Mat dëser Nott wëlle mir iech e puer Zousazinformatioune par Rapport zu der Situatioun ronderëm de COVID-19 ginn.
Gitt SPUERSAM mat de Schutztenuën ëm a gebraucht se no de Virschrëfte vum CGDIS! Eise Stock ass limitéiert. Mir mussen di bescht méiglech Gestioun dovunner maachen, fir dass jiddereen déi néideg Tenue zur Verfügung huet wann se gebraucht gëtt.
1) Prezisiounen zu der chirurgescher Mask
All Patient (och wann kee Covid-19 Verdacht besteet) kritt eng chirurgesch Mask (Mund-Nasen Schutz) un. Pompjeeën déi mam Patient a Kontakt kommen doën och esou eng Mask un.
Weider Prezisiounen zu deene verschiddene Masken fannt dir an der Annexe 1
2) Prezisiounen zur Desinfektioun no engem #I3 Asaz:
D’Desinfektioun vun dem AMB/RTW no engem #I3 Asaz, gëtt no Retour am Status 6 doheem am CIS gemaach. Ab Méindes dem 30. Mäerz soll d’Desinfektioun dann zentral op 3 Plazen am Land gemaach ginn, jee nodeem a wat fir e Spidol de Patient gefouert gouf respektiv do wou d’Ambulanz am noosten ass. Dëst sin folgend CIS’en: CIS Luxembourg, CIS Esch-sur-Alzette an CIS Ettelbruck
Weider Prezisiounen zu der Desinfektioun #I3 fannt dir an der Annexe 2
3) Prezisioun zu de Schutzbrëller
No Gebrauch mat engem Wipe ordentlech desinfizéieren an minimum 1x / 24 Stonnen mat Seef a warmem Wasser wäschen.
4) Geheit di eidel Fläschen vun Desinfektiounsmëttel (Skinman, Virugard, Sterilium, Aniosgel,…) NET ewech!
Sammelt se, mam Verschloss drop, am CIS an enger Këscht oder Tut, fir dass mir se nees kënne mat Händedesinfektiounsmëttel opfëllen. An deenen nächsten Deeg kritt dir nach wieder Uweisungen heiriwwer.
5) Schutzmoossname bei der Reanimatioun Covid-19
Wichteg ass hei, dass d’Ekipp geschützt ass a keng Maskenbeatmung méi mécht.
Weider Prezisiounen zu der Reanimatioun Covid-19 fannt dir am Visuell (Annexe 3)
6) Interventioune wou d’Präsens/Ënnerstëtzung vun der Police néideg ass
Bei Asätz wou d’Police mat derbäi ass fir d’Sécherheet vun eise Leit ze garantéieren, dierf just 1 Police-Beamte mat an d’Ambulanz eran. Dëse Beamte soll déi néideg Schutztenue vun der Ambulanz zur Verfügung gestallt kréien a vum Ambulanzepersonal gewise kréie wéi en se korrekt uleet an och erëm ausdoe muss.
7) Consignen iwwer d’Hygiène an den ARI Atelier’en
fannt dir an der Annexe 4
8) Aktivitéiten vum INFS
Bis op Weideres si sämtlech Couren an Aktivitéite vum INFS en suspens. Dorënner falen all d’Ausbildunge vu Fräiwëllegen a Berufflechen esou wéi och all Examen.
Esoubal dës Situatioun sech wäert ännere, wäert dir entspriechend informéiert ginn.
Allgemeng Informatioun
Aktualiséiert operationell Informatiounen ronderëm de COVID-19 sinn a gebündelter Form um Site vum CGDIS (https://112.public.lu/fr/Coronavirus.html) ze fannen.
