Note de service COVID #22

Déi nei COVID-Variante Omicron ass mëttlerweil och zu Lëtzebuerg dominant a suergt fir héich Infektiounszuelen, dëst och an de Reihen vum CGDIS. Et ass dofir besonnesch wichteg elo gutt opzepassen, datt mir de Virus net innerhalb vum CGDIS weiderginn an esou Clusteren an eise Reihen entstinn a vill Leit mateneen ausfalen.

Dës Nott unifiée #22 ersetzt dowéinst alleguerten d’Notte vu virdrun an et ass just nach dës Nott ze beuechten, ausser do wou nach ee spezifesche Verweis op eng al Nott gemaach gëtt.

Covidcheck

Fir d’Aktivitéiten déi fir de Fonctionnement vum CGDIS wichteg sinn (Asätz, Übungen, Versammlungen, etc.) souwéi an alle Gebaier vum CGDIS gëllt den 3G-COVID-Check-Prinzip.

D’Kantin um CNIS fonktionéiert ënnert dem 2G+ Prinzip.

Fir Aktivitéiten déi an de Loisir-Beräich falen, wéi z.B. Aktivitéite vun der Amicale, gëllt den 2G-Prinzip.

Rappel vun de Schutzmesuren

  •  Et soll sou vill wéi méiglech ee Mask gedroe ginn.
    • Beim Beweegen an engem Gebai vum CGDIS muss eng Mask gedroe ginn. Dëst ass net néideg wann ee sëtzt.
    • Eng Mask muss och gedroe ginn, wann een enke Kontakt mat enger anerer Persoun huet (also manner wéi 2m Distanz, ausser beim Iessen).
  • Déi grondsätzlech Hygiènemoossnahme solle strikt beuecht ginn:
    • Hänn reegelméisseg wäschen/desinfizéieren
    • Distanz halen zu anere Persounen
    • An den Ielebou houschten/néitschen
    • Keng Hand ginn, mä Begréissung op Distanz / mam Fouss / mat der Fauscht
    • Reegelméisseg lëften
    • Etc.
  • D’Dëscher an der Kantin, Buvette, Openthaltsraum, etc. sollen op maximal 4 Persoune pro Dësch begrenzt ginn.
  • Bei Reunioune mussen 2m Distanz agehale gi souwéi de Raum reegelméisseg gelëft ginn. Ass dëst net méiglech, muss ee Mask gedroe ginn.
  • Raim a Büroe wou sech ëfters Persounen ophale solle reegelméisseg a gutt gelëft ginn.
  • Et soll do wou et méiglech ass prioritär op Visiokonferenzen zeréckgegraff ginn amplaz vu Reuniounen a Presenz.
  • D’soziaalt Zesummesetzen am CIS (z.B. Kaffispaus, eppes Drénken no der Übung, etc.) soll op e Minimum begrenzt ginn an et soll hei besonnesch gutt op d’Schutzmesuren opgepasst ginn.
Mir recommandéieren, datt haaptberufflech Mataarbechter virun all Schaffdag a fräiwëlleg Pompjeeë virun all geplangter Presenz am CGDIS (Garde casernée, Übung, Versammlung, etc.) ee Schnelltest maachen.
 

Télétravail fir haaptberufflech Mataarbechter

Déi an der Nott #21 vum 1. Dezember 2021 matgedeelte Reegelen zum Télétravail si weiderhinn gëlteg.

Operationnelle Volet

D’Reegele fir den operationnelle Volet bléiwe bestoe wéi bis elo:

  • Droe vum Mask fir d’Asazkräft an d’Patienten;
  • keng Begleetpersoun am RTW ausser Eltere vu Kanner ënner 18 Joer;
  • speziell Hygiènemoossnahme fir de First Responder;
  • zousätzlech Schutzmesure fir den Equipage um RTW.

Nei dobäi kënnt, datt op der Ambulanz fir folgend Fäll, eng FFP2-Mask soll ugedoe ginn:

  • De Patient kann aus iergendengem Grond keng Mask droen;
  • De Patient kritt Sauerstoff verofreecht.

Dir fannt déi entspriechend Dokumenter zum Noliesen och weiderhin um CGDIS-Site.

Wann d’Absencen duerch de COVID een negativen Impakt op de POJ vun ärem CIS/GIS hunn, esou ass dëst fréizäiteg bei ärer Zone respektiv der DCO (dco-gis@cgdis.lu) ze mellen, fir datt déi noutwendeg Mesure kënne geholl ginn.

 

Maintien des acquis

De Maintien des acquis an de CIS a GIS ka weiderhi wéi gewinnt stattfannen. Heibäi soll sech un déi uewe genannte Mesure gehale ginn.

Zousätzlech recommandéiere mir, de Maintien des acquis wann méiglech a méi klenge Gruppe stattfannen ze loosse respektiv Übungen dobaussen oder an grousse gelëfte Räim (z.B. Garage) ze machen.

Fir theoretesch Formatioune soll wa méiglech op eng Visiokonferenz amplaz Presenz zeréckgegraff ginn. D’Dokument vum INFS an der Annexe vun dëser Nott gëtt Iech dofir eng Rëtsch Iddien an Tipps.

 

Formatioun am INFS

D’Formatiounen am INFS fanne weiderhin ënnert den hei genannte Schutzmesure souwéi reegelméissegem Duerchféiere vu Schnelltester statt.

 

Service de santé au travail des pompiers (Médico)

D’Ënnersichungen am STP fanne weiderhin ënnert den hei genannte Schutzmesure statt.

 

Amicale- an Loisir-Aktivitéiten

Dat soziaalt Zesummeliewen am CGDIS ass ganz wichteg. Dofir solle Loisir-Aktivitéiten (z.B. Aktivitéite vun der Amicale, wéi eng Generalversammlung) och weiderhi méiglech sinn, hei soll awer besonnesch op déi gëlteg Reegelen opgepasst ginn. Aktivitéite mat ville Leit ouni d’Droe vu Masken (z.B. Neijoerspatt, Éirewäin no der Generalversammlung, etc.) sollen dofir am Moment och vermidde ginn.

 

Jugendpompjeeën

Aktivitéite vun de Jugendpompjeeën däerfe weiderhi stattfannen ënnert dem Respekt vun de Mesuren aus der spezifescher Nott an der Annexe.

 

Procédure am Fall vun engem Kontakt à Risque / positiven Fall / Symptomer

Am Fall vun engem Kontakt à Risque, positive Fall oder Symptomer ass d’Procédure an der Annexe vun dëser Nott ze berücksichtegen.

Bei Onkloerheeten, Froen oder Problemer an dësem Zesummenhang kann den Officier Santé um CSU 112 24/7 iwwert d’Telefonsnummer 8002-3900 ereescht ginn.

 

Aktualiséiert Dokumenter

Folgend Dokumenter goufen op déi nei Mesuren aktualiséiert a sinn wéi gewinnt op der Homepage vum CGDIS  ze fannen:

·         Hygiènemoossnamen am CIS / Info COVID.

 

 

Allgemeng Informatioun

Nach eemol ee grousse Merci fir äert Engagement an datt dir déi hei ernimmte Mesure respektéiert.  

Aktualiséiert operationell Informatioune ronderëm de COVID-19 bléiwen a gebündelter Form um Site vum CGDIS ze fannen.  

 

Dernière mise à jour