Note COVID Guidelines - Aktivitéite vun de Jugendpompjeeën

Update Juni 2021

Aktivitéite vun de Jugendpompjeeën – Update vum Juni 2021


Nodeems d’Regierung opgrond vun der aktueller sanitärer Situatioun eng Rei Moossnamen adaptéiert huet an och de CGDIS mat der Note de service unifiée «COVID-19 » #18 vum 15. Juni 2021 eng ganz Rei Dispositiounen ugepasst huet, wëlle mir Iech mat dësem virleienden Dokument op den neiste Stand brénge wat d’Aktivitéite vun de Jugendpompjeeë betrëfft. Et ass wichteg dat mir trotz der méi entspaanter Situatioun weiderhin dofir suergen, dat sech am CGDIS d’Leit net infizéieren a sech keng Clustere kënne bilden.


Heibäi baséiere mir eis op d’Consignë vum Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, deen des nei Consignen den 13. Juni 2021 verëffentlecht huet.
All fréier Notte betreffend d’Aktivitéite vun de Jugendpompjeeë ginn duerch des nei Recommandatiounen integral ersat an Dir braucht Iech just nach op dëst virleiend Dokument ze baséieren.

Organisatioun vun Aktivitéiten
Et ass weiderhi staark recommandéiert all d’Aktivitéiten dobausse stattfannen ze loossen. Déi Responsabel vun der Organisatioun si verantwortlech dat all Mossnamen, déi néideg si fir d’Gesondheet vun de Jugendpompjeeën an de Betreier ze garantéiere, geholl goufen.
Bei Aktivitéiten dobanne mussen d’Kanner a Betreier weiderhi Masken droen.
Et ass och wichteg weiderhin d’Consignë betreffend Hygienesmesurë reegelméisseg ze widderhuelen an d’Gestes barrières anzehalen.
Un enger Aktivitéit duerfen elo nees 50 Leit deelhuelen (Betreier abegraff), sou dat Dir Är Jugendpompjeeën nees alleguer zesumme kënnt gesinn. Mir roden awer dovunner of Gemeinschaftsübunge mat anere CIS’en ze organiséieren.
Et ass weider recommandéiert eng Presenzlëscht bei allen Aktivitéiten ze féieren, dëst fir am Fall vun enger Infektioun séier kënnen d’Kontakter nozevollzéien.

Iessen an Drénken

Wat d’Iessen an Drénken ugeet sou ass Zuel op 4 Leit, déi dobannen op enge selwechten Dësch sëtze limitéiert. Dobaussen duerfen 10 Leit un engem Dësch Plaz huelen. Falls d’Leit déi op engem Dësch setze getest sinn, ass d’Zuel net méi limitéiert.

Transport

Den Transport vu Jugendpompjeeën an den Asazween vum CGDIS ass nees erlaabt. Wichteg ass awer dat wärend der Faart jiddereen eng Mask unhuet.

Sportsaktivitéiten

U Sportsaktivitéiten duerfe maximal 10 Leit deelhuelen, heibäi brauch awer weder Distanz gehalen ze ginn, nach muss e Mask gedroe ginn.

Deplacementer an d’Ausland

Deplacementer an d’Ausland (ausser am Kader vun Amicalesaktivitéiten) musse beim Département pompiers volontaires ugefroot ginn, déi den Dossier dann un d’Generaldirektioun viru ginn.

Aktivitéite mat Iwwernuechtung am Land

Et ass nees méiglech fir e Camp oder änlech Aktivitéiten ze organiséieren. Hei gëtt et awer eng ganz Rei spezifesch Reegelen. Dofir soll all Demande fir eng Aktivitéit mat Iwwernuechtung ze organiséieren u volontariat@cgdis.lu geriicht ginn. Den DPV kuckt dann zesumme mam JFA, dem INFS (Département de la formation spécialisée) a mam Organisateur fir en adaptéiert Konzept auszeschaffen, an Iech sou bei den administrativen Demarchen ze ënnerstëtzen.

 

Dernière mise à jour