Note Remise en service vum First Responder

Objet : Remise en service vum First Responder

Am Kader vum COVID-19 huet de Service First Responder temporär missten agestallt ginn. Dëst war bedéngt doduerch, datt duerch déi speziell Organisatioun vum Service FR, keng 100% Sécherheet virun enger Infektioun fir eis Pompjeeë wärend der Haaptverbreedungszäit vum COVID-19 konnt garantéiert ginn. D’Remise en service vum First Responder ass awer elo e wichtege Schrëtt, fir am Kader vum Dekonfinement och erëm am CGDIS lues a lues zeréck zur opérationneller Normalitéit ze kommen. 

Aus deem Grond gouf ee Konzept ausgeschafft, fir de First Responder erëm a séchere Bedingungen a Service ze huelen, an den Infektiounsrisiko fir d ‘Pompjeeën, awer och hier Famillen doheem, esou geréng wéi nëmmen méiglech ze halen. 

Dëst Konzept baséiert op 4 Schutzbarrièren : 

  1. Filter vun den Asätz um CSU 112
  2. Identifikatioun vun eventuell infektiéise Patienten op der Asazplaz
  3. Strikt Hygiènemoossnahmen a Schutzkleedung
  4. Désinfektiounsprozedur am Fall vun engem Kontakt mat engem infektiöse Patient

Filter vun den Asätz um CSU 112 

D’Offroprozedur um CSU 112 gouf spezifesch ugepasst, fir infektiéis Patienten, hei virun allem d’Offro an d’Detektioun vun COVID-19 Zeechen, wa méiglech scho bei Noutruff ze identifizéieren. 

Wann dës Identifikatioun scho beim Noutruff méiglech ass (Asätz mat #I2, #I3 oder #COVID), da gëtt de First Responder net mat alarméiert.  

Identifikatioun vun eventuell infektiéise Patienten op der Asazplaz 

Vu datt de First Responder par définition an deene meeschte Fäll den éischten op der Asazplaz ass, muss hien probéieren, een eventuell infektiöse Patient ze identifizéieren, ier en enke Kontakt mat ëm huet. 

Heifir soll de First Responder ier en no bei de Patient geet, als éischt – wann d ‘Situatioun et zouléisst – eng Befroung aus der Distanz vum Patient an eventuell senger Famill maachen: Symptomer déi op COVID-19 hindeiten, positiven Test, etc. 

An der Annexe 1 vun dëser Nott fannt Dir esou Froen als Hëllefstellung fir d’Identikatioun vun engem méiglech infektiéise Patient. 

Wann de Verdacht vun engem infektiéise Patient besteet, esou soll de First Responder, wann et sech net ëm eng potentiell liewensbedroolech Situatioun fir de Patient handelt, gréisstméiglech Distanz halen an déi aner noréckend Asazkräft (Ambulanz, SAMU, INCSA) duerch en Message d’ambiance SAP informéieren. De Patient gëtt da folgend vun der Ekipp vun der Ambulanz betreit.

Wann eng potentiell liewensbedroolech Situatioun fir de Patient besteet, esou informéiert de First Responder déi aner noréckend Asazkräft (Ambulanz, SAMU, INCSA) a féiert ënnert Berécksichtigung vun den ënne genannten Hygiènemoossnahmen déi néideg liewensrettend Gesten duerch an applizéiert dono déi ënne genannten Désinfektiounsprozedure. 

Strikt Hygiènemoossnamen a Schutzkleedung 

De First Responder muss d’Basis Hygiènemossnaamen (Hännwäschen, etc.) strikt applizéieren. 

Als zousätzleche Schutz komme folgend Moossnamen dobäi: 

  1. Et däerfe just 2 First Responder agesat ginn. De CIS organiséiert sech intern, datt bei enger Gruppenalerte vum FR net méi Pompjeeë kommen wéi néideg.
  2. All Patient kritt direkt eng chirurgesch Mask un.
    a. Bei enger Reanimatioun, wou een héijen Ustiechungsrisiko besteet, mécht de First Responder keng Beootmung mä just d’Defibrillatioun an d’Herzdrockmassage
  3. De First Responder däerf nëmmen an Asazkleedung op den Asaz fueren. Dës muss regelméisseg bei 60°gewäsch ginn.
  4. De First Responder deet fir all Asaz eng Schutztenue un, déi aus folgenden Deeler besteed aus:
    a. Eewee-Händschen
    b. Chirurgesche Mondschutz
    c. Schutzkittel
    d. Schutzbrëll
  5. De First Responder botzt säin agesate Material nach op der Asazplaz mat den Désinfektiounsdischer aus der Ambulanz.
  6. De Frist Responder deet seng Schutztenue nach op der Asazplaz ënnert der Uleedung vum Chef d’agrès vun der Ambulanz aus an entsuergt dës an der Poubelle vun der Ambulanz. D’Schutztenue gëtt op der Asazplaz vun der Ambulanz direkt ersat.
  7. De First Responder desinfizéiert nach op der Asazplaz seng Hänn mat dem Desinfektiounsmëttel aus der Ambulanz.

