Note unifiée COVID du 11 mai 2020

Objet : Note de service unifiée « COVID-19 »

Iwwer déi lescht Wochen huet de Centre de Gestion des Opérations Iech eng Rei Notten, Dokumenter, Visueller a Video’en betreffend de Mesurë ronderëm d’Gestioun vun der COVID-19 Kris erausgin.

Verschidden Decisioune si mëttlerweil opgehuewen oder adaptéiert ginn an anerer bleiwe weiderhin applicabel. Dofir hu mir dës «Note unifiée» ausgeschafft mam Zil Iech den Iwwerbléck iwwer all Mesuren déi aktuell bleiwen ze vereinfachen.

First Responder Déngscht bleift bis op weideres agestallt (Nott 1, Nott 2 & Nott 4)

Aktuell schafft een Arbechtsgrupp un de Consignen, fir den First Responder Déngscht zäitno rëm kënnen a séchere Bedingungen opzehuelen. An deem Fall wäert Dir wéider détailléiert Informatiounen heizou kréien.

Accès un d'CISen a Räimlechkeeten vum CGDIS soll fir d'Leit déi Permanence hunn limitéiert ginn (Nott 1)

Fir eng Ausbreedung vum Coronavirus an eise Reien ze evitéieren an d’Kontinuitéit vum Service ze garantéieren, ass den Accès zum CIS op d’Personal vun der Garde/Astreinte an op déi Pompjeeën, déi wichteg administrativ oder logistesch Aufgaben maachen, limitéiert.

D’Hygiène-Reegelen fir de Maintien des Acquis am Kader vun der Reprise vun de Formatiounen am INFS an am CIS sinn an der Nott vum INFS spezifesch erkläert.

Quarantaine oder konfirméiert COVID Fäll (Nott 1)

Bei engem Fall vu Quarantaine oder bei engem confirméierte Fall vu Coronavirus an äre Reien oder an ärem CIS/GIS/SAMU, ass et wichteg, ärem Virgesetzten (Chef CIS/GIS/ base SAMU) Bescheed ze soen an dëst op absences@cgdis.lu ze mellen (Détailler ënnen an dëser Nott).

Rationale a Sachgerechte Gebrauch vun de Schutztenuen (Nott 1)

Mir bieden Iech weiderhin e rationellen a sachgerechte Gebrauch vun eise Schutztenuen ze maachen. Respektéiert dofir ëmmer eis intern Prozeduren, déi op de Recommandatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) baséiert sinn.

CGDIS intern Manifestatiounen an Aktivitéiten vun der Jugend si suspendéiert (Nott 2)

En Accord mat de Recommandatioune vun der Regierung musse gréisser Manifestatiounen (z.B. Generalversammlungen) a Rassemblemente vu Leit annuléiert ginn. Aktivitéite vun der Jugend sinn fir de Moment och nach suspendéiert, bis et dozou weider Informatiounen ginn.

Keng Begleetpersoun an der Ambulanz ausser bei Mannerjäreger (Nott 3)

Et däerfe keng Begleetpersoune méi an der Ambulanz matgeholl ginn (mat Ausnam vun Eltere vu Kanner an eventuell bei Persounen ënnert Tutelle). An deem Fall ass d’Begleetpersoun och mat enger chirurgescher Mask ze equipéieren d’nämmlecht wéi de Patient. D’Persoun soll no Méiglechkeet hannen dran an net bei de Chauffer.

Pomjeeën déi zu der Kategorie "Personnes vulnerables" gehéieren därfen net méi op d’Ambulanzen agesat ginn (Nott 3)

Et solle keng Memberen, déi zu der Kategorie vun de «Personnes vulnérables» zielen, op den Ambulanzen agesat ginn. Et ass eis Aufgab, dës Léit prioritär ze protegéieren, wat net mat dem Déngscht op der Ambulanz vereenbar ass.

Pour rappel: les personnes vulnérables sont les personnes de plus de 65 ans ou celles qui souffrent déjà d’une des maladies listées ci-après. Les maladies concernées sont:

• Le diabète
• Les maladies cardio-vasculaires
• Les maladies chroniques des voies respiratoires
• Le cancer
• Une faiblesse immunitaire due à une maladie ou à une thérapie

Besatzung vun den Ambulanzen/RTW ass op 2 Pompjeeën ze limitéieren. (Nott 3)

Fir datt gläichzäiteg mat der Reprise vum INFS och erëm kënnen d’SAP-Stagiaires (SAP1 & SAP2) hier Stagen op der Ambulanz ufänken, däerfen ab dem Méindeg 11. Mee och erëm Stagiaires op der Ambulanz matfueren. An deem Fall soll de Chauffer – wa méiglech – probéiere kee Kontakt mam Patient ze hunn. Den Ambulancier/SAP2 an de Stagiaire, déi beim Patient sinn, dinn déi entspriechend Schutztenue je no Asazsituatioun un (cf. Visuell mam Rappel vun den Hygienemoossnamen).

Den 3. Pompjee op der Ambulanz soll sech awer aktuell just op Stagiaires reduzéieren.

