Note port de masque - deuxième vague COVID

Léif Pompjeeën, léif Mataarbëschter,


D’Situatioun ronderëm de COVID spëtzt sech säit e puer Wochen an Europa an och zu Lëtzebuerg erëm zou.


Esou ass et och an de Reie vum CGDIS rezent zu Infektiouns-Fäll komm. Bis elo konnt allerdéngs duerch d’schnell Reaktioun vun de betraffene Persoune selwer a vun der Hierarchie, eng intern Propagatioun verhënnert ginn. Mëttlerweil konnt och en éischte Cluster, wou Membere vum CGDIS sech wärend enger Formatioun trotz dem Anhale vun der Distanciation physique an de Gestes barrières ënnereneen ugestach hunn, identifizéiert an isoléiert ginn.
Fir zukünfteg alle fräiwëlleg an haaptberuffleche Pompjeeën, esou wéi och dem administrative Personal e bäschtméigleche Schutz ze garantéiere, huet de CODIR decidéiert, dass intern déi selwecht Hygiènesmesure wéi och an de Spidoler agefouert solle ginn. Dat heescht, dass ab elo nëmmen nach chirurgesch Maske vir d’Aktivitéite vum CGDIS gedroe solle ginn. Esou alignéiert de CGDIS sech un de Consigne vun der World Health Organization wat de Schutz vum Personal am Gesondheets- a Rettungsberäich ubelaangt. Et soll also kee Buff, Schal oder Masque réutilisable méi gedroe gi.


D’Ziel ass et all d’Pompjeeën an d’Mataarbechter vum CGDIS ze schützen an esou d’Kontinuitéit vun den Aktivitéiten ze assuréieren.


Mir erënneren och nach eng Kéier drun, dass d’Gestes barrières weiderhin agehale solle ginn an dass virun allem wärend dem Iessen op des soll opgepasst ginn.

 

 

De Chef de Corps
Paul Schroeder
Generaldirekter

 

Dernière mise à jour