Sauvetageinstrukteren

D’Verwaltung vun den Hëllefsdengschter sicht nei Sauvetageinstrukteren.

Hues du Loscht dech ze engageieren, hues du Disziplin, gutt Nerven an bass du gewëllt, däin Wëssen un anerer weider ze gin?

Dann bass Du de Richtegen!

An enger flotter Ambiance bidden mir Dir vill Wëssen un:

  • Sauvetagetaktiken
  • Rettung aus Héischten an Déiften
  • Persounebefreiung aus Gefirer
  • Auslaafen vun chemeschen, biologeschen oder nuklearen Stoffer
  • Handhabung vum schwéieren Otemschutz
  • Notiounen vum Feierwiesen
  • An nach villes méi.

Fir matzemaachen muss Du:

  • De medezineschen Eegenungstest bestoen
  • Zwëschen 21 an 45 Joër al sin
  • En Eischt-Hëllef Cour gemaach hun
  • Den Sauvetage-Brevet hun
  • En Extrait aus dem Casier judiciaire firleeën

Umeldeschluss ass de 15. Juli 2008.

Wanns Du Dech ugesprach fills oder fir weider Informatiounen dann zeckt net an mell Dech um

Tel.: (+352) 49 77 11
Fax: 49 77 1 – 771
E-mail: info@112.public.lu

Dernière mise à jour