Note unifiée COVID #3 du 22 juin 2020

Elo wou déi 4. Phase vum Deconfinement am Gaang ass, ass et Zäit fir en Update vun den allgemenge Reegelen am Kader vum Covid-19 am CGDIS ze maachen.

Mat dëser Nott sinn d’Notte vu virdrun déi am Kader vum Covid-19 geschriwwe goufen ersat, mat folgender Ausnam :

Ateliers ARI (30.04.20)

Weiderhin gëllen awer nach folgend Reegelen:

Personnes vulnérables

Personnes vulnérables, déi bis elo net méi hunn dierfen um SAP Déngscht deelhuelen, ass et fräi gestallt nees um SAP Déngscht deelzehuelen. Am Zweifelsfall kënnen sie bei engem Dokter vum STP en Avis froën. Fir si gëllt awer besonnesch di bestehend Schutzmesure strikt anzehalen an de Kontakt mat de Patienten op e Minimum ze beschränken.

Gestes barrière an Hygiènemoossnamen

Allgemeng mussen d’Gestes barrière souwuel op den Asätz wéi och am CIS, weiderhin agehale ginn:

wa méiglech 2 m Ofstand halen, soss e masque chirurgical/Buff droen an d’Hännhygiène duerchféieren.

Di allgemeng Hygiènemoosnamen, sou wéi se am Visuell vum 16.04.20 opgelëscht sinn bleiwen bestoen, just dass et vun elo un méiglech ass, dass méi Leit sech am oder ausserhalb vum CIS treffen dierfen. D’Droe vum masque chirurgical, wann den 2m Ofstand net agehale ka ginn (am Won, an der Formatioun, …), bleift recommandéiert.

Den Accès zum CIS soll, am Respekt vun den Gestes barrière, trotzdem op déi absolut noutwendeg Unzuel u Leit beschränkt bleiwen.

 

Operationell Aktivitéiten

All operationell Tätegkeet gëtt weiderhin no de Bestëmmunge vun der Hygiène am Kader vum Covid duerchgefouert. De Resumé vun de Moosname fannt dir am neie Visuell (Annex 1).

First Responder

D’First Responder fueren no de Bestëmmunge vun der Nott vum 28.05.20 eraus. Ofweichend zu dëser Nott, an am Aklang mat den aktuelle Recommandatioune fir den Deconfinement vun der Regierung, soll de First Responder op der Plaz déi jeeweileg Situatioun ofschätzen, ob et néideg ass de Schutzkittel an de Brëll unzedoen. De Schutzkittel an de Brëll bleiwen awer Bestanddeel vun der Schutzausrüstung déi fir all First Responder Asaz zur Dispositioun vum Pompjee muss sinn. E Resumé vun de Schutzmoosname fannt dir am neie Visuell (Annex 2).

RTW      

RTW Asätz ginn no de Bestëmmunge vum Visuell (16.04.20) ausgefouert. D’Droë vun der chirugescher Mask am Won ass recommandéiert.

INCSA

Fir INCSA Asätz recommandéiere mir d’Droe vun der chirurgescher Mask oder Cagoule am Won.

 

All Patient kritt weiderhin e Masque chirurgical ugedoën an all Pompjee dee mam Patient a Kontakt kënnt deet weiderhin e Masque chirurgical un.

D’Duerchféire vun der Reanimatioun am Fall vun enger Suspicioun/konfirméierte Covid-19 Fall geschitt weiderhin no de Recommandatioune vum CGDIS (Visuell vum 26.05.20). Eng Otemnout gett weiderhin nom Visuell vum 31.03.20 behandelt.

D’Desinfektioun vun den RTW’en (#I3) geschitt weiderhin an engem vun deenen 3 Desinfektiounszenteren (CIS Ettelbruck, CIS Luxembourg an CIS Esch/Alzette, no Ofsprooch mam CSU 112).

Mir bieden Iech weiderhin e rationellen a fachgerechte Gebrauch vun de Schutztenuen ze maachen. Benotzt d’Schutzbrëller weider no der Desinfektioun.

 

Formatiounen, maintien des acquis, Reuniounen

Fir de Maintien des acquis an d’Formation continue sollen net méi wéi 20 Leit beienee kommen. Wann den Ofstand vun 2 m net kann agehale ginn recommandéiere mir de masque chirurgical/Buff ze droen. Ausserdeem sollen dës Aktivitéite souwäit wéi méiglech dobaussen ofgehaale gin.

Am Respekt mat den aktuell valabele Recommandatioune sinn d’Formatiounen, d’Übungen an d’Versammlunge vun de Jugendpompjeeën nees erlaabt. Fir d’Detailer kuckt d’Nott vum DPV iwwer d’Reprise vun den Aktivitéiten vun de Jugendpompjeeën.

Auslandsmissioune musse beim Generaldirekter ugefrot a vun him autoriséiert ginn.

Dernière mise à jour