Un all Membere vum CGDIS,
D’Situatioun ronderëm de COVID an Europa an zu Lëtzebuerg spëtzt sech säit ee puer Wochen drastesch zou an d’Infektiounszuele ginn och hei am Land an d’Luucht. D’Regiirung huet dofir haut och nei Moossnamen décidéiert!
Mir ass et wichteg fir Iech, déi Leit déi Iech nostinn an alleguer d’Membere vum CGDIS ze schützen an och d’Kontinuitéit vun den Aktivitéite vum CGDIS ze garantéieren fir datt de CGDIS weiderhin bei all Noutruff eng adequat Äntwert ka ginn fir déi Léit di ons Hëllef brauchen.
Ech erënneren un dat bestehend Schutz an Hygiènekonzept, déi ëm folgend Moossnamen ergänzt gin:
Ab sofort muss a folgende Fäll ëmmer eng Mask gedroë gi:
- Wa méi wéi 4 Persounen sech zesummen ophalen (bannen oder baussen);
- An all Fall wou den Ofstand vun 2 Meter zu enger anerer Persoun net respektéiert ka gin (bannen, baussen, an de Gefierer);
- Wann een sech innerhalb vun engem Gebai vum CGDIS beweegt.
Insgesamt as d’Droë vun enger Mask staark recommandéiert.
Desweideren fannt dir hei nach eng intern Prozedur déi fir all fräiwëllegen an haaptberufleche Pompjee an administrative Mataarbechter vum CGDIS gëllt am Fall vu Symptomer, Kontakt mat enger infizéierter Persoun, Mise en Quarantaine oder positivem COVID Test. An esou engem Fall ass dat Wichtegst äre Supérieur hiérarchique ze informéieren a Kontakt mat anere Persounen ze vermeiden.
Nëmme wa jiddereen déi intern COVID19-Prozedure strikt applizéiert, kënne mir Infektiounskette schnell ënnerbriechen an eng Verbreedung vum Virus an eisen interne Reihen evitéieren.
Ech rappelléieren hei eng weider Kéier dat mir alleguer een Deel vun der Léisung sinn a soen Iech nach eng Kéier e grousse Merci fir ären onermiddlechen Asaz an dëse schwéiere Zäiten.
De Chef de Corps
Paul Schroeder
Generaldirekter