Opgrond vun de Bestëmmunge vum neie COVID-Gesetz vum 18. Oktober 2021 an der Nott de service «COVID» #20 vum CGDIS wëlle mir Iech mat dësem virleienden Dokument op den neiste Stand brénge wat d’Aktivitéite vun de Jugendpompjeeë betrëfft. Et ass wichteg, elo wou d’Inflatiounszuelen nees an d’Luucht ginn dat mir dofir suergen, dat sech am CGDIS d’Leit net infizéieren a sech keng Clustere kënne bilden.
Heibäi baséiere mir eis och op d’Consignë vum Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse.
All fréier Notte betreffend d’Aktivitéite vun de Jugendpompjeeë ginn duerch des nei Recommandatiounen integral ersat an Dir braucht Iech just nach op dëst virleiend Dokument ze baséieren.
Déi Responsabel vun der Organisatioun vun deene jeeweilegen Aktivitéiten si verantwortlech dat all Moossnamen, déi néideg si fir d’Gesondheet vun de Jugendpompjeeën an de Betreier ze garantéiere, geholl a vermëttelt goufen.
Jugendpompjeeë mat Symptomer respektiv déi a Quarantäne, Isolement oder «à l’écart» sinn duerfen natierlech net un den Aktivitéite vun de Jugendpompjeeën deelhuelen.
Aktivitéiten déi dobausse stattfannen
Wann eng Aktivitéit dobausse stattfënnt, brauch ee keng Mask unzedoen an och keng bestëmmten Distanz anzehalen.
Aktivitéiten déi dobanne stattfannen
All d’Gebaier vum CGDIS fale bekanntlech ënner COVID Check Mesuren.
Tester déi an der Schoul gemaach goufen a manner wéi 48 Stonnen al si kënnen och benotzt gi fir den Accès an d’Gebailechkeete vum CGDIS. Dës Certificat’en hu kee QR-Code an duerfe just vun zertifiéiertem Bildungspersonal ausgefëllt ginn (d’Eltere kréien déi per E-Mail geschéckt).
Kanner ënner 12 Joer an 2 Méint si vum COVID Check ausgeholl, wat awer net bedeit dat een déi bekannte sanitär Precautioune soll vernoléissegen.
Presenzlëscht
Et ass weider recommandéiert eng Presenzlëscht bei allen Aktivitéiten ze féieren, dëst fir am Fall vun enger Infektioun d’Kontakter séier kënnen nozevollzéien.
Aktivitéite mat Iwwernuechtungen oder Deplacementer an d’Ausland
Falls Dir plangt eng Aktivitéit mat Iwwernuechtung ze organiséieren, da mellt Iech w.e.g beim DPV (volontariat@cgdis.lu / 49771-2332) fir Detailer ze klären.