Mat dëser Nott wëlle mir iech e puer Zousazinformatioune am Zësummenhang mat der Situatioun ronderëm de COVID-19 ginn.
Recyclage vun Desinfektiounsmëttelsflächen
DMS organiséiert grad d’Produktioun an d’Verdeelen vun Desinfektiounsmëttel. Dofir nach eng Kéier den Opruff déi eidel Fläschen net ewechzegeheien, mee mam Verschloss drop anzesammelen. Weider Uweisungen doriwwer kommen an deenen nächsten Deeg.
Rappel iwwer d’Schutzmossnamen
- Alertéierung #COVID:
Direkt nom Ofliwwere vum Patient sollen Kontaktflächen mat Wipes desinfizéiert ginn. Dat heescht all Plazen wou entweder d’Equipe oder de Patient dermadder a Kontakt komm sinn.
- Alertéierung #I3:
Nom Ofliwwere vum Patient schéckt de CSU-112 den RTW oder eventuell de SAMU fir Desinfektioun an e vun de folgende CIS’en:
· CIS Esch-sur-Alzette
· CIS Ettelbrück
· CIS Luxembourg
· CIS Mertert (Mise en place an den nächsten Deeg virgesinn)
· CIS Redange (Mise en place an den nächsten Deeg virgesinn)
Hei gëtt d’Equippe bei der Desinfektioun vun hirem Won encadréiert, si kënnen duschen a kréie frësch Kleeder.
Wichteg ass dat nom Ofliwwere vum Patient op direktem Wee an den designéierte CIS gefuer gëtt. Do soll d’Equippe am Won sëtze bleiwen an op d’Uweisunge vum Desinfektor waarden.
Uschléissend kritt d’Equipe vum RTW oder SAMU och dat verbrauchtent Material (Tyvek, Masken, Brëll etc) ersat.
Mise en Place vum 5. SAMU um Findel
Wéi schonn ugekënnegt wäert mat engem Mount Avance ab dem 1. Abrëll 2020 een 5. SAMU vum Findel aus aktivéiert ginn. Den neie Vecteur wäert vun der Luxembourg Air Rescue bedriwwe ginn a an enger éischter Phase exclusiv mam Helikopter, den de Funkrufnumm Air Rescue 1 behält. Dat bréngt mat sech dat de SAMU Lëtzebuerg 1 dann ofwiesselend am CHL an am HOKI stationéiert ass vun dem Dag un nëmmen nach terrestresch wäert ënnerwee sinn.
Ännerung vum Gardeplang vun de Spideler an der Stad.
Ab dem 1. Abrëll ginn d’Gardepläng vun de Spideler an der Stad och adaptéiert, an CHL an HRS wiesselen sëch all Dag mam Dingscht of (opgepasst: dat gëllt och fir de WE).
Accessibilitéit Urgencen, Centres de soins avancés an Centre de traitement
An der Annexe zu dëser Nott fannt Dir déi 2. an adaptéiert Versioun vum Dokument « Notaufnahmen, Centres de soins avancés (CSA) und Centre de traitement (CT) ».
Krisekommunikatioun
Wéi et am Kapitel 4 vum Règlement opérationnel steet, gëtt d’Kommunikatioun am Fall vun enger Kris vun der Cellule Communication et Information (CCI) vun der Cellule de Crise koordinéiert. Dofir den Opruff un d’CISen a GISen bis op Weideres mat all Art vu Kommunikatioun ze pausen. Sief et op sozial Medien, Internet oder soss aner Kanäl. Asazrelevant Informatiounen kënnen un comops@cgdis.lu an 112@cgdis.lu geschéckt ginn. Déi Informatiounen ginn dann zentral traitéiert an eventuell verrëffentlecht.
Allgemeng Informatioun
Aktualiséiert operationell Informatiounen ronderëm de COVID-19 sinn a gebündelter Form um Site vum CGDIS (https://112.public.lu/fr/Coronavirus.html) ze fannen