Note de service #8 du 17 avril 2020

Objet : Upassungen vun den Procéduren vum CGDIS am Kader vum Déconfinement an intern Verdeelung u Schutzmasken

Wéi an der Pressekonferenz vum Premierminister an der Gesondheetsministesch vum 15. Abrëll matgedeelt gouf, wäert ab dem 20. Abrëll de sougenannten «Déconfinement» a méi Phasen Schratt fir Schratt duerchgefouert ginn. Eng éischt Moossnaam an dësem Kontext gouf jo schon mat der Verdeelung vu Schutzmasken un Gemengen fir hier Bierger préparéiert, wou de CGDIS an der Logistik an Organisatioun jo och eng wichteg Rôle iwwerhëllt.

Am Zesummenhang mam Déconfinement wäert och de CGDIS sech mussen der wiesselnder Situatioun upassen, fir datt wéiderhin eist Ziil, fir den Rettungsdéngscht jidderzäit kënnen ze garantéieren an dobäi eise Pompjeeën a Mataarbechter awer gläichzäiteg de gréisstméigleche Schutz kënnen ze bidden, sécherzestellen.

Eng «Mesure barrière» déi ab dem 20. Abrëll dobäi kënnt, ass d’Droen vun engem Otemweeschutz, wann een d’Sécherheetsdistanz vun 2m tëscht zwou Persounen net kann anhalen. Aus deem Grond gouf och d’Dokument zu de Verhalens- an Hygiensreegelen entspriechend adaptéiert, dir fannt déi néi Versioun an der Annexe vun dëser Nott. Mir erënneren dofir och nach eemol speziell drun, datt den Otemweeschutz just eng zousätzlech Sécherheetsbarrière ass, an déi aner Gesten, virun allem den Ofstand vun 2m an d’reegelméissegt Hännwäschen wéiderhin strikt a konsequent ze applizéieren sinn.

Der Direktioun vum CGDIS ass et wichteg, seng Matarbechter souwéi fräiwëlleg a berufflëch Pompjeeën bei hirem Engagement fir de CGDIS och wéiderhin beschtméiglech ze schützen. Aus deem Grond gouf folgend intern Verdeelung u Schutzmasken aus dem Stock vum CGDIS décidéiert, fir datt dës zousätzlech néi Sécherheetsmesure kann ëmgesat ginn:

 

Fir d’Direktiounen an déi administrativ a logistesch Servicer an de Zonen :

·       Op all Site (Plantin, Stümper, CSL, Bureau zonal) gëtt jeeweils ee Set u Masken zur Verfügung gestallt. Wann de Sécherheetsofstand vun 2m net kann agehalen ginn (z.B. bei enger Maintenance vun engem Geschiir), esou kënnen déi jeweileg Persounen aus dësem Set eng Mask zur Verfügung gestallt kréien.

 

Fir d’Centre d’Incendie et de Secours:

·       Fir den Ambulanz-Déngscht hunn sech d’Procéduren (#COVID / #I3) net geännert a sinn wéiderhin wéi bis elo ze applizéieren.

·       De First Responder Déngscht bléift fir de Moment wéiderhin agestallt.

·       Fir den Incendie/Sauvetage-Déngscht wäert all Asazzenter iwwert d’Zone Schutzmasken zur Verfügung gestallt kréien, déi kënnen an den primären Asazween gelagert ginn. Dës Masken kënnen am Asazfall ugedoen ginn, wann de Sécherheetsofstand vun 2m net kann agehalen ginn. Dës Masken mussen ab dann och net méi um Asaz vun der Ambulanz ersaat ginn.

·       Fir administrativ a logistesch Aufgaben am Zenter, wou den Sécherheetsofstand vun 2m net kann agehalen ginn, kritt all Zenterchef ee Set u Masken iwwert d’Zone, déi e sénge Léit fir esou Fäll kann zur Verfügung stellen.

·       Fir d’Déngschtween déi an engem Pool fonktionnéieren (virun allem d’Kommandoween fir de Peloton-Déngscht) gëtt iwwert d’Zone eng Këscht mat Masken zur Verfügung gestallt, déi am jeweilegen Déngschtwoon soll gelagert ginn.

·       Den Accès an d’CIS ass wéiderhin op e Minimum ze limitéieren.

 

Fir d’Bases SAMU:

·       Fir den SAMU-Déngscht hunn sech d’Procéduren (#COVID / #I3) net geännert a sinn wéiderhin wéi bis elo ze applizéieren.

 

Fir d’GIS:

·       D’GIS Sauvetage aquatique, Cynotechnique, Sauvetage animalier, GRIMP, NRBC an CSL kréien iwwert den CSL ee Set u Masken zur Verfügung gestallt fir an den Asazween fir den Asazfall ze verdeelen a fir bei administrativ-logistëschen Aarbechten ze benotzen.

·       De GSP kritt wéinst dem reegelméisseg direkte Kontakt mat Patienten ee Set u Masken pro Member deen um Asazdéngscht deelhëllt zur Verfügung gestallt, d’Gestioun gëtt iwwert den Hannergronddéngscht koordinéiert.

·       De GACO kann op d’Masken vum CGO zeréckgräifen.

·       Den HIT brauch fir de Moment kee Set u Masken, well d’Aktivitéiten vum Grupp aktuell agestallt sinn.

 

Fir den CGO an CSU 112:

·       Et gëtt ee Set u Masken zur Verfügung gestallt, fir de Fall wou de Sécherheetsofstand vun 2m net kann agehalen.

Mir hunn d’Vertrauen an iech all, datt dir mat dësem Stock, deen jeweils fir ronn 3 Méint gerechent ass, responsabel ëmgitt. Dës Verdeelung u Masken stellt sécher, datt all Unitéit seng normal Aktivitéiten kann onageschränkt wéiderféieren. Bei Ännerungen vun de Missiounen, wäerten selbstverständlech je no Besoin wéider Schutztenuen zur Verfügung gestallt ginn.

Déi verschidden Direktiounen vum CGDIS schaffen aktuell och intensiv dorunner, déi normal Aktivitéiten, virun allem d’Formatioun vum INFS an den STP (Médico) ënnert sécheren Conditiounen och erëm lues a lues kënnen unzefänken. Dës Moossnaamen mussen awer suergfälteg geplangt ginn, dofir wäerte mir iech heizou wéider détailléiert Informatiounen zoukommen lossen, wann dës bis virléien. Bis dohinner, bléiwen d’Aktivitéiten vun dësen Servicer wéiderhin agestallt.

Dernière mise à jour