FAQ – CGDIS
1. Wat bedéit #COVID bei der Alertéierung ?
Verdacht op eng COVID-19 Infektioun
2. Wat sinn d’Schutzmoossname bei engem #COVID Asaz ?
Patient -> Masque chirurgical undoen, Hänn desinfizéieren
Pompjee a Kontakt mam Patient -> FFP2, Brëll, Händschen, Schutzkittel
Hällt Schutztenue déi ganzen Zäit un
bléiwt beim Patient hannen am Patienteraum
hällt Schutztenue nom Ofliwwere vum Patient un fir Desinfektioun vum Won ze maachen
Chauffeur -> wa méiglech kee Kontakt mam Patient
Wann Kontakt mam Patient néideg -> Schutztenue undoen: FFP2, Brëll, Händschen, Schutzkittel
Schutztenue ausdoen fir an Chauffeurkabinn, D’Chauffeurkabinn muss propper bléiwen!
Tëschefenster zum Patienteraum zoumaachen
3. Wéi eng Desinfektioun maachen ech no engem #COVID Asaz ?
All Kontaktflächen, dh alles wat wärend dem Asaz vun dem Pompjee oder dem Patient beréiert ginn ass, gi mat Wipes ofgemaach
No der Desinfektioun: Schutztenuen ausdoen, Kittel, Mask an Händschen an eng Poubelle-Tuut machen, fest zou maachen an entsuergen. De Brëll gëtt gehalen an opbereed (Punkt 4.: Wat machen ech mam Schutzbrëll)
4. Wat machen ech mam Schutzbrëll ?
No Gebrauch mat engem Wipe ordentlech desinfizéieren
min 1x / 24 Stonnen mat Seef a warmem Wasser wäschen
5. Wat bedéit #I3 bei der Alertéierung ?
Confirméiert COVID-19 Infektioun oder all aner Erkrankung vun der Infektiounsgrupp #I3 «duerch Loft iwwerdrobar Erkrankungen» (Meningite, Tuberkulose, etc)
6. Wat sinn d’Schutzmoossnamen bei engem #I3 Asaz ?
Infektiounsstufe #I3:
- Infektiounsschutz-Set (FFP3-Mask, Brëll, 2 Puer Händschen, Tyvek)
Alternativ:
- FFP2-Mask, Brëll, 2 Puer Händschen, Tyvek
7. Wéi eng Desinfektioun maachen ech no engem #I3 Asaz ?
De ganzen RTW muss laut Infektiounsstuf I3 mat Flächendesinfektiounsmëttel (Incidin Pro) doheem am CIS desinfizéiert ginn
8. Oflaaf vun der Desinfektioun #I3 ?
Nom Ofliwwere vum Patient :
- Déi ugedoe Schutztenue unhalen, den Equippier bléiwt hannen am Patienteraum
- De Chauffeur deet seng Schutztenue aus an desinfizéiert seng Hänn eier en an d’Chauffeurkabinn eraklëmmt
- D’Ambulanz gëtt vum 112 an e vun den Desinfektiounszenter geschéckt:
CIS Esch
CIS Ettelbruck
CIS Luxembourg
CIS Mertert (mëttlerweil zou)
CIS Redange (mëttlerweil zou)
Virdeel : d’RTW-Equippe kann encadréiert ginn fir d’Hygiènemoossname korrekt auszeféieren, operationnellen Zäitgewënn, zentral Sammlung vun kontaminéiertem Offall
- Desinfektioun vum Won mam Flächendesinfektiounsmëttel Incidin Pro (net mat de Wipes!)
- Dieren vum Won grouss opmaachen, de ganze Patienteraum desinfizéieren, all Material wat benotzt ginn ass, all Tiräng déi opgemaach goufen inkl. d’Material drann
- De Chauffeur deet eng FFP2-Mask, e Brëll an Händschen un fir dem Equippier bei der Desinfektioun ze hëllefen
- Desinfektiounsmëttel muss 60 Min awierke gelooss ginn
- No der Desinfektioun: gedroe Schutzkleeder korrekt an ouni Kontaminatiounsverschleefung ausdoen
- Asatztenuen ausgedoen an direkt an der Wäschmaschinn wäschen, RKI-Programm, 60°C
- Duschen a frësch Kleeder undoen
- Den Desinfektiounsbericht um Sharepoint vun der DMS gëtt vum Desinfektiounszenter ausgefëllt
9. Wéini wiesselen ech meng Kleeder ?
#COVID: Kleeder just wiesselen wann de Schutz net agehaale gouf
#I3: no all Asaz duschen a Kleeder wiesselen
Allgemeng: no all Schicht Kleeder wiesselen
10.Wéi e Patient kritt eng Mask un ?
ALL Patient kritt eng chirurgesch Mask un, egal op en Symptomer huet oder net
11.Wéi eng Mask kritt de Patient un ?
ALL Patient kritt e masque chirurgical un.