Besatzung an den INCSA-Ween op ee Mininum u Pompjeeën reduzéieren

Op engem Woon mat Staffelkabinn sollen wéiderhin – wa méiglech - just 4 Pompjeeën, an an engem Woon mat Truppkabinn just 2 Pompjeeën an der Kabinn fueren. Déi aner Pompjeeën sollen een zweet Gefiir (z.B. MTW) notzen. Dëst soll et erméiglechen, och hei d’Sécherheetsdistanze beschtméiglech anzehalen.

All Patient kritt ee « Masque chirurgical » ugedoen (Nott 3)

Bei all SAP Asaz kritt de Patient (an een eventuelle Begleeder) een «Masque chirurgical» ugedoen.

Suivi vun den Absencen vu professionnel, administrativ/technesch a volontaire Membere vum CGDIS (Nott 3)

All Member vum CGDIS, ob professionell, administrativ/technesch oder volontaire Member, muss sech (am Viraus) ofmelle wann hien net schaffe kommen oder um aktiven Déngscht deelhuele kann, wéinst Congé de maladie, Congé pour raison familiale, (Auto-)Isolement oder (Auto-)Quarantaine, an zwar op der Telefonsnummer:

49771-9150 (tëschent 9:00 a 15:00 Auer Méindes bis Fréides) oder iwwer Mail: absences@cgdis.lu

Vergiesst och net äre Supérieur hiérarchique, Chef CIS oder Chef GIS ze informéieren!

Medizinësch Rotschléi fir Memberen vum CGDIS (Nott 3)

De Service santé au travail des pompiers (STP) bitt weiderhin ee Service fir déi fräiwëlleg a berufflech Pompjeeë esou wei fir d’administrativt/technescht Personal vum CGDIS un, fir medezinesch Rotschléi am Zesummenhang mam COVID-19 an dëst am Kader vun hirer Aktivitéit am CGDIS ze ginn (Symptomer, richtegt Verhalen no engem Kontakt, asw.). Dëse Service mécht keng medezinesch Consultatiounen (keng Krankeschäiner, keng Ordonnancen, asw.) an ass just fir d’Membere vum CGDIS.

Telefon: 49771-9150 (vun 9:00 bis 12:00 an 13:00 bis 15:00 Auer Méindes bis Fréides) oder an dréngende Fäll am Zesummenhang mat engem Asaz iwwert den CSU 112

Embargo op Auslandsreesen an Auslandmissiounen (Nott 3)

Auslandsreesen am Kader vu CGDIS Missiounen oder fir Formatiounszwecker si bis op Weideres just no Ofstëmmung a mat Accord vun der Direktioun geneemegt.

Urgencen an Ännerung vum Gardeplang vun de Spideler an der Stad. (Nott 4 & Nott 7)

Urgence gi just nach an d’Urgencen vum CHEM Esch, CHDN Ettelbréck oder an dat respektiv Déngschtspidol an der Stad (CHL oder HOKI) gefouert.
Zenter dem 1. Abrëll sinn d’Gardepläng vun de Spideeler an der Stad och adaptéiert ginn. CHL an HRS wiesselen sech all Dag mam Déngscht of. Dat gëllt och fir de WE. Des Dispositiounen zielen den Moment emol bis den 30. Juni 2020 inclus.

Desinfektioun no engem #I3 Asaz (Nott 5 & Nott 7)

Nom Ofliwwere vum Patient bei engem #I3-Asaz schéckt de CSU-112 den RTW oder eventuell de SAMU fir Desinfektioun an e vun de folgende CIS’en:

• CIS Esch-sur-Alzette
• CIS Ettelbrück
• CIS Luxembourg

Hei gëtt d’Equippe bei der Desinfektioun vun hirem Won encadréiert, si kënnen duschen a kréie frësch Kleeder. Wichteg ass dat nom Ofliwwere vum Patient op direktem Wee an den designéierte CIS gefuer gëtt. Do soll d’Equippe am Won sëtze bleiwen an op d’Uweisunge vum Desinfektor waarden. Uschléissend kritt d’Equipe vum RTW oder SAMU och dat verbrauchte Material (Tyvek, Masken, Brëll etc) ersat. Bei enger#COVID Alertéierung sollen direkt nom Ofliwwere vum Patient Kontaktfläche mat Wipes desinfizéiert ginn. Dat heescht all Plaze wou entweder d’Equipe oder de Patient dermadder a Kontakt komm sinn.

Wäschen vu Schutzbrëller (Nott 7)

No Gebrauch mat engem Wipe uerdentlech desinfizéieren a minimum 1x / 24 Stonne mat Seef a waarmem Waasser wäschen.

Recyclage vun Desinfektiounsmëttelsflächen

DMS organiséiert weiderhin d’Produktioun an d’Verdeele vun Desinfektiounsmëttel. Dofir nach eng Kéier den Opruff déi eidel Fläschen net ewechzegeheien, mee mam Verschloss drop anzesammelen.

