Note de service #6 du 27 mars 2020

Mat dëser Nott wëlle mir iech wichteg Informatiounen zu dem neien Dispatching vun de Patienten op déi verschidde Spideeler ginn.

 

Bedéngt duerch déi steigend Unzuel vu COVID 19 infizéierte Leit zu Lëtzebuerg wäert d'Aktivitéit fir d'AMB/RTW'en a SAMU’en wei awer och an de Spideeler déi nächst Deeg weider an d'Luucht goen. Dëst féiert dozou dass eng intelligent Gestioun vun eise Ressourcen esou wei vun den Intensivbetter an de Spideeler ëmmer méi wichteg gëtt.

 

Am Optrag vun der Cellule de crise vum Gesondheetsministère iwwerhëlt de CGDIS vum 27.03.2020 un eng zentraliséiert Gestioun vun de fräie Better an d’Verdeelung vun de Patienten op di eenzel Kliniken dëst iwwer en nationale Monitoring vun den zur Verfügung stoende Kapazitéiten, souzesoen en zentraliséierten «Bettennachweis» um CSU 112. Dës Gestioun wäert iwwer eng nei Funktioun, den «Dispatcher» (Dokter oder Infirmier), geschéien deen extra fir dës Missioun 24 Stonnen op 24 Stonnen um CSU 112 wäert present sinn.

 

Bei der Alerte kréien d'AMB/RTW'en a SAMU’en keen «Zielkrankenhaus» méi uginn.

 

All Ambulanz/RTW a SAMU gëtt éier se d’Asazplaz verloossen (virum Status 7) dem CSU 112 en kuerze Bilan (RTW : ABCDE Schema) iwwert Funk.

 

Ophand vun dësen Informatiounen zum Zoustand vum Patient an de Kapazitéiten an de jeeweilege Spideeler gëtt den CSU112 Iech dee Moment eng Zielklinik un.

Dernière mise à jour