Annexe 1: Prezisiounen zu der chirurgescher Mask
- Chirurgesche Mask (= Mund-Nasen-Schutz)
- Fir ALL Patient
- Verhënnert dat Spautdrëpse vun deem, den d’Mask dréit, an d’Ëmgéigend gelangen
Richtegt Benotzen:
- Virum Undoen Hänn mat Waasser a Seef wäschen (oder desinfizéieren)
- Mat der bloer Säit no baussen iwwer Nues a Mond undoen, se muss méiglechst dicht um Gesiicht uléien
- Emol ugedoen dierf d’Mask net méi mat den Hänn beréiert ginn
- No all Beréierung mat enger gebrauchter Mask, z.B. beim Ausdoen, d’Hänn mat Waasser a Seef wäschen oder desinfizéieren
- Wann de Mask naass ass, muss se duerch eng nei propper an dréchen ersat ginn
- Se dierfen net eng zweete Kéier benotzt ginn, no all Benotzung solle se direkt nom Ausdoen an der Poubelle entsuergt ginn.
Am Kader vum COVID-19 a fir Ressourcen ze schounen, dierf de Mask an Ausnamefäll méi oft benotzt ginn, VIRAUSGESAT e gëtt just vun enger Persoun benotzt fir eng Schicht ouni Kontakt mat engem confirméierte Patient, z.B. fir den Otemschutzgerätewart
FFP2- / FFP3- Mask:
- Fir eis Equippen bei der Versuergung vu Patiente mat enger iwwer Loft iwwerdrobarer Erkrankung ze schützen
- = Partikelfiktréirend Hallef-Mask
- Op en dichte Sëtz um Gesiicht oppassen (Opgepasst: keen dichte Sëtz méiglech bei engem Baart)
- Ausdoen just mat Händschen an oppassen fir net mat der baussechter Säit mat der Haut a Kontakt ze kommen
- Nom Ausdoen d’Hänn mat Waasser a Seef wäschen oder desinfizéieren
- Eng FFP-Mask kann vun enger Persoun min 2-4 Stonne gedroe ginn (bis zu 8 Stonnen)
Am Kader vum Covid a fir Ressourcen ze schounen, dierf de Mask an Ausnamefäll méi oft benotzt ginn, VIRAUSGESAAT e gëtt just vun enger Persoun benotzt fir eng Schicht ouni Kontakt mat engem confirméierte Patient, z.B. fir den Otemschutzgerätewart
Annexe 2: Prezisioune zur Desinfektioun no engem #I3 Asaz:
#I3 bedeit eng Alertéierung op en Asaz mat engem Patient, den eng Infektiounskrankheet huet déi duerch d’Loft iwwerdroe gëtt. (zB. Meningite, Tuberkulos, confirméierte Covid-19)
Schutzmoossname fir d’Equippen : Infektionsschutz-Set mat FFP3-Mask, Brëll, Tyvek, 2 Puer Händschen. Tëschefenster am RTW zoumaachen, Klima-Anlag ausschalten.
Nom Ofliwwere vum Patient :
- Déi ugedoe Schutztenue unhalen, den Equippier bléift hannen am Patienteraum
- De Chauffeur deet seng Schutztenue aus an desinfizéiert seng Hänn éier en an d’Chaufferskabinn eraklëmmt
- Retour am Status 6 an dee CIS, den dem Spidol am nächste läit
CHL + HoKi : CIS Lux
CHEM : CIS Esch
CHdN : CIS Ettelbruck
Virdeel : d’RTW-Equippe kann encadréiert gi fir d’Hygiènemoossname korrekt auszeféieren, operationellen Zäitgewënn, zentral Sammlung vu kontaminéiertem Offall
- Desinfektioun vum Won mam Flächendesinfektiounsmëttel Incidin Pro (net mat de Wipes!)
