First Rescue Event zu Mamer

Am Kader vun der Porte Ouverte vum Centre de Secours Mamer an dem Service d´Incendie et de Sauvetage de la Commune de Mamer invitéiere mer iech op den „First Rescue Event“ de 5. Juli 2009 vun 10.00-18.00 Auer zu Mamer (route de Dippach).

De First Rescue Event ass e Concours de désincarcération wou national an international Equipen hier Sauvetagetechniken an den Emgang mat Patienten verglaichen. Et geet drem nei Usätz a nei Lait kennenzeléieren, a virun allem e flotten Dag mateneen ze verbréngen.

Den aktuellen Weltmeeschter (Hampshire, UK) an eng Partie aner erfahren auslännesch Equipen huelen och um Concours deel.

D´Détailer zum Concours, sou wie Bewertungs Formularen fannt der op eiser Homepage: www.trtmamer.lu

Dernière mise à jour