Reprise activités jeunes pompiers

Opgrond vun deene rezente Moossnamen, déi am Kader vum Deconfinement vun der Regierung decidéiert goufen, ginn et och nei Elementer déi d’Aktivitéite vun de Jugendpompjeeë betreffen.
An der Note de service unifiée «COVID-19» #13 steet dat d’Formatiounen, d’Übungen an d’Versammlunge vun de Jugendpompjeeën am Respekt mat den aktuell valabele Recommandatioune nees erlaabt sinn.
Dofir biede mir Iech awer folgend Reegelen anzehalen:
Allgemeng Richtlinnien
All Decisiounen, déi am Kader vun den Aktivitéite vun de Jugendpompjeeë geholl ginn, musse mam jeeweilege Chef CIS ofgeschwat ginn, fir dat et net zu Konflikter mat deenen am CIS bestoende Reegelen a Moossname kënnt a fir dat kee Risiko fir den operationellen Déngscht entsteet.
Reunioune vun de Responsabele vun de Jugendpompjeeën am CIS
Et dierfen net méi wéi 20 Leit fir eng Formatioun oder Reunioun an engem Raum beienee kommen. Wann den Ofstand vun 2 Meter net kann agehale gi recommandéiere mir weiderhin de Masque chirurgical/Buff ze droen.
Zousätzlech soll fir jiddereen eng zougewise Sëtzplaz virgesi ginn. Well d’Ëmsetzung dovunner komplizéiert ass, muss de Jugendleeder eng Foto vun der Situatioun maachen, vir esou kënnen am Fall vun enger Covid19 Ustiechung, nozeweise wien wou souz.
Aktivitéiten an Übunge vun de Jugendpompjeeën
• Übungen an Aktivitéite sollen alleguer dobaussen stattfannen.
• Et solle maximal 20 Leit un Übungen an Aktivitéiten deelhuelen (Jugendpompjeeën a Jugendleeder/Jugendhelfer)
• Kanner ënner 13 Joer brauchen dobausse keng Mask unzedoen.
• No der Aktivitéit duerf een sech net méi am CIS ophalen.
• Hygiènemoossnamen si strikt anzehalen.
• Elteren dierfen net an de CIS erakomme fir d’Kanner ofzehuelen an och en Transport vun de Kanner fir an d’Übung oder no der Übung heem dierf net mam MTW oder engem anere Won duerchgefouert ginn.

Summeraktivitéiten
D’Regierung huet ugekënnegt, dass d’Summeraktivitéite kënne stattfannen. Wann Dir e Camp geplangt hutt, muss dësen no de Mesurë geschéien déi vun der Chamber an engem Gesetz festgehale ginn. Virgesinn ass, dass tëscht dem 15. Juli an dem 15. September Campen a Vakanzenaktivitéiten erlaabt sinn, dëst awer ënnert gewësse Restriktiounen:
• Maximal 50 Kanner
• Maximal 10 Jugendleeder
Wann dir sou eng Aktivitéit geplangt huet, da setzt Iech w.e.g. mam Département des pompiers volontaires a Verbindung.

Dernière mise à jour