- Diere vum Won grouss opmaachen, de ganze Patienteraum desinfizéieren, all Material wat benotzt ginn ass, all Tiräng déi opgemaach goufen inkl. d’Material dran
- De Chauffeur deet eng FFP2-Mask, e Brëll an Händschen un fir dem Equippier bei der Desinfektioun ze hëllefen
- Desinfektiounsmëttel muss 60 Min awierke gelooss ginn
- No der Desinfektioun: gedroe Schutzkleeder korrekt an ouni Kontaminatiounsverschleefung ausdoen -> Film 112.lu oder Sharepoint DMS
- Asatztenuen ausgedoen an direkt (sou séier wéi méiglech?) an der Wäschmaschinn wäschen, RKI-Programm, 60°C
- Duschen a frësch Kleeder undoen
- Asaz-Bericht an en Infektiounsbericht um Sharepoint vun der DMS ausfëllen

Annexe 4 : Consignes hygiène ateliers ARI
Note de service « COVID – 19 » sur les mesures préventives mises en place dans les ateliers d’entretien dédiés aux équipements de protection respiratoire
Fir eventuell Risike bei der Wartung vun Otemschutzmaterial ze evitéieren, géifen mir hei nach eng Kéier e Rappell vun de bestoende Prozedure maachen, souwéi zousätzlech Moossname matdeelen:
- Am Schwarz-Beräich soll den Otemschutzgerätewart weiderhin déi perséinlech Schutzausrüstung notzen, déi no den aktuelle Prozeduren ze verwenden ass:
- Schutzkittel
- Schutzbrëll
- Händschen
- FFP2-Mask
Weiderhi sollen Aarbechtsfläche wéi bis elo och no engem Aarbechtsprozess desinfizéiert ginn. Dëst ass fir ze verhënneren dat kontaminéiert Material verschleeft gëtt respektiv den Otemschutzgerätewart sech domadder kéint ustiechen.
- Virum Schaffen am Wäiss-Beräich sollen dann och weiderhin d’Hänn gewäsch ginn. Als zousätzlech Mesure, fir ze verhënneren dat déi propper Geräter duerch den Otemschutzgerätewart kéinte kontaminéiert ginn, soll hien e „Mask chirurgical“ (oder FFP2-Mask) droen. No der Préiwung sollen déi verpaakte Geräter dann fir 72 Stonnen a “Quarantän” geluecht ginn.
- Den Otemschutzgerätewart notéiert weiderhi wéi eng Geräter hie wei een Dag gepréift huet, fir dat falls hie positiv getest géif ginn, ka retracéiert ginn, mat wei enge Geräter hien a Kontakt war. Des weidere soll hie virum Schaffen am Otemschutzatelier Féiwer moossen an dëse Wäert mat op de Kontrollprotokoll notéiere.
- Sollte méi Otemschutzgeräteträger an engem CIS aktiv sinn, sou sollt e Roulement pro Woch agefouert ginn a jeeweils ëmmer nëmmen 1 Persoun pro Woch am Atelier schaffe fir de Persounekrees anzegrenzen.
- Wann dës Aarbechte vun enger Persoun ausgeféiert ginn, kann déi benotzte Mask och e puer mol gedroe ginn, VIRAUSGESAAT, de Mask ass mam Numm vun der jeeweileger Persoun beschreift, tëschent den Aarbechten am Atelier ass séchergestallt dat en op enger sécherer Platz gelagert gëtt, keen aneren dermat a Kontakt kënnt an dat e selwer oppasst dat en sech net domat kontaminéiert. Esoubal een Zweiwel huet, soll en ausgetosch ginn.
- Fir eventuell Riske weider ze reduzéieren, wäert als zousätzlech Moossnam aktuell just nach folgend Atelieren aktiv bleiwen:
o Zone Centre: Hesperange, Lintgen, Luxembourg, Mamer, Mersch
o Zone Est: Echternach, Junglinster, Mertert, Remich
o Zone Nord: Clervaux, Ettelbruck, Redange
o Zone Sud: Dudelange, Esch, Sanem-Differdange
Logistik an deenen eenzelnen Zonen gëtt duerch Bureau Zonal koordinéiert.