktéiert, schreift w.e.g. äert Uleies, de Betreff, an kommunizéiert ons an der Mail w.e.g. folgend Donnéeën:

Matricule CGDIS, Numm a Virnumm, ob Dir professionellen oder volontairen Pompjee sidd, oder zum administrativ/techneschen Staff gehéiert. Desweideren, bis wéini Dir viraussiichtlech net disponibel sidd. Vergiesst net och ären Supérieur hiérarchique, Chef CIS oder Chef GIS ze informéieren!

D’Mailadress rh@cgdis.lu soll de Moment net benotzt ginn fir Krankmeldungen oder Absencen!

Wann Dir erëm disponibel/gesond sidd, sollt Dir ons och w.e.g. iwwer de selwechte Wee kontaktéieren.

Bei medezineschen oder administrative Froen kënnt Dir Iech iwwer déi selwecht Telefonsnummer oder Mailadress mellen. D’RHen respektiv Dokteren vum STP ginn Iech schnellstméiglech eng Äntwert.

 

3)      Medizinësch Rotschléi fir Memberen vum CGDIS

De Service de Santé au Travail (STP) bitt ab elo ee Service fir déi fräiwëlleg a berufflech Pompjeeën vum CGDIS un, fir medezinesch Rotschléi am Zesummenhang mam COVID-19 an dëst am Kader vun hirer Aktivitéit als Pompjee ze ginn (Symptomer, richtegt Verhalen no engem Kontakt, asw.). Dëse Service mécht keng medezinesch Consultatiounen (keng Krankeschäiner, keng Ordonnancen, asw.) an ass just fir d’Memberen vum CGDIS.

Telefon: 49771-9150

 

 

4)      Embargo op Auslandsreesen an Auslandmissiounen

Auslandsreesen am Kader vu CGDIS Missiounen oder fir Formatiounszwecker sinn bis op weideres och net méi geneemegt.

Videomessage vum Generaldirekter Paul Schroeder

Um Site vum 112 fannt dir och ee Message vum Generaldirekter Paul Schroeder un alleguer d’Membere vum CGDIS am Kader vun der Evolutioun vun der Situatioun rondërem de COVID-19, dat a Form vun engem Videomessage.  https://gd.lu/16qqzM

Récapitulatif global vun den Decisiounen

Dernière mise à jour