Duerch all dës Mesuren ass de First Responder ausräichend geschützt, datt hien no engem normalen Asaz erëm ouni Bedenken zeréck an de CIS oder heem fueren kann. D’Schutztenue déi de First Responder bei all Asaz undeet, schützt hien och virun engem Infektiounrisiko. 

Desinfektiounsprozedur am Fall vun engem Kontakt mat engem infektiéise Patient 

Fir de seelene Fall wou sech op der Asazplaz awer erausstellt, datt de Patient trotz alle Virsiichtmoossnahmen eréischt méi spéit als infektiéise Patient erkannt konnt ginn an de First Responder enke Kontakt mat ëm hat, an dëst virun allem fir ze verhënneren, datt de First Responder ongewollt eng eventuell Kontaminatioun mat a säin CIS oder souguer heem hellt, esou ass folgend Prozedur unzewennen: 

  1. De First Responder applizéiert all Hygiènemoossnaamen ewéi uewen opgezielt.
  2. Dono informéiert de First Responder de CSU 112.
  3. De CSU 112 schéckt de First Responder fir d’Désinfektioun an deen nächste CIS mat enger I3-Desinfektiounsstreck (Ettelbréck, Esch/Alzette oder Lëtzebuerg). Heifir fiert de First Responder mat engem Déngschtwon an de genannte CIS. Iwwert d’Setzer gi Schutzhousse gezunn.
  4. Am CIS mat enger Désinfektiounsstreck ukomm, befollegt de First Responder d’Uweisungen vum Desinfektor. Hei gi folgend Moossnamen duerchgefouert:
    a. Désinfektioun vun de Kontaktflächen am Déngschtauto an Entsuerge vun de Schutzhoussen.
    b. De First Responder hëllt eng Dusch (Duschsaache sinn op der Plaz).
    c. D’Asazkleedung vum First Responder gëtt vum Desinfektor gewäsch. Well de First Responder muss seng Kleeder wiesselen, soll hien eng Ersatztenue (z.B. Jogging) prett an enger Tut dobäi hunn. Hien kritt seng gewäschen Asazkleedung entweder direkt oder spéider duerch de logistesche Service vun der Zone zereckbruecht an sai CIS. Dest ass op der Plaz mam Desinfektor ofzeschwatzen. 
  5. Wann des Mesuren ofgeschloss sinn, kann de First Responder erem heem fueren.

Fir datt des Prozedur funktioneiert, muss bei all First Responder opmannst 1 vun deenen 2 First Responder een Dengschtwon (KDOW, DIW, MTW, etc.) benotzen. 

Sollt dest net meiglech sinn, well den eenzegen Dengschtwon vum CIS zum Beispill grad fir een aneren Zweck (z.B. Peloton-Dengscht) am Asaz ass, esou organiseiert de CIS sech intern, datt am Noutfall wann des Prozedur muss applizeiert ginn, een anere Pompjee aus dem CIS de First Responder kann op der Asazplaz mat engem Dengschtwon ofhuelen ( «Taxi-Prinzip») an ennert de Reegelen wei uewe beschriwwen an de CIS mat der Desinfektiounsstreck feieren. Dest kann natierlech och, op Demande beim CSU 112, zesumme mam Noppesch-CIS organiseiert ginn. Fir ze vermeiden, datt de Chauffer vum «Taxi-Dengschtwon» selwer muss mat an d'Desinfektiounsstreck fueren, kann de CIS sech natierlech och no Meiglechkeet esou organiseieren, datt de Chauffer den Dengschtwon just op d'Asazplaz brengt an dono selwer do erem ofgeholl gett. 

Des ganz Prozedure sinn och nach eemol a vereinfachter Form als Schema an der Annexe 2 vun deser Nott duergestallt a kennen am CIS als Aide-Memoire opgehaangen ginn. 

 

Dernière mise à jour