Note de service #9 du 23 avril 2020

Reprise progressive des activités de l'INFS

Léif Memberen vun den Rettungsdéngschter,

nodeems de Premier lescht Woch éischt Mesuren am Kader vun der Exit-Stratégie vun der Regierung annoncéiert huet, an d’Schoulen am Land ab Ufank Mee nees schrëttweis de Betrib ophuelen, huet de Comité directeur säit läschter Woch gekuckt, wéi déi verschidden Aktivitéiten, déi gestoppt goufen, nees ugefange kënne ginn. An deem Kontext hu mir eis am INFS och Gedanke gemaach, wéi mir de Schoulbetrib nees kennen progressiv ulafe loossen.

Sou wéi d’Regierung et virschléit wäert och den INFS an Etappen nees mat de Formatiounen ufänken.

1. Etapp ab dem 4. Mee 2020:

·         Ausbildung vun de Stagiär Beruffspompjee > cadre de base Promo 2020 (hei wäerten verschidden Adaptatiounen an den prakteschen Stagen virgeholl ginn, do ginn déi concernéiert CIS’en awer nach informéiert);

·         Offizéier Promo 2020 (och héi kënnt et zu Oofwäichungen am Hibléck op d’Periode vun de praktesche Stagen);

·         Perfectionnement vun den Stagiär Beruffspompjee cadre de base Promo 2019

·         Ab der KW19 - 21 (4. Mee bis 31. Mee inclus) gi ganz selektiv Formatiounen op de Schoulen an an den Zonen ugebueden. Den Detail vun dëse Formatioune fannt Dir am Tableau en Annexe. Leit wou an déi Formatiounen ageschriwwen sinn, ginn elo am Laf vun der Woch nach eemol iwwert de LEVESO aberuff.

 

2. Etapp ab dem 1. Juni 2020:

·         Ab der KW 22 also dem 1. Juni 2020 bidden mer nees den normalen Programm un Formatiounen un;

·         Ausnam maachen hei Formatiounen am Beräich Formation Continue (d.h. FOCO INCSA, FOCO SAP, Rezertification Larynxtube, FOCO First Responder, FOCO Instructeurs), déi fänken eréischt ab dem 1. September 2020 nees un. Dofir bieden mer Iech alleguerten Leit, wou elo an annuléiert Formatiounen agedroen waren, fir nei Terminer ab September anzeschreiwen;

·         Ab dësem Termin (1.06.2020) kann dann och nees den Maintien des Acquis an den CIS'en an GIS'en lafen, ënnert der Konditioun, dat net méi wéi eng Sektioun zesummen schafft. Och hei ass et wichteg, op déi néideg Mesure Barrière zeréckzegräifen, a wann d’Distanz net kann agehale ginn, muss e Mondschutz (ënnert wéienger Form och ëmmer) gedroe ginn. Privilegiéiert hei och am beschten Schaffen dobaussen an der frëscher Loft.   
Zonal Instrukter wäerten an den nächsten Deeg och kucken fir déi vill gutt an innovativ Ideen an de verschiddenen Zonen an CIS'en ze bündelen an dëst flächendeckend fir dat ganzt Land zur Verfügung stellen. Do gouf ganz vill flott Aarbecht vun den eenzelen Chef d'unité formation gemaach!

 

 3. Etapp ab dem 1. September 2020

·         Ab deem Datum huelen mir nees de komplette Betrib op, a wäerten och probéieren souwäit et méiglech ass alleguerten de Leit, déi elo duerch COVID 19 bedéngten Ausfäll vu Formatiounen net konnten deelhuelen, zousätzlech Datumer unzebidden. Dëst virun allem fir Formatiounen, déi en Impakt op en Emploi hunn. Vu dat mir mam LEVESO all Donnéeën zentral hunn, brauch och keen ze fäerten, dat en elo bedéngt doduercher, dat den INFS eng Formatioun net ugebueden huet, en Nodeel soll hunn am Kader vun den Iwwergangsbestëmmungen an den Updaten an Upgrad'en. Hei wäerte mir dann au cas par cas eng Analyse maachen;

·         Den Zonale Sport wäert dann och am Hierscht ab dëser Etapp nees ugebueden ginn an zukünfteg kann een sech dann och iwwert eng Handy-App umellen.

 

Demande de Congé Special & Ofmellen un enger Formatioun

Den Delai vun 2 Méint fir de Congé Special unzefroen gëtt fir Formatiounen bis den 31. Juli 2020 ausser Kraaft gesat, wat heescht dat Dir nach wie vir de Congé sou schnell wéi méiglech sollt ufroen an och Demanden am Dynaforms eraginn, mee den Generaldirekter eng Ausnam mécht virausgesat, den Employeur sain Avis Positif ginn huet.

An dëser Period (bis den 31. Juli 2020) ass et dann och exzeptionell méiglech, sech ouni Konsequenzen bis spéitstens 1 Woch virun der Formatioun per mail ofzemellen.

 

Gestes Barrière an Sécherheetsmesuren

Instrukter hunn op de Schoulen alles sou preparéiert, dat Mesuren vun der Regierung kennen zu 100% respektéiert ginn. Dofir si verschidde Säll oder Garage kuerzerhand als Instruktiounssall ëmgebaut ginn.            
Och beim Iessen ass et esou, dat kee kollektiivt Mëttegiessen stattfënnt, mee jiddereen kritt säin Iessen individuell verpaakt. Sou dat och do Distanze kennen agehale ginn.

Wann Distanze net kennen agehale ginn, sti Mondschutz zur Verfügung, déi dann och musse gedroe ginn.


Mir sinn eis all bewosst, dat dëst eng schwiereg Zäit ass, an dat zu all Moment kennen néi Mesuren vun der Regierung decidéiert ginn, dofir soe mer Iech elo schonn en grousse MERCI vir Äert Verständnis an Är Flexibilitéit, sollte mer mussen Adaptatiounen virhuelen.

Mir si frou elo nees kenne fir Iech do ze sinn, well eng Schoul ouni Schüler an Studenten ass keng Schoul!

 

Listing vun den Formatiounen KW 19-21déi gehale ginn:

KW 19 (4-10. Mee 2020)

Ø  20-05-SAP 1.1

Ø  20-05-SAP 1.2

Ø  20-05-SAP 1.3

Ø  20-02-SAP2 phase 1.1

Ø  20-02-SAP2 phase 1.2

Ø  20-02-SAP2 phase 1.3

Ø  20-05-COM 2.1

 

KW 20 (11-17. Mee 2020)

Ø  20-02-SAP2 phase 1.4

Ø  20-02-SAP2 phase 1.5

Ø  20-12-FIS 2.2

Ø  20-09-FIS 2.4

Ø  20-04-COM 2.2

Ø  20-05-SAP2 Examen Schrëftlech

Ø  20-05-SAP2 Examen Praktesch

Ø  20-05-ARI 1.4

Ø  20-05-FIS 1.1

 

KW 21 (18-24. Mee 2020)

Ø  20-02-SAP2 phase 1.6

Ø  20-08-FIS 2.5

Ø  20-05-FIS 2.1

Ø  20-05-FIS 1.2

Ø  20-05-COM 1

KW 22 (25-31. Mee 2020)

Ø  20-03-SAP2 phase 1 Examen

Ø  20-05-SAP1 Examen

Ø  20-09-UVA

Ø  20-04-FIS  2 Examen

Dernière mise à jour