Schutzmoossname bei der Reanimatioun Covid-19 (Nott 5)

Wichteg ass hei, dass d’Ekipp geschützt ass a keng Maskenbeatmung méi mécht.

Weider Prezisiounen zu der Reanimatioun Covid-19 fannt dir am Visuell

Interventioune wou d’Präsens/Ënnerstëtzung vun der Police néideg ass (Nott 5)

Bei Asätz wou d’Police mat derbäi ass fir d’Sécherheet vun eise Leit ze garantéieren, soll wa méiglech just 1 Police-Beamte mat an d’Ambulanz eran. Dëse Beamte soll déi néideg Schutztenue vun der Ambulanz zur Verfügung gestallt kréien a vum Ambulanzepersonal gewise kréie wéi en se korrekt uleet an och erëm ausdoe muss.

Consignen iwwer d’Hygiène an den ARI Atelier’en (Nott 5)

Dëst fannt dir an der Annexe. Bei Froen kënnt der Iech un är respektiv Zone wenden.

Dispatching vun de Patienten op déi verschidde Spideeler (Nott 6)

De CGDIS ass dofir responsabel eng zentraliséiert Gestioun vun de fräie Better an d’Verdeelung vun de Patienten op di eenzel Kliniken ze assuréieren. Dëst iwwer en nationale Monitoring vun den zur Verfügung stoende Kapazitéiten, souzesoen en zentraliséierten «Bettennachweis» um CSU 112. Dës Gestioun geschitt iwwer d’Funktioun vum «Dispatcher» (Dokter oder Infirmier) deen extra fir dës Missioun 24 Stonnen op 24 Stonnen um CSU 112 present ass.

Bei der Alerte kréien d'AMB/RTW'en a SAMU’en keen «Zielkrankenhaus» méi uginn. All Ambulanz/RTW a SAMU gëtt éier se d’Asazplaz verloossen (virum Status 7) dem CSU 112 en kuerze Bilan (RTW : ABCDE Schema) iwwert Funk. Ophand vun dësen Informatiounen zum Zoustand vum Patient an de Kapazitéiten an de jeeweilege Spideeler, gëtt den CSU112 Iech dee Moment eng Zielklinik un.

Accessibilitéit Centres de soins avancés an Centre de traitement (Nott 7)

Ënner dem Hyperlink fannt Dir déi actualiséiert Versioun vum Dokument « Notaufnahmen, Centres de soins avancés (CSA) und Centre de traitement (CT) ».

Krisekommunikatioun (Nott 7)

CISen a GISen solle bis op Weideres mat all Aart vu Kommunikatioun pausen. Sief et op sozial Medien, Internet oder soss aner Kanäl. Asazrelevant Informatioune kënnen un comops@cgdis.lu an 112@cgdis.lu geschéckt ginn. Déi Informatioune ginn dann zentral traitéiert an eventuell verëffentlecht. Weiderleeden oder Deele vun offiziell Informatioune vum CGDIS ass erlaabt.

Droen vun engem Otemweeschutz (Nott 8)

Eng «Mesure barrière» déi säit dem 20. Abrëll landeswäit obligatoresch ass, ass d’Droe vun engem Otemweeschutz, wann een d’Sécherheetsdistanz vun 2m tëscht zwou Persounen net kann anhalen. Mir erënneren dofir och nach eemol speziell drun, datt den Otemweeschutz just eng zousätzlech Sécherheetsbarrière ass, an déi aner Gesten, virun allem den Ofstand vun 2m an d’reegelméissegt Hännwäsche weiderhi strikt a konsequent ze applizéiere sinn.

Progressiv Reprise vun den Activitéiten vum INFS (Nott 9)

Den Institut National de Formation des Secours huet ab dem 5. Mee an etappeweis nees mat de Formatiounen ugefaangen. Eréischt ab dem 1. Juni 2020 kann de Maintien des Acquis an de CIS'en a GIS'en ufänken, ënnert der Konditioun, dat net méi wéi eng Sektioun zesumme schafft.

Wiederopnam vun den medezinischen Ennersichungen am Service santé au travail des pompiers (Nott 10)

Medezinesch Ënnersichunge vum Service santé au travail des pompiers (STP) hunn den 4. Mee 2020 erëm ugefaangen. Fir di entstane Retarden séier kënnen opzehuelen, goufen d’Consultatiounszaite staark eropgesat. D’Ënnersichunge mussen allerdéngs am Aklang mat den aktuellen Hygienebestëmmunge vun der Santé duerchgefouert ginn an dofir dierfen enner anerem nëmme gesond Persounen ee RDV huelen respektiv zur Ënnersichung an den STP kommen.

Op Basis vun enger Decisioun vum Verwaltungsrot ass all Certificat médical d’aptitude (CMA) deen tëscht dem 1. Mäerz a 4. Mee 2020 ofgelaf ass ëm 6 Méint verlängert ginn.
Allgemeng Informatioun

Aktualiséiert operationell Informatioune ronderëm de COVID-19 bléiwen a gebündelter Form um Site vum CGDIS ze fannen

Dernière mise à jour