Opgrond vun der aktueller Hausse vun den Neiinfektiounen, och an de Reihen vum CGDIS, an de renzenter Verschärfung vun de Mesuren duerch d’Regierung, wäerten och am CGDIS verschidden Mesuren mussen adaptéiert ginn. De CGDIS ass bis elo dank dem verantwortungsvollen Ëmgang mateneen an dem Respekt vun de Mesuren duerch iech alleguerten gutt duerch d’Pandemie komm. Dofir ass et wichteg, datt mir eis wéiderhin schützen, fir eis eegen Gesondheet, awer och, datt mir wéiderhin eise Service fir d’Bevëlkerung ouni Aschränkung kënnen fortsetzen.
Dës Nott unifiée #21 ersetzt dowéinst alleguerten d’Notten vun virdrun an et ass just nach dës Nott ze beuechten, ausser do wou nach ee spezifëschen Verweis op eng aal Nott gemaach gëtt.
Covidcheck
Fir den Accès an all d’Gebaier vum CGDIS gëllt wéiderhin de COVID-Check wéi an der COVID Nott # 20 vum 2. November 2021 erklärt.
#yeswecare – #Impfewierkt
De CGDIS huet sech der Beweegung «#yeswecare / #Impfewierkt» vum Gesondheetssecteur ugeschloss, well och mir een onverzichtbaren Deel vun der Rettungsketten sinn an ënnert der Belaschtung duerch d’Pandemie leiden. Dofir rappeléieren mir d’Wichtegkeet vun der Éischtimpfung respektiv vum Booster fir d’Gesondheet vun eis all an am Respekt virun eise Patienten a Matmënschen.
D’Dokteren vun der DMS stinn wéiderhin vun Méindes bis Fréides (9h-12h / 13h-17h) ënnert der Telefonsnummer 49771-2493 zur Verfügung, fir eise Memberen bei Froen zur Impfung mat professionnellen Rood wéiderzehëllefen.
Zousätzlech Mesuren
Déi grondsätzlech Hygiènemoossnahmen sollen strikt beuecht ginn:
- Hänn regelméisseg wäschen/désinfizéieren
- Distanz halen zu anere Persounen
- An den Ielbou houschten/néitschen
- Keng Hand ginn, mä Begréissung op Distanz / mam Fouss / mat der Fauscht
- Regelméisseg lëften
- Etc.
Beim Bewegen an engem Gebai vum CGDIS muss ab elo erëm eng Mask gedroen ginn. Dëst ass net néideg wann een sëtzt.
- Eng Mask muss och gedroen ginn, wann een enke Kontakt mat enger anerer Persoun huet (also manner wéi 2m Distanz, ausser beim Iessen).
- D’Dëscher an der Kantine, Buvette, Openthaltsraum, etc. sollen op 4 Persounen pro Dësch begrenzt ginn.
- Bei Réuniounen mussen 2m Distanz agehalen ginn souwéi de Raum reegelméisseg gelëft ginn. Ass dëst net méiglech, muss ee Mask gedroen ginn.
- Räim a Büroen wou sech ëfters Persounen ophalen sollen reegelméisseg a gutt gelëft ginn.
- Et soll do wou et méiglech ass prioritär op Visiokonferenzen zeréckgegraff ginn amplaz vun Réuniounen a Präsenz.
Télétravail fir haaptberufflëch Matarbechter
Do wou et méiglech ass, soll erëm verstärkt op den Télétravail zeréckgegraff ginn. Eng spezifësch Nott mat de Reegelen zum Télétravail gëtt un d’Chefs de Département an d’Chefs de Zone geschéckt, fir dëst an hierer Entitéit kënnen ëmzesetzen.
Operationnelle Volet
D’Reegelen fir den opérationnelle Volet bléiwen bestoen wéi bis elo:
- Droen vum Mask fir d’Asazkräft an d’Patienten;
- keng Begleedpersoun am RTW außer Elteren vun Kanner ënner 18 Joer;
- speziell Hygiènemoossnahmen fir de First Responder;
- zousätzlech Schutzmesuren fir den Équipage um RTW.
Dir fannt déi entspriechend Dokumenter zum Noliesen och wéiderhin hei.
Maintien des acquis
De Maintien des acquis an de CIS a GIS kann wéiderhin wéi gewinnt stattfannen. Heibäi soll sech un déi uewen genannten Mesuren gehalen ginn.
Zousätzlech recommandéieren mir, de Maintien des acquis wann méiglech a méi klengen Gruppen stattfannen ze lossen respektiv Übungen dobaussen oder an groussen gelëftenen Räim (z.B. Garage) ze machen.
Formatioun am INFS
D’Formatiounen am INFS fannen wéiderhin ënnert den hei genannten Schutzmesuren souwéi reegelméissegem Duerchféieren vun Schnelltester statt.
Service de santé au travail des pompiers (Médico)
D’Ënnersichungen am STP fannen wéiderhin ënnert den hei genannten Schutzmesuren statt.
Jugendpompjeeën
Aktivéiten vun de Jugendpompjeeën däerfen wéiderhin stattfannen ënnert dem Respekt vun de Mesuren aus der spezifëscher Nott vum 12. November 2021 souwéi de neien Mesuren aus dëser Nott.
Schnelltester
Wéi an der Nott vum 26. November 2021 matgedeelt, soll als zousätzlech Sécherheet fir jiddereen regelméisseg op Schnelltester zeréckgegraff ginn.
Procédure am Fall vun engem Kontakt à Risque / positiven Fall / Symptomer
Am Fall vun engem Kontakt à Risque, positiven Fall oder Symptomer ass d’Procédure an der Annexe vun dëser Nott ze berücksichtegen.
Bei Onkloerheeten, Froen oder Problemer an dësem Zesummenhang kann den Officier Santé um CSU-112 24/7 iwwert d’Telefonsnummer 8002-3900 ereescht ginn.
Aktualiséiert Dokumenter
Folgend Dokumenter goufen op déi nei Mesuren aktualiséiert a sinn wéi gewinnt hei ze fannen:
- Hygiènemoossnamen am CIS / Info COVID;
- Procédure à appliquer par le pompier en cas COVID+.
Allgemeng Informatioun
Nach eemol ee grousse Merci fir äert Engagement an datt dir déi hei ernimmte Mesure respektéiert.
Aktualiséiert operationell Informatioune ronderëm de COVID-19 bléiwen a gebündelter Form hei ze fannen