Un all Membere vum CGDIS,
Nodeems d’Unzuel u positive Fäll vu COVID-19 an de leschte Wochen och zu Lëtzebuerg erëm klammen, ass et eis wichteg, ee kuerze Rappell iwwert d’Schutztenuen an déi aner Schutzmoossname fir d’Personal vum CGDIS am Asazfall ze maachen. All d’Mesuren déi mir an de leschte Méint en Place gesat hunn, hunn hier Effikassitéit bewisen, dowéinst féiere mir elo och keng nei an, mee wëllen nach emol op d’Wichtegkeet agoen fir dës Moossnamen anzehalen.
Schutzmesuren
Wichteg ass a bleift dat strikt Anhale vun den allgemenge Schutzmesuren: wann ëmmer méiglech en Ofstand vun 2 Meter anhalen, chirurgesch Mask droen, Hännhygiène, reegelméisseg Lëften oder sech sou vill wéi méiglech am Fräien ophalen, Rassemblementer vu Leit vermeiden.
Bei Krankheetssymptomer vun enger Gripp oder COVID, soll d’Persoun doheem bleiwen a sengem CIS Chef/GIS Chef/Supérieur hiérarchique Bescheed soen an di respektiv Consignen uwenden (cf. Note 15 COVID vum 23.10.20).
Um Asaz gëlle weider d’Schutztenuë, esou wéi se an der aktualiséierter Versioun vum Visuell "Zusammenfassung Schutz während COVID-19 Phase" (version 30/10/2020) beschriwwe sinn.
First Responder Asätz
De First Responder gëtt wéiderhin net op Asätz alarméiert, wou beim Noutruff schonn en Verdacht op COVID konnt festgestallt ginn. Fir all déi aner Asätz ass et awer wichteg, datt de First Responder Service weiderhi ka séchergestallt ginn. Aus dësem Grond goufen d’FR-Equippe mat dem néidege Schutzmaterial ausgestatt, esou datt och hei eist Personal beschtméiglech geschützt ass.
Am Fall vun der Alarméierung vun engem First Responder sinn déi an der Nott vum 25. Juni 2020 (https://112.public.lu/fr/Coronavirus/notesfirstresponder.html) matgedeelte Schutzmesuren dofir strikt unzewenden
RTW Asätz
Fir RTW Besatzunge gëllt, dass si weiderhin zu 3 Pompjeeën an den Asaz goe kënnen. An dem Fall ass awer onbedéngt drop opzepassen, dass de Chauffeur net mam Patient a Kontakt kënnt. D’Chaufferskabinn soll «propper» bléiwen, de Chauffeur brauch deemno och keng spezifesch Schutztenue (ausser chirurgesch Mask a wann néideg Händschen), d’Fënster zum Patienteraum soll zou bleiwen. Bei enger Urgence vitale oder beim Droe vum Patient wou d’Hëllef vum 3te Pompjee onbedéngt néideg ass, muss dësen dann awer onbedéngt déi néideg hygienesch Mesuren anhalen.
Duerch dës Mesure muss de Chauffer, dee kee Kontakt mam Patient hat, dann och net duerch d’Desinfektioun #I3 an engem vun eise Centre de désinfection goen. Dëst bréngt eng Zäiterspuernis souwuel fir d’Equipe vum RTW wéi och fir d’Désinfektiounsstreck mat sech, esou datt den RTW erëm méi séier disponibel ass.
Mir erënneren och drun, dass et ganz wichteg ass beim éischte Kontakt vun all Patient direkt e Masque chirurgical unzedoen.
# COVID
Eng Opstufung vun engem #A1 Asaz op #COVID duerch d’Besatzung vum RTW ass jidderzäit méiglech wann de Patient COVID-Symptomer huet. An deem Fall ass natierlech déi entspriechend Schutztenue unzedoen an de CSU 112 ze informéieren. D’Desinfektioun geschitt no der Prozedur #COVID.
#I3
Eng Opstufung duerch d’Besatzung op #I3 nëmmen op Basis vu Symptomer ass net virgesinn. Eng Opstufung op #I3 dierf nëmmen da virgeholl ginn, wann de Patient confirméiert COVID+ ass. Am Fall wou esou eng Opstufung geschitt (zB. de Patient COVID+ ass, dat awer beim Appell um 112 net matgedeelt ginn ass) muss onbedéngt de CSU 112 informéiert ginn.
Eng Desinfektioun an engem Centre de désinfection gëtt och nëmme da gemaach, wann den Asaz en #I3 war.
Am Fall vun engem #I3-Asaz dierf keng FFP3 Mask mat Ausotemventil gedroe ginn, mee eng FFP2 Mask.
Remarque: Et ass wichteg ze wëssen, datt all #I3-Asaz ee groussen Afloss op d’Indisponibilitéit vun den Ekippen an den RTW’en huet, an eng opwänneg Prozedur hannendrun ofleeft. D’Erfarung aus de leschte Méint huet gewisen, dass déi normal Asaztenue mat Masque chirurgical, Händschen, Schutzkittel, Brëll an Handhygiène, eist Personal gutt virum Virus schützt. D’Procédure #I3 ass dofir fir Asätz virbehalen, wou eng confirméiert COVID-Infektioun vum Patient virläit.
Alain Di Genova
Directeur de garde