Opgrond vun den Ännerunge vum neie COVID-Gesetz, gëtt et mat dëser Nott och en Update zu de Mesuren am CGDIS.
Dës Nott unifiée #23 ersetzt dowéinst alleguerten d’Notte vu virdrun an et ass just nach dës Nott ze beuechten, ausser do wou nach ee spezifsche Vereweis op eng al Nott gemaach gëtt.
Covidcheck
Am gesamte CGDIS (Asätz, Übungen, Versammlungen, etc.) souwéi an alle Gebaier vum CGDIS gëllt weiderhin den 3G-COVID-Check-Prinzip.
Den 3G gëllt wéi an der gesamter Fonction Publique och weiderhi fir d’Mataarbechter vum CGDIS.
Den 2G+ COVID-Check fält ewech do wou en bis elo gëlteg war.
Rappel vun de Schutzmesuren
- Beim Beweegen a Gebaier respektiv beim enke Kontakt mat anere Leit recommandéiere mir staark, weiderhin eng Mask ze droen.
- Déi grondsätzlech Hygiènemoossnahme solle strikt beuecht ginn:
- Hänn reegelméisseg wäschen/desinfizéieren
- Distanz halen zu anere Persounen
- An den Ielebou houschten/néitschen
- Keng Hand ginn, mä Begréissung op Distanz / mam Fouss / mat der Fauscht
- Reegelméisseg lëften
- Etc.
- Bei Reunioune sollen 2m Distanz agehale ginn souwéi de Raum reegelméisseg gelëft ginn. Ass dëst net méiglech, soll ee Mask gedroe ginn.
- Raim a Büroe, wou sech ëfters Persounen ophale, solle reegelméisseg a gutt gelëft ginn.
- Et soll do wou et méiglech ass prioritär op Visiokonferenzen zeréckgegraff ginn amplaz vu Reuniounen a Presenz.
- D’soziaalt Zesummesëtzen (z.B. Kaffispaus, eppes Drénken no der Übung, etc.) soll op e Minimum begrenzt ginn an et soll hei besonnesch gutt op d’Schutzmesuren opgepasst ginn.
Mir recommandéieren, datt haaptberufflëch Mataarbechter virun all Schaffdag a fräiwëlleg Pompjeeën virun all geplangter Presenz am CGDIS (Garde casernée, Übung, Versammlung, etc.) ee Schnelltest maachen.
Télétravail fir haaptberufflëch Mataarbechter
Déi an der Note #21 vum 1. Dezember 2021 matgedeelte Reegelen zum Télétravail si weiderhi gëlteg.
Operationelle Volet
D’Reegele fir den operationnelle Volet bleiwe bestoe wéi bis elo:
- Droe vum Mask fir d’Asazkräft an d’Patienten;
- keng Begleetpersoun am RTW ausser Eltere vu Kanner ënner 18 Joer;
- speziell Hygiènemoossnahme fir de First Responder;
- zousätzlech Schutzmesure fir den Equipage um RTW;
- op der Ambulanz soll fir folgend Fäll eng FFP2-Mask ugedoe ginn:
- de Patient kann aus iergendengem Grond keng Mask droen;
- de Patient kritt Sauerstoff verofreecht.
Dir fannt déi entspriechend Dokumenter zum Noliesen och weiderhin um CGDIS-Site.
Wann d’Absencen duerch de COVID een negativen Impakt op de POJ vun ärem CIS/GIS hunn, esou ass dëst fréizäiteg fir d’CIS bei ärer Zone respektiv fir d’GIS der DCO (dco-gis@cgdis.lu) ze mellen, fir datt déi noutwendeg Mesure kënne geholl ginn.
Maintien des acquis
De Maintien des acquis an de CIS a GIS ka weiderhi wéi gewinnt stattfannen. Heibäi soll sech un déi uewe genannte Mesure gehale ginn.
Zousätzlech recommandéiere mir, de Maintien des acquis wann méiglech a méi klenge Gruppe stattfannen ze loosse, respektiv Übungen dobaussen oder a grousse gelëfte Raim (z.B. Garage) ze machen. Fir theoretesch Formatiounen soll wa méiglech op eng Visiokonferenz amplaz Presenz zeréckgegraff ginn.
Formatioun am INFS
D’Formatiounen am INFS fanne weiderhin ënnert den hei genannte Schutzmesure souwéi reegelméissegem Duerchféiere vu Schnelltester statt.
Service de santé au travail des pompiers (Médico)
D’Ënnersichungen am STP fanne weiderhin ënnert den hei genannte Schutzmesure statt.
Amicale- an Loisir-Aktivitéiten
Dat soziaalt Zesummeliewen am CGDIS ass ganz wichteg. Dofir solle Loisir-Aktivitéiten (z.B. Aktivitéite vun der Amicale, wéi eng Generalversammlung) och weiderhi méiglech sinn, hei soll awer besonnesch op déi gëlteg Reegelen opgepasst ginn.
Jugendpompjeeën
Aktivitéiten vun de Jugendpompjeeën däerfe weiderhi stattfannen, d’Mesure bleiwen déi nämmlecht wéi bis elo.
Procédure am Fall vun engem Contact à Risque / positiven Fall / Symptomer
Am Fall vun engem Contact à Risque ass keng Quarantäne méi noutwendeg. Wann Dir wësst, datt Dir sou ee Kontakt hat, sollt Dir awer:
- 6 Deeg laang nom leschte Kontakt mat der positiver Persoun eng Mask droen;
- mindestens den 2. a 4. Dag nom leschte Kontakt ee Schnelltest maachen;
- d’Geste-Barrièren esou gutt wéi méiglech respektéieren;
- d’sozial Kontakter wann méiglech aschränken;
- wann méiglech vun Doheem aus schaffen.
Am Fall vun engem Kontakt à Risque, positive Fall oder Symptomer ass weiderhin d’Procédure an der Annexe vun dëser Nott ze berécksiichtegen.
Bei Onkloerheeten, Froen oder Problemer an dësem Zesummenhang kann den Officier Santé um CSU 112 24/7 iwwert d’Telefonsnummer 8002-3900 erreescht ginn.
Aktualiséiert Dokumenter
Folgend Dokumenter goufen op déi nei Mesuren aktualiséiert a sinn wéi gewinnt op der Homepage vum CGDIS ze fannen:
- Hygiènemoossnamen am CIS / Info COVID (Versioun Februar 2022)
- Procédures “Contact Tracing CGDIS” (Versioun Februar 2022)
Allgemeng Informatioun
Nach eemol ee grousse Merci fir äert Engagement an datt dir déi hei ernimmte Mesure respektéiert.