12. Prezisiounen zur chirurgescher Mask ?
= Mund-Nasen-Schutz
- Fir ALL Patient
- Verhënneren dat Spautdrëpsen vun dem den d’Mask dréit an d’Emgéigend gelangen
Richtegt Benotzen:
- Virum Undoen Hänn mat Wasser a Seef wäschen (oder desinfizéieren)
- Mat der bloer Säit no baussen iwwer Nues a Mond undoen, se muss méiglechst dicht um Gesiicht uléien
- Emol ugedoen dierf d’Mask net méi mat den Hänn beréiert ginn
- No all Beréierung mat enger gebrauchter Mask, zB beim Ausdoen, d’Hänn mat Wasser a Seef wäschen oder desinfizéieren
- Wann de Mask naass ass, muss se duerch eng nei propper an dréchen ersaat ginn
- Se dierfen net eng zweete Kéier benotzt ginn, no all Benotzung solle se direkt nom Ausdoen an der Poubelle entsuergt ginn.
Am Kader vum Covid a fir Ressourcen ze schounen, dierf de Mask an Ausnamefäll méi oft benotzt ginn, VIRAUSGESAAT e gëtt just vun enger Persoun benotzt fir eng Schicht ouni Kontakt mat engem confirméierte Patient, zB fir den Otemschutzgerätewart
13. Prezisiounen zur FFP2- / FFP3- Mask ?
= Partikelfiltréirend Hallef-Mask
- Fir eis Equippe ze schützen bei der Versuergung vu Patiente mat enger iwwer Loft iwwerdrobarer Erkrankung
- Op en dichte Sétz um Gesiicht oppassen (Opgepasst: keen dichte Sétz méiglech bei engem Bart)
- Ausdoen just mat Händschen an oppassen fir net mat der baussester Säit mat der Haut a Kontakt ze kommen
- Nom Ausdoen d’Hänn mat Wasser a Seef wäschen oder desinfizéieren
- Eng FFP-Mask kann vun enger Persoun min 2-4 Stonne gedroe ginn (bis zu 8 Stonnen)
Am Kader vum Covid a fir Ressourcen ze schounen, dierf de Mask an Ausnamefäll méi oft benotzt ginn, VIRAUSGESAAT e gëtt just vun enger Persoun benotzt fir eng Schicht ouni Kontakt mat engem confirméierte Patient, zB fir den Otemschutzgerätewart
14.Op wat muss ech am Fall vun enger Reanimatioun oppassen?
Eegeschutz geet vir!
Equippe muss déi néideg Schutzkleeder uleeën eier se an Kontakt mam Patient kënnt
Bei der Reanimatioun dierf keng Beutel-Maske-Beatmung méi gemach ginn, just nach Beotmung duerch e Larynxtube MAT FILTER!
Falls Beotmung mëttels Larynxtube net méiglech ass, dem Patient eng Sauerstoffmask mat 15L/min opleeeën.
15. Wat sinn Verhaalensreegele fir d’Equippe vun dem RTW ?
1. Den Pompjee de bei de Patient geet deet e masque chirurgical un
2. Distanz zum Patient anhaalen an him e masque chirurgical ginn
3. Stellt sech e Verdacht op Covid-19 oder Gripp (zB. Houscht, Féiwer) eraus, dann Schutztenue laut #COVID undoen
4. De Kontakt zum Patient op e Minimum reduzéieren
16. Feststelle vun engem Verdacht op Infektioun op der Asazplatz ?
Keng Alertéierung op #COVID oder #I3, mee op der Asazplatz stellt sech e Verdacht op eng Infektiounserkrankung eraus, zB. Patient houscht, huet Féiwer -> Schutztenue laut #COVID undoen.
17.Wéini fëllen ech en Infektiounsbericht aus?
Een Infektiounsbericht um SharePoint gëtt just bei #I3 Asätz ausgefëllt.
Bei Asätz #COVID gëtt just nëmmen dann een Bericht ausgefëllt, wann den Asaz op #I3 eropgestuuft gëtt.
Den Infektiounsbericht gëtt zur Zäit vum Desinfektiounszenter agedroen.
18. Wat sinn Verhaalensregele fir d’Equippe vum INCSA?
1. Den Kontakt zum Patient soll evitéiert ginn
2. Am Fall vun engem akuten Noufall (z.B. ageklemmten Persoun) wou e muss an noe Kontakt mam Patient trieden, sollen dëst esou mann ewéi méiglech Pompjeeë machen an sech heivir e Mask, Händschen an e Brëll undoen
3. Koum ët zu ongeschütztem Kontakt mat engem Patient mat Infektiouns-Symptomer muss dëst dem Virgesetzte matgedeelt gin.
19. Wat ass eng « Personne à risque » an därf déi de Moment op Asäz fueren?
Duerch d’Komplikatiounen déi eng « Personne à risque » bei enger COVID-19 Infektioun kann maachen, ass et de Moment ze vermeiden un Asäz deelzehuelen wou e riskéiert mat engem Patient a Kontakt ze kommen.
Eng « Personne à risque » ass :
- Iwwer 65 Joer
- Diabetes
- Kardiovaskulär Erkrankungen
- Chronesch Erkrankungen vun den Otemweeër z.B. Asthma, Asthme allergique saisonnier (Asthma zB duerch Pollen)
- Kriibs
- Immunschwächt opgrond vun enger Krankheet oder enger Therapie.